Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden
Kultur Neiegkeeten Stories

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden

Lëtzebuerg ass eng Propper Stad, an datt een dat esou

Wéini kennt endlech e Changement an der Drogepolitik? (Lieserbréif)
Kultur Neiegkeeten Stories

Wéini kennt endlech e Changement an der Drogepolitik? (Lieserbréif)

De Staat sollt selwer zum Dealer ginn, esou wéi dat

E. Coli Bakterien am Chèvre aus dem Delhaize a Cactus!
Kultur Neiegkeeten Stories

E. Coli Bakterien am Chèvre aus dem Delhaize a Cactus!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt an engem

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!

Festivitéite fir ee Joerhonnert Walrecht fir dat weiblecht Geschlecht

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!

Haut ziele mir schonn 100 Joer, datt och d’Fraen d’Walrecht zougesprach kritt hunn. Zu dësem feierleche Gebuertsdag, deen ee Schrëtt zur Emanzipatioun a Gläichstellung vun de Geschlechter gemaach huet, huet d’Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer Taina Bofferding den décke Programm u Festivitéite presentéiert, fir dëse wichtege Moment an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Demokratie ze feieren. Zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass de Programm virgestallt ginn.

D’Gesetz vum 15. Mee 1919, wou den Artikel 52 vun der Verfassung geännert ginn ass, war net nëmmen eng wichteg Etapp am demokratesche Prozess – an der Mesure wou den universelle Suffrage agefouert ginn ass – mee och een historesche Schrëtt ugesiichts der Gläichstellung vu Mann a Fra am Grand-Duché. An dësem Kader well d’Regierung och d’Engagement vun de weiblechen a männleche Pionéier éieren, déi fir dëst fundamentaalt Recht, sou wuel zu Lëtzebuerg, wéi och op europäeschem Niveau, gekämpft hunn.

Och wann de Grand-Duché eent vun den éischte Länner war, fir d’Walrecht fir Fraen anzeféieren, esou klasséiert sech eist Land um weltwäiten Niveau just op Plaz 69, wann et ëm déi egalitär Representatioun am Parlament geet. Bei den nationale Wahle vum 14. Oktober 2018 sinn 12 vun de 60 gewielten Deputéierte fir d’Chamber Frae gewiescht. Nodeems am Dezember 2018 déi nei Regierung gewielt ginn ass, zielt dat lëtzebuergescht Parlament 15 weiblech Deputéiert.

D’Ministesch Taina Bofferding ënnersträicht heibäi, datt dëse Gebuertsdag an Éieren vun de Fraen, déi sech säit dem 20. Joerhonnert bis haut an der Politik engagéiert hunn, gefeiert gëtt. Dës weideren erkläert si, datt een och an Zukunft sech weider fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra engagéiere muss. Dofir soll dësen 100. Gebuertsdag och un d’Konzept vun der Demokratie erënneren, woubäi zu gläichen Deeler d’Participatioun vu Fraen a Männer gefrot ass.

Demokratie

(v.l.n.r.) Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer; Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch © MEGA

De räichhaltege Gebuertsdags-Programm

  • 22. Mee 2019: Akademesch Seance (am Stater Cercle Cité)
    Organiséiert a Kooperatioun mat der Chamber wäert ënnert anerem d’Historikerin Dr. Birte Förster vun der Humboldt Universitéit Berlin hiren Exposé „ Glücksfall für Luxemburg. Die Einführung des Frauenwahlrechts im Mai 1919“ presentéieren.
  • 7. bis 17. Mee 2019: Expo „100 Joer Demokratie fir Frae“ (am Stater Bierger-Center)
    No sengem Besuch am Bierger-Center wäert d’Ausstellung duerch d’Gemengen a Lycéeën am ganze Land goen. De Ministère invitéiert heibäi all Interesséierten, deen d’Expo a senger Géigend weise wëll, si ze kontaktéieren.
  • Mëtt Juni bis Oktober 2019: „Mega Jumper“
    D’Schüler aus de Lycéeë ginn duerch pedagogesch Aktivitéiten zur Demokratie a Gläichstellung vun de Geschlechter sensibiliséiert.
  • 13. Juli 2019: Screaming Fields Festival (Rockhal)
    Déi 3. Editioun vum „Screaming Fields Song Contest“, organiséiert vum Rocklab an der Rockhal, steet virun der Dier. De musikalesche Concours adresséiert sech un all MusekerIn tëscht 12 a 25 Joer, déi hir eege Lidder zu engem spezifeschen Thema schreiwen. Dat bescht Lidd zum Thema Demokratie a Gläichstellung vun de Geschlechter ka sech iwwert den Haaptpräis freeën!
  • 17. Oktober 2019: Rock de Rack (Rockhal)
    Dëse Festival fir d’Jugend kombinéiert ee räichhaltege pedagogesche Programm zum Thema vun der Demokratie an der Gläichsetzung vu Mann a Fra mat diverse kulturellen Aktivitéiten. Dëst Evenement ass d’Resultat vun der Zesummenaarbecht vun diversen Acteuren, wéi beispillsweis der Rockhal, der Uni.lu, dem Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History oder och BEE Secure.

An dësem Kader empfeele mir Iech och de Film “Histoire(s) de Femme(s)“, bei deem de Lëtzebuerger Kampf ëm weiblech Unerkennung an Demokratie thematiséiert gëtt.

Ähnlech Sujeten Demokratie, Gläichberechtegung, Histoire(s) de Femme(s), Lydie Polfer, Mann a Fra, Screaming Fields, Taina Bofferding, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel