Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)
Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 6)

Fir d’Period vum Deconfinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken
Neiegkeeten

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken

Well net nëmmen an der Stad Leit gëtt, déi et

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet
Neiegkeeten

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

Um Tennisterrain zu Sennengerbierg ass et schonn déi 8. Editioun

#Wonschwuert: Schéckt Är Liblingswierder eran!

#Wonschwuert: Schéckt Är Liblingswierder eran!

Wéi eent ass Äert léifste Wuert op Lëtzebuergesch? Twittert oder mailt déi Wierder, deenen Dir méi Opmierksamkeet wënscht.

Appersmann, Uz, Wibbeldewapp – Buuschtebënner, Gladder, Zodi: Kennt Dir dat, wa Wierder Iech frou maachen, déi Der scho laang net méi héieren hutt? Inspiréiert vun esou Aktiounen, déi vill Succès an de soziale Medien hunn, start den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch dʼAktioun #Wonschwuert.

Afen an apsen, héissen an hemsen, scharjeekelen a schillepsen, verdillegen a verkasematuckelen grad ewéi gedam, huerteg, kleesper a ronscheleg an och nach eenzock, kees, ounst a racksdeg:

Wënscht Dir Iech, datt Är Liblingswierder nees méi Opmierksamkeet kréien? Da schéckt eis se – ganz onofhängeg vun der Wuertaart – op lod@lod.lu oder taggt se op Twitter mat #Wonschwuert.

Vun absënns bis zanzen, vu jauwen bis Päerderchersspill, vu Spitzkniwweli bis verjuppen: Am Zenter sammele mir all Är Proposen, iwwerpréiwe se a publizéiere se an enger Lëscht.

Mir freeën eis op Ären Input! #Wonschwuert

Méi dozou fannt Dir an den News vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)

Matgedeelt vum ZLS – Ekipp LOD

Ähnlech Sujeten #Wonschwuert, Aktioun, Lëtzebuerger Sprooch, Lëtzebuergesch, LOD, Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, ZLS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel