Search

You may also like

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht
Neiegkeeten

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht

14 Deeg laang huet d‘Rettungsschëff vun der däitscher Organisatioun Sea-Watch

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!
Neiegkeeten

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!

Enn leschter Woch huet déi englesch Police vu Plymouth ee

Buergbrennen: Esou gëtt de Wanter verdriwwen!
Neiegkeeten

Buergbrennen: Esou gëtt de Wanter verdriwwen!

E Sonndeg gëtt nees Feier geluecht. Mee keng Angscht, um

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner

Zesumme fir eisen Handel a Solidaritéit mat de Weeltzer Veräiner – Eng Gemeng bitt Ënnerstëtzung

Wolz: Solidaritéitsaktioun fir de lokale Handel a Veräiner

Veräiner, Handel an Horesca Betriber leide staark ënnert de Moossnamen, déi zur Ausbreedung vum Coronavirus vun der Regierung beschloss goufen. D’Ofso vu kulturellen a sportlechen Evenementer, sou wéi d’Schléissung vu Geschäfter schloe sech negativ an de Bilanzen néier.

Fir déi Betraffen an dëser schwéierer Zäit ze ënnerstëtzen, ass eng eenzegaarteg Solidaritéitsaktioun op Initiativ vum Wolzer Schäfferof ausgeschafft ginn, dëst an enger Ofstëmmung mat de Membere vum Gemengerot, dem lokale Geschäftsverband (UCAW) an der kommunaler Veräins- a Subsidekommissioun. D’Aktioun gouf am Virfeld prinzipiell vun alle Fraktioune gutt geheescht a wäert um Freideg, den 8. Mee offiziell an der Gemengerotssëtzung gestëmmt ginn.

Solidaritéitsaktioun

Finanziell Ënnerstëtzung fir den Handel an Akafsbonge fir d’Veräiner

Mat der Aktioun Zesumme fir eisen Handel a Solidaritéit mat de Weeltzer Veräiner wäert d’Gemeng Wolz Akafsbongen am Wäert vun 1.000 € pro lokal Entreprise aus dem Handel oder gastronomesche Betrib kafen. Et geet een dovunner aus, datt sech ongeféier 120 lokal Betriber un dëser Aktioun bedeelege kënnen, wat engem Gesamtbudget vun 120.000 € entsprieche géif.

Duerch den Hieweleffekt, deen dës Akafsbonge bewierke wäerten, erhoffe sech d’Initiatoren, datt insgesamt wäit méi wéi den uewe genannte Betrag de Betriber ze Gutts komme wäert.

Déi kafte Bonge ginn uschléissend vun der Gemeng un déi lokal Veräiner verdeelt, déi am Zesummenhang mat der Coronakris finanziell Aboussen ze bekloen hunn. Een entspriechende Verdeelerschlëssel wäert gemeinsam mat der kommunaler Veräinskommissioun ausgeschafft. D’Bonge kënne vun de Veräiner uschléissend entweder direkt fir eegen Zwecker genotzt oder beispillsweis als Gewënn bei enger Tombola genotzt ginn, fir esou zousätzleche Gewënn ze generéieren.

Bewerbungsphas start den 11. Mee

Ab dem 11. Mee kënne sech betraffen Handels- a Gastronomiebetriber, sou wéi Veräiner aus Wolz bei der Gemeng a bei der Union Commerciale fir dës Solidaritéitsaktioun bewerben. De Betriber ginn d’Akafsbonge bis spéitstens Enn Juni 2020 vun der Gemeng ofkaaft, uschléissend gëtt een dës Bongen un d’Veräiner weider.

Déi Responsabel vun der Gemeng Wolz hoffen, datt d’Aktioun Zesumme fir eisen Handel a Solidaritéit mat den Weeltzer Veräiner de betraffenen Acteuren op mannst zum Deel iwwert déi schwéier Zäit ewech hëlleft. Un d’Awunner vun der Gemeng geet mat dëser Aktioun och nees den Opruff, déi lokal Handels- an Horescabetriber aus der Gemeng ze ënnerstëtzen an dozou bäizedroen, datt d’Geschäftswelt zu Wolz weiderliewe kann.

Matgedeelt vun der Gemeng Wolz

Opmaacherbild: © J W / Unsplash

Related topics Akafsbongen, Coronakris, Ënnerstëtzung, Gemeng Wolz, Pandemie, Solidaritéitsaktioun, Wirtschaft, Zesumme fir eisen Handel a Solidaritéit mat de Weeltzer Veräiner
Next post Previous post