Search

You may also like

Alles nëmmen Covidioten? (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Alles nëmmen Covidioten? (Lieserbréif)

E leschte Samschdeg si gläich e puer grouss Demonstratiounen zu

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890
Neiegkeeten

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890

De Jean-Pierre Biermann, gebuer de 15. Dezember 1842 zu Klierf, gestuerwen den 3. Juli 1908 an der Stad Lëtzebuerg,

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch
Neiegkeeten

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch

Wéi loossen sech Kandheets- an Erwuessenenerënnerungen literaresch erfaassen? A wéi

E Wollef am Raum Nidderaanwen? Keng Panik!

E Wollef am Raum Nidderaanwen? Keng Panik!

Um Méindeg, de 27. Abrëll 2020 krut d’Naturverwaltung dräi doudeg Schof op enger Wiss am Raum Nidderaanwen gemellt. Si wieren an der Nuecht virdrun dësem Font vun engem Raubdéier gerass ginn. D’Déieren sinn direkt vun Experten ënnersicht ginn.

Op Basis vun de Wonnen an anere Spueren kann de Wollef als Schëllegen net ausgeschloss ginn – am Géigesaz zur Attack vu leschter Woch op Schof bei Angelduerf, wou eendeiteg Hënn zougeschnaapt hunn. Iwwerpréift gëtt dës éischt Feststellung mat enger genetescher Analys, woubäi un de Bësswonnen Prouwe geholl ginn. Duerch de Spaut kann d’DNA analyséiert an esou den tatsächleche Verursaacher zougeuerdent ginn.

D’Prouwe sinn un d’Senckenberg-Institut zu Gelnhausen (D), de Referenzlabo an dësem Beräich, geschéckt ginn. Mat éischte Resultater kann een awer eréischt a fréistens e puer Woche rechnen. Schonn 2017 an 2018 sinn fir eng éischte Kéier no iwwer 100 Joer nees Noweiser fir d’Presenz vum Wollef zu Lëtzebuerg fonnt ginn.

All méiglech Indicen op d’Presenz vu Wëllef sollen direkt der Naturverwaltung gemellt ginn (wolf@anf.etat.lu).

A wann en nees do ass?

De Wollef ass a ganz Europa streng geschützt. Lëtzebuerg huet sech an de leschte Joren op säi méigleche Retour virbereet, fir direkt den Ëmgang mat dëser Aart ze definéieren. Heivir ass, zesumme mat allen Acteuren aus der Landwirtschaft, der Wëssenschaft, dem Naturschutz, de Privatbëschbesëtzer an de Jeeër een Aktiouns- a Managementplang opgestallt ginn, deen 2017 der Ëffentlechkeet presentéiert konnt ginn.

Wëllef si prinzipiell schei Déieren, meiden de Kontakt zum Mënsch. Trotzdeem ass eng Renconter net onméiglech. An der Reegel zitt sech d’Déier awer zeréck, soubal en de Mënsch erbléckt, allerdéngs ginn et och hei ëmmer nees virwëtzeg Individuen, déi de komeschen Zweebeener als éischt bësse mustere wëllen.

An der Broschür „Wölfe in Luxemburg?“ fënnt een nieft villen Informatiounen iwwert de Wollef och Verhalensreegelen, déi een am Eeschtfall befolge sollt.

Den Aktiounsplang „Wolf“, wéi och d’Broschür kann ee gratis bei der Naturverwaltung bestellen (Tel.: 247-56 600), oder och an de Visiteurszentren Mirador zu Stengefort, A Wiewesch zu Manternach, Ellergronn zu Esch-Uelzecht, Biodiversum zu Remërschen a Buerfelt zu Ënsber fannen. Wëll dohi-goen jo aktuell net méiglech ass, rode mir zum direkten Download iwwert d’Internetsäit www.emwelt.lu.

Opmaacherbild: © Vincent Vignon

Related topics Aktiouns- a Managementplang Wollef, DNA-Test, Naturverwaltung, Nidderaanwen, Schof, Senckenberg-Institut, Verhalensreegelen, Wollef
Next post Previous post