Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen
https://moien.lu/free-vegas-dating-sites/ dating sites in ranchi

https://moien.lu/speed-dating-directions/

Wéinst enger Bloalge-Pescht am Séi vun der Uewersauer, ass et

https://moien.lu/over-40-dating-service/
https://moien.lu/free-vegas-dating-sites/ dating sites in ranchi

NASA: Feierowend fir de Kepler-Weltraumteleskop

D‘Missioun vum Weltraumteleskop Kepler ass no néng Joer am Sonnen-Orbit,

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht
https://moien.lu/free-vegas-dating-sites/ dating sites in ranchi

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht

Nodeems de Virus vun der afrikanescher Schwéngspäscht (PPA) un fënnef

Wou d‘UNO verseet

Wou d‘UNO verseet

Mat der Ukënnegung vun hirem Récktrëtt als Sonner-Ermëttlerin bei der vun de Vereenten Natiounen agesate Syrien-Kommissioun, verdäitlecht d‘Carla del Ponte den Zoustand vun der UNO.

Déi fréier Chef-Uklägerin vum UN-Krichsverbriechertribunal geheit d‘Bengele bei d‘Tromm well se enttäuscht ass. Enttäuscht virun allem iwwer de Manktem u Réckendeckung, mee och well se erkannt huet, datt et bei Syrien kee politesche Wëlle gëtt. Bei enger Podiumsdiskussioun am Kader vum Filmfestival vu Locarno, mécht d‘Carla del Ponte kloer: „Mir hunn absolut keen Erfolleg“. Dobäi wieren d‘Krichsverbriechen a Syrien schlëmmer wéi am fréiere Jugoslawien oder dem Ruanda.

An domadder ass et un der Zäit, datt mer eis iwwert den Zoustand an de Notze vun der UNO Froe stellen. Wann eng vun den erfuerensten Affekotinnen der Meenung ass, si wier op dee Poste als „Alibi“ beruff ginn, da sténken d‘Lompen. Mat 70 Joer verfüügt déi Fra esouwuel iwwert Erfarung wéi Wëssen, an hir nozelauschtere kann net schueden.

Esou muss d‘Carlo del Ponte dann no sechs Joer feststelle wat ech schonn déi ganzen Zäit probéiere verständlech ze maachen: „Et gëtt kee faire Krich“. A Syrien kritt dës Ausso dann nach ee besonnescht Gewiicht. Dat dem Assad seng Regierung dem Vollek Schreckleches undeet an och virum Asaz vu Chemiewaffen net zéckt, schéngt erwisen.

D‘Oppositioun allerdéngs ass kee fatz besser a ech schléisse mech do dem Carla del Ponte vun häerzen un. Alles „Extremisten a Terroristen“. Woubäi ee vläicht nach muss betounen, datt mëttlerweil kee méi weess, wien do eigentlech op wien schéisst.

Den Islamesche Staat (IS) war an ass nach ëmmer den éischte Feind deen et ze schloe gëllt. D‘Sécherung vun der Grenz zur Tierkei am Norden an déi zu Recht gefuerdert (Deel)Autonomie vun de Kurden eng Prioritéit. Wat awer maachen an der Kausa Assad an enger de facto inexistenter demokratescher Bewegung?

Den Assad-Regime gëtt esouwuel vu Russland wéi dem Iran ënnerstëtzt. D‘Oppositioun, vun der een am Moment net méi wierklech weess wien se ass, kritt vun enger droleger arabescher Koalitioun gehollef. D‘Kurde kréie Material vun den USA an deenen engen oder aneren Europäer. D‘Tierkei stëppelt wou se kann a wier frou dem Assad lass ze sinn. Den IS ass sengersäits quasi geschloen.

Dat festgestallt a verstanen, kann een dem Carla del Ponte nëmme Recht ginn. Ouni d‘Ariichtung vun engem UN-Krichsverbriechertribunal an deem entspriechenden Duerchgräifen, kënns de do net weider. Et huet dann och den Uschäin dat et kaum Interessi gëtt. D‘Gerechtegkeet huet zesumme mat Gott (falls een un dee gleeft) dem Land Äddi gesot.

Foto: Kanner a Fraen ouni Dach iwwert dem Kapp. Si sinn d‘Affer vun enger verfeelter UN-Politik, déi net amstand ass déi grouss Muechten zur Verantwortung ze zéien. Déi hunn mat hirem Veto-Recht d‘Institutioun „Vereenten Natiounen“ zum Marionettentheater verkomme gelooss. D‘UNICEF déi hei hëlleft kritt nach net emol déi finanziell Moyenen déi néideg wieren dem Leed och nëmmen entgéint ze trieden. (© Delil Souleiman/AFP)

Ähnlech Sujeten IS, Syrien, UNO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel