Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bewaffent Konflikter a Klimawandel: der Welt geet et guer net gutt…
Fail Meenung

Bewaffent Konflikter a Klimawandel: der Welt geet et guer net gutt…

Um Donneschdeg huet MSF de Bilan fir 2018 virgeluecht an

Mossul: Apokalyptesch Visiounen
Fail Meenung

Mossul: Apokalyptesch Visiounen

Zerstéiert Gebaier, Ruinen a verloosse Gässele wou d’Läiche vun den

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier
Fail Meenung

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier

Honnertdausende Katalanen hunn e Sonndeg zu Barcelona géint d‘Haft vun

dislike

Esch/Uelzecht: Wouhinner mam Wielerwëllen?

Meenung

Esch/Uelzecht: Wouhinner mam Wielerwëllen?

An der Minettemetropol hunn d‘Sozialiste wéi erwaart dräi Mandater verluer. Déi hunn sech propper op d‘CSV, d‘DP an déi gréng verdeelt. Déi Lénk hunn hir Sëtz verdeedegt, den ADR, d‘KPL an d‘Pirate spille keng Roll.

Déi éiweg Géigner CSV an LSAP stinn sech also grad wéi 1999 nees mat sechs zu sechs Mandater géinteniwwer. An déi hunn elo de Choix: se kéinten engersäits eng grouss Koalitioun ustriewen, dann hätten se eng gutt Majoritéit, oder sech op en Dräier aloossen.

Als Koalitioun steet nämlech och nach de Choix tëscht: rout-gréng-rout an schwaarz-gréng-blo als Méiglechkeet um Pabeier. Deene grénge kéint d‘Konstellatioun bal egal sinn, well ausser bei der grousser Koalitioun ginn se vun esouwuel der LSAP als och der CSV gebraucht. Si hunn an de Koalitiounsgespréicher ganz kloer e Virdeel.

Also stellt sech d‘Fro, wéi vill Verantwortung ass d‘LSAP bereet der déi Lénk ze ginn, ouni sech mat déi gréng an d‘Hoer ze kréien. E Koalitiounspartner op dee jo awer bis ewell verlooss war. Politesch sinn déi Lénk zu Esch wuel bereet Verantwortung ze iwwerhuelen, mee wat wieren ze bereet ideologesch opzeginn?

Op där aner Säit stellt sech manner d‘Fro wéi vill Verantwortung d‘CSV der DP wëll ofginn, hei muss virun allem gekuckt ginn, wéi enge Fuerderunge vun déi gréng kann entsprach ginn. D‘CSV an d‘DP, besonnesch wann ee bedenkt datt de Pim Knaff éischter wéineg un de Gemengerotssëtzungen deel geholl huet, sollten sech schnell an einfach eens ginn.

Bei dëser Koalitioun – schwaarz-gréng-blo – dierften déi gréng e gréissert Wuert matzeschwätzen hunn. Hei besteet d‘Méiglechkeet endlech Fuerderungen ëmzesetzen, déi wéinst liberalen Usiichten eigentlech nëmmen an dëser Form vu Koalitioun zur Debatte stinn. De grénge Mäntelchen hunn sech déi blo scho méi laang ugedoen an fir d‘CSV sollten déi gréng e gudde Partner sinn.

Mee et ass wéi esou oft. Wat ass deem enge wichteg an op wat well deen aneren net verzichten? Eng grouss Koalitioun kann a wäert wahrscheinlech un der Fro „Wie gëtt Buergermeeschter?“ zerbriechen. Ëmmerhin huet de Spëtzekandidat vun der CSV Georges Mischo 183 Stëmme méi kritt wéi d‘LSAP-Kandidatin Vera Spautz.

Wann sech also d‘Vera nach emol als Buergermeeschtesch zu Esch wëll duerchsetzen, misst se sech mat déi Lénk an déi gréng eens ginn. Et kann een net dovunner ausgoen, datt se bei der CSV hir Victoire liichtfankeg hir ginn, an der LSAP bei enger méiglecher Koalitioun de Virtrëtt géife loossen. Och eng gedeelte Mandatsperiod – wou jiddereen 3 Joer Buergermeeschter wier – ass hei en éischter utopesche Gedanken.

Et ass also Spannend wat sech do zu Esch zesummebraut. D‘Gespréicher jiddefalls déi musse gefouert sinn, kéinte fir gudde politeschen Zündstoff suergen. Et gëtt deemno och net wierklech vill Alternativen, entweder et bleift alles méi oder wéineger beim Alen, an dat ass net wierklech d‘Analys vum Wielerwëllen. Oder d‘CSV ka beweisen, datt eng konsequent konservativ Politik Esch weider bréngt.

Ähnlech Sujeten Esch/Uelzecht, Gemengewahlen 2017, Georges Mischo, Vera Spautz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel