Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!
https://moien.lu/best-dating-sites-for-married/ dating events albany ny

maja dating 2017

De Fréijoer léist esou munch Gedéiesch nees opliewen. Mat vun

https://moien.lu/lol-garbage-matchmaking/
https://moien.lu/best-dating-sites-for-married/ dating events albany ny

D‘Asiicht an d‘Wielerlëschte verstéisst net géint den Dateschutz

Déi CSV-Deputéiert Gilles Roth an Diane Adehm haten eng „urgent“

surprise
ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?
https://moien.lu/best-dating-sites-for-married/ dating events albany ny

ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?

D‘Vertrieder vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Medezinsstudente (ALEM) gesi

Wéi geet et mat der Verfassungsreform weider?

Am September soll d‘Kommissioun doriwwer befannen ob et nach sënnvoll ass um Projet festzehalen

Wéi geet et mat der Verfassungsreform weider?

Eis Verfassung ass wuel net déi schlechtst, mee och si ass an den Alter komm an et léisst sech net vun der Hand weisen, datt si eng Frëschzellekur dréngend néideg huet. Säit elo gutt 15 Joer gëtt sech mat der Reform beschäftegt an eigentlech hätt e geduecht, et wier een op de leschte Meter…

Zanter elo 15 Joer beschäftegt sech eng Chamber-Kommissioun mat der Reform vun der Verfassung a bis virun e puer Méint huet et nach ganz duerno ausgesinn, wéi wann d‘Politik zumindest emol dat Grondsätzlecht gekläert an e parteiiwwergräifende Konsens fonnt hätt. Dat war virun der Ära „Engel“ an der CSV. Den neie President vun der Vollekspartei, huet Oppositioun nei definéiert.

Fir d‘CSV – déi sech mat hire Wënsch a Fuerderunge vum ADR-Parteiprogramm inspiréiere gelooss hätt – kann een d‘Reform vun der Verfassung net ouni d‘Bedeelegung vum Bierger iwwert d‘Bühn kréien. Dat awer wëllen d‘Parteie vun der Koalitiounsmajoritéit sech net undoen, a werfen de chrëschtlech-soziale fir de Reformprozess ze blockéieren. Dat war am Juni 2018 nach anescht.

D‘lescht Joer nämlech waren sech zumindest LSAP, DP, déi gréng an d‘CSV doriwwer eens wéi e sollt virgoen a wéi den Text sollt ausgesinn. Nodeems d‘CSV da bei de Chamberwahlen net esou gutt ewech komm ass, wat eng parteiintern Kris ausgeléist an zur Kréinung vum Fränk Engel als Parteipresident gefouert huet, koum et zur neier politescher Ausriichtung. Mee wou läit de Notzen?

Rette wat ze retten ass

Wann een der CSV muss zougestoen eng eegestänneg Politik ze verfollegen, an et duerchaus ze begréissen ass, datt si elo wierklech Oppositiounsaarbecht leeschten, esou sollt een net vergiesse wat hei um Spill steet. Am Kontext vun de geheimen Datebanke bei Justiz a Police leeschten si jo den Ament gutt Aarbecht, zumindest steet d‘Regierung mam Réck zur Wand a muss handelen.

Bei der Reform muss sech d‘CSV awer nach erklären, a méiglechst esou datt et fir all d‘Bierger am Land verständlech ass. An et gëtt jo och nach déi „aner“ Oppostioun. De Deputéierte Sven Clement (Piraten): „Den Text wéi e festgehale gouf muss erhale bleiwen an zum Vott gestallt ginn“. Woubäi d‘Optioun dësen nach emol an de Grapp ze huele bäibehale misst ginn. Nach e gutt Argument?

Fir de „Chamber-Neuling“ Sven Clement geet et bei der Verfassungsreform ëm Grondsätzleches. Si muss de Bierger vum 21. Joerhonnert entspriechen, an dat kann d‘Verfassung vun 1868 einfach net leeschten. De engagéierte Politiker huet awer och erkannt, datt d‘Verfassungsreform d‘Bierger interesséiert, firwat och hie déi méi staark mat an de Reformprozess abezéie wëll.

Am Sträit léisst et sech net klären

Bei der CSV ass en u a fir sech jo och net géint alles zu deem ee sech emol bekannt hat. Mee och de Ruff no engem eenzege Wahlbezierk oder de Cumul vun de Mandater, sinn de Bierger en Uleies an den CSV-Deputéierte Leon Gloden huet kee Versteesdemech dofir, datt ee gewëllt wier de Bierger e Verfassungstext virzeleeën, wann nach u weidere richtungsweisende Reforme geschafft gëtt.

Wann ee sech déi ënnerschiddlech Standpunkten unhéiert an dem Gefill datt sech déi Haaptacteure grad festgefuer hunn net méi lass gëtt, da freet ee sech wéi et dann am Hiecht zu der geplangter Informatiounscampagne inklusiv Consultatioun vum Bierger komme soll. Deen, esou de Wëlle vun der Politik, sollt dat lescht Wuert behalen oder zumindest iwwerzeegt sinn dat lescht Wuert ze hunn.

Aus dësem (gudde) Grond setzen sech CSV an ADR dofir an, datt e consultative Referendum soll ofgehale ginn, mat deem den endgültege Verfassungstext soll festgeluecht ginn. De Fraktiounschef vun der LSAP, Alex Bodry, gesäit do Problemer. Notamment bei der d‘Formuléierung vun de Froen. Do nees eng gemeinsam Basis ze fannen, beim aktuelle Sträit, dat dierft net einfach ginn.

E klénge Réckbléck

Datt déi Lëtzebuerger Verfassung sech den neie gesellschaftlechen Entwécklungen upasse muss, dat sollt een net méi mussen erklären. Et ass dofir net verkéiert e klénge Réckbléck ze woen. Viru gutt 15 Joer wéi gesot ass den entschloss gefaasst ginn, d‘Verfassung ze reforméieren, an esoulaang wéi d‘CSV nach an der Regierung war, waren si hei Fiederféierend.

Bis 2013 huet de Paul-Henri Meyers fir d‘CSV d‘Debaten tëscht de Parteie moderéiert. Nom „Putsch“ huet den Alex Bodry dës Charge iwwerdroe kritt. Hien hat et dann och Ronn bruecht, datt ee sech am Kontext vun der Reform op véier Froe gëeenegt hat, déi beim Referendum vun 2015 dem Bierger sollten ënnerbreet ginn. Et goufen der um Enn dräi gestallt…

Während d‘Fro zur Trennung vu Kierch a Staat fale gelooss gouf, war d‘Wahlrecht fir Auslänner, d‘Wahlrecht ab 16 Joer an déi zäitlech Begrenzung vun de ministerielle Mandater, bäibehale ginn. D‘Regierung hat sech hei verkalkuléiert an net déi Äntwerte kritt déi si sech erhofft hat. D‘Bierger waren awer och an engem manner formelle Kader consultéiert ginn.

Dat wat do eraus koum, gouf dann och bei de validéierten Amendementer berécksiichtegt. Mee och eis Universitéit war agebonnen. Déi hat eng Rei Bierger auserwielt, déi sech den Text méi genee ugekuckt hunn. Schlussendlech huet d‘Chamber den neie Verfassungstext un d‘EU-Kommissioun weidergeleet, fir en Avis vun der „Venedeg-Komissioun“ ze erhalen. De Recht ass bekannt…

Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay

Ähnlech Sujeten Bierger, Consulatioun, CSV, Koalitiounsregierung, Piraten, Referendum, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel