Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Shutdown: Kee Fortschrëtt a Siicht
Kultur Neiegkeeten

Shutdown: Kee Fortschrëtt a Siicht

Si haten sech op e „Sommet“ gëeenegt ouni allzevill Erwaardungen

money
Loscht op ee Bléck hannert d‘Kulisse vun den Entreprisen?
Kultur Neiegkeeten

Loscht op ee Bléck hannert d‘Kulisse vun den Entreprisen?

Et ass schonn déi 14. Editioun vun „Dat ka Lëtzebuerg“

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin
Kultur Neiegkeeten

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin

Den Tourismusminister Lex Delles huet e Mëttwoch bei der Erëffnung

Word in Progress: Virliesung an der Kulturfabrik

Een Owend mam Romain Butti, Maryse Krier an dem Auteursduo Anja Nancy Di Bartolomeo a Charel Meder

Word in Progress: Virliesung an der Kulturfabrik

D’Escher Kulturfabrik invitéiert en Dënschdeg, de 14. Januar op säi Word in Progress, zesumme mat den Auteure Romain Butti, Maryse Krier, Anja Nancy Di Bartolomeo a Charel Meder.

D’Konzept vu Word in Progress kënnt aus Paräis a versprécht frësche Wand an d’Zeen vun der Liesbühn ze bréngen. Een Auteur, egal op verëffentlecht oder net, liest wärend 10 Minutten dem Publikum aus sengem Wierk vir, Uschléissend gëtt zesummen Textkritik ausgeüübt an den Auteur stellt sech de Froe vum Publikum.

Fir de Schreiwenden ass dëst Evenement den Testballon, fir déi eventuell Lieserschaft méiglecherweis d’Bestätegung, datt ee gudden Text net ëmmer am Elfebeentuerm zeideg gëtt, mee et ëmmer ee kriteschen, onbedeelegte Bléck braucht. Rendez-Vous ass dofir um 20:00 Auer am Ratelach!

Word in Progress

(v.l.n.r.) Romain Butti, Maryse Krier an dem Auteursduo Anja Nancy Di Bartolomeo a Charel Meder

Zu den Auteuren

De Romain Butti ass 1989 zu Lëtzebuerg gebuer ginn, huet Däitsch Sprooch- a Literaturwëssenschaften, sou wéi English and American Studies un der Albert-Ludwigs-Universitéit zu Freiburg studéiert, ier et fir eng Rei Joren op Berlin gaangen ass, fir als Social Media Manager ze schaffen.

A sengen Texter befaasst sech de Romain Butti besonnesch mat der Isolatioun, dem Ënnerwee-Sinn, der Entfriemung an der Sich no Zougehéieregkeet tëscht der gewalteger Natur an der Anonymitéit vun der Groussstad. Fir säin Theaterstéck Fir wann ech net méi kann ass hien 2018 beim Concours Littéraire National mam 1. Präis ausgezeechent ginn. 2019 ass dunn seng Novelle Ein Jahr in Berlin (Kremart) verëffentlecht ginn.


D’Maryse Krier, 1953 zu Lëtzebuerg gebuer, ass zu Diddeleng opgewuess. Si huet Germanistik an Anglistik un der Universität des Saarlandes studéiert, war uschléissend fir iwwer 30 Joer Prof am Lycée. Hir schrëftstelleresch Karriär huet eréischt 1990 mat der Verëffentlechung vu Gedichter a Kuerzgeschichten an der Literaturzeitung Galerie ugefaangen.

Am Dezember 2000 huet d’Maryse Krier den 1. Präis am Literaturconcours Libertés fir een Auszuch aus der Erzielung Herschlag kritt. Insgesamt huet d’Auteurin 10 Bicher erausbruecht.


D’Anja Nancy Di Bartolomeo, gebuer 1978, gouf 2017 mat hiren Erzielunge Chamäleons mam éischte Präis vum nationale Literaturconcours ausgezeechent. 2019 krut si den drëttePräis mat hirem Roman Wundholz. Nodeem hir lëtzebuergesch Erzielung De Mischi mussfort 2018 an der Philharmonie presentéiert gouf, schreift si elo un zwee weiderelëtzebuergeschen Texter-een dovun zesumme mam Charel Meder. Wourëm et geet? Surprise!

Ähnlech Sujeten Anja Nancy Di Bartolomeo, Auteur, Charel Meder, Kritik, Kulturfabrik, Lëtzebuerger Literatur, Maryse Krier, Romain Butti, Word In Progress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel