Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat soziaalt Europa kënnt virun
dating website numbers

Dat soziaalt Europa kënnt virun

Den 19. Februar ass et zu engem Accord tëscht dem

scripture about dating a non christian
dating website numbers

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen

Si sinn zu hirer 20, dorënner Frankräich, déi sech e

Steierreform 2.0
dating website numbers

Steierreform 2.0

Se stieche matten an de Koalitiounsgespréicher, an d‘CGFP fuerdert vun

Eist Familljeliewen däerf der Digitaliséierung net zum Affer falen

E Kommentar

Eist Familljeliewen däerf der Digitaliséierung net zum Affer falen

Et si gutt Noriichten, wann de reforméierte Congé Parental bei de Pappen ëmmer méi beléift gëtt. Dat schreiwen ech net nëmmen, well eng Gläichberechtegung bei der Erzéiung vun de Kanner eng Noutwennegkeet duerstellt. Mee well et och e kloert Signal a Punkto Work-Life-Balance schéckt. An Zäite, wou andauernd op de wirtschaftleche Wuesstem an op Kompetitivitéit gepocht gëtt, vernoléissegt een dëst ganz oft.

Wat d’Eltere méi Zäit fir hir Kanner hunn, wat et der sozialer Kohäsioun méi déngt

All déi Infrastrukturen, déi mer opgebaut hunn, vir et Elteren ze erliichteren, weider schaffen ze goen, si keen Allheelmëttel. Tatsächlech brauchen Elteren a Kanner ëmmer nach Zäit fir eng Bezéiung opzebauen. Dat geet net vun haut op muer.

Gutt ass op alle Fall, datt och d’Pappen elo méi profitéieren. D’Rollebild vum moderne Papp ass bei wäitem net esou etabléiert, wéi et misst sinn, an och si brauchen Zäit, fir sech do eran ze fannen. D’Famill méi an de Mëttelpunkt ze stellen an se ze festegen, wann den Nowuess bis do ass – och dat suergt fir méi sozial Kohäsioun!

Et ass an engems eng exzellent Geleeënheet, eis aktuell Work-Life-Balance a Fro ze stellen. Dir musst verstoen, d’Journaliste maachen dat gären, well se mengen, si hätte kee Liewen nieft dem Job. Eng Grëtz Wourecht stécht hannert der Vermuddung, mee d’Feststellung trëfft net nëmme bei dësem Beruffsgrupp zou.

D’Digitaliséierung huet eis alleguerte méi accessibel gemaach. Fir Kommunikatioun, Ënnerhalung, eis Familljen an och eis Aarbecht. Wat den Job méi digitaliséiert ass, wat e manner un eng physesch Plaz gebonnen ass. Dat huet net nëmme Virdeeler.

D’Digitaliséierung gëtt gären an den Himmel gelueft. Dobäi huet dës ganz real Nodeeler wann et ëm eis Work-Life-Balance geet!

Paradisesch Virstellunge kommen do schnell op! Wann ech iwwerall zu all Zäit schaffe kann, da si mer flexibel! A “flexibel”, dat héiere mer gären – dat ass bal esou gutt wéi kompetitiv! Do maachen da Fuerderungen nom Home Office, fir eis Infrastrukturen ze schounen, direkt vill méi Sënn. Da schoune mer a si an engems flexibel – zwou Mécken, eng Baatsch!

Problemer tauche spéitstens deen Ament op, wann den Employeur dat exploitéiert. An jo, hei ginn ech effektiv vum Schlëmmsten aus: Wie vun doheem aus schaffe kann, dee kann dann och grad esou gutt d’Zäit, déi e soss an den Transport géing stiechen an Iwwerstonnen verwandelen. A wa mer schonn dobäi sinn: et kéint een dach och schonn am Zuch, Tram oder Bus schaffen! Niewent den 8 Stonnen um Büro, versteet sech.

Ech iwwerdreiwen hei. Ganz bewosst. Ech ënnerstelle kengem Patron, datt en dat vu senge Mataarbechter verlaangt. Mee ech ënnerstellen, datt d’Iddi ëmsou méi verlackend ginn, esou laang mer nëmme positiv iwwert d’Digitaliséierung schwätzen. Well si mer eis eens: Wann alles matenee verbonne ka ginn, gëtt et ëmmer mi schwéier, d’Saache vun eneen ze trennen.

An deem Sënn: notzt d’Zäit, déi der mat ärer Famill an dem Nowuess verbrénge kënnt.

 

Ähnlech Sujeten Congé Parental, Digitaliséierung, Educatioun, Elteren, Erzéiung, Kanner, Work-Life-Balance
Nächsten Artikel Virrechten Artikel