Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
CPTPP: Kanada huet dëst transpazifescht Partenariat ratifizéiert
Neiegkeeten

https://moien.lu/gay-dating-after-30/

Gëschter huet Kanada d‘Fräihandelsofkommes „Comprehensive and Progressive Agreement for Trans-Pacific

https://moien.lu/dating-mtn/
Neiegkeeten

Doudeger bei schwéieren Onwieder an den USA

Tornadoen a Onwieder hu vill Gebaier zerstéiert, deels ass et

What the Fakt – den Alexander von Humboldt an d’Nordliichter
Neiegkeeten

What the Fakt – den Alexander von Humboldt an d’Nordliichter

Aurora Borealis – esou ginn déi wonnerschéi faarweg Liichter um

Wou ass de Goss?

Hien hat als „Chômage-Agent“ bei der ADEM an d‘Kees gegraff an huet sech elo misse viru Geriicht mat senge Copaine veräntwerten...

Wou ass de Goss?

Am Abrëll 2019 war d‘Affär opgeflunn: de Patrick A (46) huet op der Escher Agence vun der ADEM als „Chômage-Agent“ geschafft, an hei tëscht Februar an Abrëll 95.000 Euro „ëmgeleet“. Faiten déi de Beschëllegte viru Geriicht agestanen huet. Mat him waren nach zwee „Brigangen“ virum Riichter virstelleg.

Interessant an dësem Fall ass de Fait datt de Beschëllegte kee Beamte vun der ADEM ass, mee zanter 2013 „ausgeléint“ war. Säi Job – wéi dee vu weideren 30 Agenten – huet doranner bestanen, d‘Chômagesdemanden ze kontrolléieren an ze geréieren. War den Dossier komplett, konnt hien dëse fräischalten an d‘Comptabilitéit hat esou gréng Luucht, fir d‘Indemnitéiten auszebezuelen.

D‘ADEM mécht zweemol de Mount eng 8.000 Virementen, ouni datt hei nach emol géif gekuckt ginn ob och alles seng Richtegkeet huet. E System deem dem Patrick A. Geleeë komm ass, konnt hien dach esou eng Rei „al Dossieren“ aktivéieren. Zudeem hunn dës Dossieren de Risk kleng gehalen, datt et engem Demandeur géif opfalen. An d‘Manipulatioun war och nach zimlech einfach.

Esou huet de gudde Mann iwwer 50 Virementen zu senge Gonschte méiglech gemaach, andeems hien d‘Bankkonte vun de supposéierte Beneficiaire, duerch seng Donnéeën ersat huet. Eigentlech hätt dat Spill nach eng Éiwegkeet esou kënne weiderlafen, mee dëse „geléinte“ Mataarbechter war net der Hellster een, firwat him zu gudder Lescht dann alles ëm d‘Ouere geflunn ass.

Dat huet domadder ze dinn, datt Mëtt Abrëll Geld un d‘ADEM zréck iwwerwise ginn ass, an op emol onbeäntwert Froen am Raum gestane sinn. Patrick A. huet sech d‘Suen op eng sougenannte „Prepaid“ Kreditkaart iwwerweise gelooss, an déi ka maximal mat 2.500 Euro beluecht sinn. No eppes „sichen“ war der ADEM séier kloer, datt do nach aner Leit vum Geldseege profitéiert hunn.

Et muss een och spendabel sinn

Bei den zwee illegitimme Beneficiaire handelt et sech ëm de Davide M. (51) an den Eldin A. (44), a béid Männer mussen sech elo wéinst „Wäisswäschen“ veräntwerten. Um Kont vum Davide waren esou eng 18.000 Euro gelant, an dee war zur genannter Zäit am Chômage, wat hie motivéiert, dem Riichter ze erklären, datt hien näischt „Illegales“ erkannt hätt, vu datt d‘Geld vun der ADEM koum.

Domm awer, datt hien en Deel vum Geld un de Patrick A. Zréck iwwerwisen huet… Ähnlech ass et beim Eldin A. dee 14.000 Euro vun der ADEM iwwerwise kritt huet an och kontestéiert vum Goss profitéiert ze hunn. Elo kennen sech de Patrick an den Eldin awer schonn eppes méi laang, an seng Erklärung datt hie vun engem „administrative Feeler“ ausgaangen ass, war net iwwerzeegend.

Esou wollt de Riichter wëssen op hie wierklech dovunner ausgeet, datt eng Administratioun aacht mol deeselwechte géif maachen. Eng reng rhetoresch Fro… D‘Geriicht huet och versicht den Duerchbléck bei der Transaktioun vun engem Gefier ze kréien, dat a verschiddene Virementen tëscht den Ugekloten opgetaucht war. Mee et huet ee jo eppes missen op de Virement schreiwen…

Zu senger „Verdeedegung“ huet de fréiere „Chômage-Agent“ dem Geriicht erkläert, datt hien dëse „System“ un d‘Lafe bruecht huet, nodeems den Eldin A. Drock op hien ausgeüübt hat, wat dësen natierlech dementéiert. Hei steet et „Wuert géint Wuert“ a wa gewosst ass, datt den haapt Ugeklote iwwer 54.000 Euro agesäckelt huet, kann deen ernimmten Drock net allze grouss gewiescht sinn.

D‘Geld ass futsch

Géintiwwer dem Geriicht huet de Patrick A. insistéiert, datt hien dat net gemaach hätt fir sech ze beräicheren an dat ganzt souwisou dem Fait geschëlt wier, datt hien deemools eng „schlecht Phas“ duerchgemaach huet. Seng Scheedung hätt him d‘Liewen zur Hell gemaach an Finanziell hätt dat och esou seng Konsequenze gehat. Mat Konsequenze kennt hie sech also schon aus…

De Goss ass jiddefalls futsch an et ass en deiert Léiergeld dat si op der ADEM hu misse bezuelen. De Representant vun der ADEM (e Chef de Service) huet wësse gelooss, datt esou eng Dot elo net méi méiglech wier. Et géif elo ee Warnsystem, deen sech automatesch zu Wuert mellt, wann zwee bis dräi Virementen op dee selwechte Kont iwwerwise ginn. Da géifen d‘Transaktioune gepréift.

Natierlech huet d‘ADEM d‘Flicht alles ze maache fir d‘Suen zréckzekréien, firwat jo si och Zivilpartei ass. Si hätt eigentlech hir „Demande“ un all d‘Parteie missen iwwerreechen, mee de Vertrieder vun der ADEM hat déi net derbäi, wat vum Geriicht gebierend monéiert gouf. Den 3. Mäerz sollt et dann um Geriicht zu Lëtzebuerg zum Epilog vun dëser däreger Affär kommen.

Et ass awer och eng Affär déi de Fonctionnement vun der ADEM eppes a Fro stellt. Wéi kann een „externen Agenten“ esouvill Befugnisser zougestoen? Wie kontrolléiert hir Aarbecht – a wann et nëmme Stéchprouwe wieren? A wat der Däiwel ass d‘Missioun vun de Staatsbeamte bei der ADEM? Froen déi onbeäntwert wäerte bleiwen, well de Fall u sech jo elo geléist ass.

Illustratioun: Mohamed Hassan / Pixabay

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, ADEM, Bedruch, Geriichtsaffäre, Verontreiung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel