Dem Premier seng Ried iwwert d’Lag vun der Natioun war e Verrot un de Jonken!
E Wuesstemsmodell, deen u seng Grenze stéisst, Logementspräisser, déi d’Grenz
E Wuesstemsmodell, deen u seng Grenze stéisst, Logementspräisser, déi d’Grenz
Et ass de Kulturmagazinn mat historeschen a kulturelle Beiträg zur
Esou séier kann et goen. Am Sudan huet d‘Arméi duerchgegraff
No „Aacht Deeg an der Woch“ a „Perl oder Pica“ elo den drëtte Band Wootleche Krich vum Jhemp Hoscheit.
Wootleche Krich spillt 1965 – tëscht Aacht Deeg an der Woch a Perl oder Pica –, an der Zäit vum Kale Krich. Mësstraue schléit engem op all Eck an d’Gesiicht, Gerüchter ginn ëm, Ufeindunge ginn ëmmer méi heefeg. An dotëscht steet dem Nick seng Clique, déi probéiert d’Wourecht erauszefannen. D’Wourecht iwwert ee vermeintleche Kommunist, iwwert een, deen onschëlleg Leit verflucht, iwwer dat, wat d’Gesellschaft anscheinend bedreet.
Et ass eng Sich no Äntwerten, no Identitéit, no dem grousse Sënn hannert allem. De Roman verbënnt Theme wéi Kultur, Relioun, Sozialpolitik an Ideologien a verwurrelt se bis zur Onkenntlechkeet, fir se herno nees eenzel a kloer un d’Liicht ze bréngen.
„D’Leit wëlle jo Geschichten. D’Leit brauche Geschichten. Da sollen se hir Geschichte kréien. Wat wär dann e Liewen ouni? D’Liewen ass eng besonnesch Geschicht, eng aus méi klenge Geschichten. Et ass déi eenzeg Geschicht, bei där een ni weess, wéi se weidergeet, awer bei där ee vun Ufank u weess, datt s’eng Kéier eriwwer ass. An dofir ass d’Liewen nëmme mat Geschichten z’erdroen, déi sech wéi Fortsetzungen unhéieren. An dann … An dann …“
De Jhemp Hoscheit verbënnt eegen Erfahrunge mat fiktionalen Elementer a schaaft esou eng Atmosphär, déi Sengesgläiche sicht. D’Mentalitéit aus de siechzeger Joren ass wéi eng Momentopnam agefaangen a weist, wéi d’Liewen an der Minettsregioun deemools war.
Wootleche Krich beinhalt verschidden Erzielsträng, déi aneneen iwwerginn, sech matenee verbannen an zum Schluss lues a lues entschlësselt ginn.
© Editions Guy Binsfeld
De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, ass Papp vun zwee Kanner an huet bis haut iwwer fënnefanzwanzeg Bicher publizéiert. Dorënner eng Romantrilogie, déi aus Aacht Deeg an der Woch (2006), Wootleche Krich (2018) a Perl oder Pica (Éditions Schortgen, 1998) besteet an déi elo, mat dëser neier Publikatioun, ofgeschloss ass.
Den éischte Band dovu gouf 2006 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent a fir deen
drëtte krut den Auteur 1999 de Servais-Präis. Och 2018 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskomm, ass De Schmunzel, dem Jhemp Hoscheit säin zwieleft Kannerbuch. Anerer sinn: L’imagination, Zodi am Schatofor, Wat wibbelt do am Schaf, Monsteren am Gaart, Lauschterbichelchen, Den Eppes …
Foto: Buchcover Jhemp Hoscheid – WOOTLECHE KRICH – Roman – 424 Säiten – 134 x 210 mm – Gebonne mat Ëmschlag – ISBN 978-99959-42-46-5 – Präis: 24 €