Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz
Neiegkeeten

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz

No der Nordea Bank kënnt elo mat Clearstream de gréisste

Kiffe fir de Staatshaushalt
Neiegkeeten

Kiffe fir de Staatshaushalt

D‘Fransouse sinn ënnert den Europäer déi „gréissten“ Cannabiskonsumenten an och

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?
Neiegkeeten

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?

Duerch d’World Hypertension League ass säit geraumer Zäit de 17.

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!

Um 16. Dezember 2018 gouf et am Raum Käerch-Siweburen ee konkreten Hiweis op d’Presenz vun engem Wollef. Am Bësch konnt een op 400 Meter Längt am Schnéi Spure vun eppes groussem Honds-Aartegen fannen. Och eng Urin-Prouf konnt sécher gestallt ginn.

Wéi d’Senckenber-Institut zu Gelnhausen (D) elo matdeelt, huet déi genetesch Analys vun der Prouf kee Resultat bruecht, wëll ze wéineg Ierfmaterial virlouch. Sou gëtt de Fall als C3-onbestätegten Hiweis agestuuft, wat heescht, datt de Wollef weder bestätegt, nach ausgeschloss ka ginn.

Hei gëtt drun erënnert, datt Indicen op d’Presenz vum Wollef direkt der Naturverwaltung gemellt solle ginn (Email: wolf@anf.etat.lu).

Aktiounsplang „Wollef“ ausgeschafft a presentéiert

A ganz Europa ass dëst Déier streng geschützt. An de leschte Joren huet Lëtzebuerg sech op een eventuelle Retour vum Wollef virbereet, vir vun Ufank un den Ëmgang mat dëser Déierenaart ze definéieren. Dëst geschitt am Aktiouns- a Managementplang fir den Ëmgang mat Wëllef zu Lëtzebuerg, den zesumme mat allen Acteuren aus der Landwirtschaft, der Wëssenschaft, dem Naturschutz, de Proprietär vu Privatbësch an der Juegd ausgeschafft an Ufank 2017 der Ëffentlechkeet presentéiert ginn ass.

Eng Broschür mat Verhalensreegelen

An der Reegel meiden d’Wëllef de Kontakt zum Mënsch. Datt een dësem Déier also begéint, ass éischt seelen, awer net onméiglech. Normalerweis zitt sech de Wollef zeréck, soubal en ee Mënsch bemierkt. Trotzdeem kann och hie virwëtzeg sinn an de Mënsch fir aller éischt musteren.

An der Broschür „Wölfe in Luxemburg?“ fënnt een nieft villen Informatiounen iwwert de Wollef och Verhalensreegelen, déi een am Fall vun enger Begéinung anhale sollt. Den Aktiounsplang „Wollef“, sou wéi d’Broschür ass gratis bei der Naturverwaltung ënnert der Nummer 40 22 01-1 ze kréien, sou wéi och am Mirador zu Stengefort, A Wiewesch zu Manternach, am Ellergronn zu Esch-Uelzecht, am Biodiversum zu Rëmerschen am Burfelt zu Ënsber. Donieft kann een d’Infoen och um Site www.emwelt.lu fannen.

Ähnlech Sujeten genetesch Analys, Naturverwaltung, Presenz, Senckberger-Institut, Verhalensreegelen, Wollef
Nächsten Artikel Virrechten Artikel