Search

You may also like

Polen: Vullegripp a Schwéngspescht
International Neiegkeeten

Polen: Vullegripp a Schwéngspescht

Nodeems an Ugangs der Woch an dräi Betriber déi Schnuddelhénger

D‘Kasematte vum Bock mat historeschem Besicher-Rekord
International Neiegkeeten

D‘Kasematte vum Bock mat historeschem Besicher-Rekord

Zanter der Erëffnung fir de Public 1933, kënnen d‘Kasematte vum

E puer Andréck vum Salon du CAL 2020
International Neiegkeeten

E puer Andréck vum Salon du CAL 2020

Nach bis den 22. November 2020 ginn am Tramsschapp um

Wou ass de Brexit drun?

Wou ass de Brexit drun?

Vu lauter Covid19-Gedeessems, engem sat(elitären) Skandal an der Ongewëssheet op et 2020 nach ee Chrëschtdag gëtt, vergësst ee séier datt et do och nach aner Krisen huet. Jo et betrëfft Bréissel an et huet mat vill Geld ze dinn, nee et geet net ëm d‘Vetorecht vu Polen an Ungarn. Um Freideg ass eng weider Deadline verstrach, fir am Brexit nach zu engem „Deal“ ze kommen.

Zanter dem 1. Februar sinn d‘Britten net méi Deel vun Europäescher Unioun. Fir d‘Scheedung elo gemälleg duerchzezéien, war eng Iwwergangsphas bis Enn Dezember vereenbaart ginn. En Delai deen déi brittesch Regierung am Kontext vun der Covid19-Pandemie hätt verlängere kënnen, mee de Boris Johnson wollt dat net. En Accord géif et u sech ginn, mee London wëll elo awer net méi.

Dobäi sollt engem kloer sinn, datt esouguer mat engem Handelsofkommes, eng ganz Réi Problemer a déifgräifend Verännerungen, op dat wirtschaftlecht Liewe wéi och de grenziwwerschreidende Persouneverkéier, zoukomme géifen. Ouni en Ofkommes, also am Fall vun engem „No Deal!“ gëtt et dann awer richteg komplizéiert. An dat manner fir d‘Unioun, wéi fir d‘Insulaner.

Elo sinn sech d‘Verhandlungspartner nach ëmmer net eens a wéi gesot, gëschter war ee wichtegen Termäin. Och dësen hunn d‘Britte versträiche gelooss an et ass net dovunner auszegoen, datt et sech nach zäitlech kann opgoen, en Accord ze ficeléieren, an deem all d‘Beräicher ëmfänglech behandelt kéinte ginn. Ouni Deal ass Groussbritannien en Drëttland, a muss fiskalesch esou behandelt ginn.

Gedëlleg Grenzen

Woubäi en Accord sécherlech – wéi schonn ugedeit – och net all programméiert Contrainte léise kann. Et ass fir d‘Logistiker egal, well egal wéi mussen d‘Camionen ab dem 1. Januar 2021 all d‘Gidder am Im- an Export deklaréieren. E Bürokrateschen Opwand, dee bis zu 400 Milliounen Deklaratiounen/Joer mat sech bréngt. En Opwand mat engem Präisschëld: 14,5 Milliarden Euro!

Eng Zomm déi sech op ee reiwungslosen Oflaf bezitt. An do kënnt schonn den nächste Problem op eis duer. Déi brittesch Préifstell NAO (National Audit Office) hutt jiddefalls wësse gelooss, datt de britteschen IT-System guer net an der Lag ass, déi Flut u Verzollungen ze verschaffen. Et dierft zu Waardenzäiten un de Grenze kommen, vum Réckstau op den Hafenzoufaarten net ze schwätzen.

An datt ass net alles: ouni Handelsofkommes, wäerte béid Säiten nieft den Deklaratioune mussen op Douanestaxen zeréckgräifen. A well et keen Accord gëtt, gëllen dann d‘Reegele vun der WTO an do maachen d‘Britte laang Gesiichter. E Beispill: D‘Douanestaxen op Mëllechproduite bedroe 37,5%, fir Kleedung a sonsteg Textilien sinn et 11,5% an op d‘Gefierer gëtt et en Opschlag vun 10%.

Déi wirtschaftlech Belaaschtung – fir béid Säiten – gëtt op ronn 100 Milliarden Euro geschätzt. Wat dat fir den Aarbechtsmaart bedeit sollt engem aliichten. Zudeem ass gewosst, datt an de brittesche strukturschwaache Regiounen, d‘Automobilindustrie oft déi ekonomesch Grondlag duerstellt. An et ass och am Fall vun engem Ofkommes net geséchert, datt et net zur „Taxéierung“ komme géif.

Rechtsfräie Raum

Ouni en Ofkommes gëtt et och am Beräich „Recht & Uerdnung“ eppes méi komplizéiert. D‘Britten hunn dann nämlech keen Zougrëff méi op d‘Datebanke vum Schengener Informatiounssystem SIS II. An dëse Fichiere sinn d‘Donnéeë vu gesichte Kriminellen, vermësste Persounen an/oder den illegale Migrante gespäichert. 2019 hunn d‘Britte 572 Millioune mol op d‘Datebank zougegraff.

An net nëmmen den Zougrëff op dës Daten (et schéngt jo en erhéichten Interessi ze ginn) ass dann ausgeschloss, och d‘Zesummenaarbecht mat Europol hält zum 1. Januar 2021 op. Jo net emol den EU-Haftbefehl kéint dann op der Insel duerchgesat ginn. Fir Verbriecher eng „Win-Win-Win“ Situatioun, a fir Terroriste ganz besonnesch. Eng Aart „Noutprogramm“ wäert sech opdrängen.

Nach ee Punkt, dee zu krasse Verwerfunge féiere wäert, betrëfft d‘Loftfaart. Bleift alles beim aktuelle Stand, misst de Fluchverkéier tëscht der Unioun an der Insel gänzlech agestallt ginn. Ouni Accord verléieren d‘Fluchgesellschaften hir Start- a Landeerlaabnes. Dat wier, zesummegeholl mat de laangwierege Grenzkontrolle fir de Stroosseverkéier, ee wirtschaftlechen Armageddon.

Hei wäerten Noutfallpläng mussen aktivéiert ginn, de Fall gesat et gouf sech op dës Eventualitéit virbereet. Wichteg fir eis Finanzplaz: fir de „Clearing“ beim Handel mat Derivater gëtt et dësen Noutprogramm, bei anere Produkter anscheinend nach net. Lëtzebuerg ass awer op ee gudden Echange mat der Finanzplaz London ugewisen. Dat ass och nach ëmmer eng grouss Prioritéit.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Samuel Regan-Assante / unsplash

Related topics Brexit, Douanestaxen, Drëttland, Handelsofkommes, No Deal, WTO-Reegelen
Next post Previous post