Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Gutt gesinn! Mee wat maachen?
Auto International Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Gutt gesinn! Mee wat maachen?

Um haidege Méindeg huet de Christoph Bumb (Reporter.lu) sech a

Dem Trump säi Wirtschaftsberoder geheit d‘Handduch
Auto International Kultur Neiegkeeten Stories

Dem Trump säi Wirtschaftsberoder geheit d‘Handduch

Et ass e klengt Äerdbiewen datt d‘Washington um Dënschdeg getraff

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!
Auto International Kultur Neiegkeeten Stories

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!

De klengste Wal, och Schwéngswal oder Vaquita genannt, steet mat

What the Fakt – 127 Joer Diesel-Patent

What the Fakt – 127 Joer Diesel-Patent

Fir vill Leit gëllt de Rudolfs Diesel als Genie, woubäi säi Patent zur momentaner Zäit vun den Diesel-Géigner och immens Kritik erlieft. Um 27. Februar 1892 huet de legendären Ingenieur nämlech seng Erfindung vum Diesel-Moteur ugemellt a gëtt soumat zum Papp vun der populärer dreiwender Maschinn.

Als Kand ass hien an aarme Verhältnisser opgewuess. Mat 12 Joer huet de Bouf op der Weltausstellung seng Passioun fir Technik, Physik, Dampmaschinnen a Gasmoteure fonnt. No der Flucht an England huet de Rudolf Diesel sech als Musterschüler duerchgesat an ass spéider un de Polytechnikum zu Münche gewiesselt.

Bei enger Virliesung vum Carl vun Linde ass dem technesch-begaabte Kärel säin Dram vum Moteur mat 50% Wierkungsgrad, kombinéiert mat bëlleger Energie entstanen. De Professer hat deemools nämlech der Klass déi schlecht Wierkung vun der Dampmaschinn, déi mat Kuel befeiert ginn ass, erkläert. De Problem, dee bliwwen ass, waren déi finanziell Mëttel an de Status als Student.

Iwwert Joren huet den Diesel gefuerscht, Iddien entwéckelt a Pläng ausgeschafft, bis datt 1890 sech alles zu engem Moteur zesumme gesat huet. Säin Ziel war et 253 Bar Drock bei 58% Wierkungsgrad ze erzielen – deemools eng Utopie! Trotz alle Kritiker an Zweiwler krut hien um 23. Februar 1892 säi Patent fir déi nei „Wärmekraaftmaschinn“, déi hien ee knappt Joer virdrun ugemellt hat.

diesel

Den éischten Dieselmoteur © Technesche Musée Wien

Et rullt!

Schonn ee Joer méi spéit ass et dem Diesel gelongen, ee Moteur un d’Lafen ze bréngen. Nodeems hie verschidde Feeler ausgebessert huet, ass d’Maschinn dann och iwwert länger Zäit ubliwwen. Nach ëmmer huet den Ingenieur no Perfektioun gestrieft, wouduerch hie mat Killungen, Asprëtzungen a Kolbenduerchmiesser experimentéiert huet.

De groussen Duerchbroch koum am Joer 1897: ee waassergekillte Véiertaktmoteur mat engem Wierkungsgrad vu 26,6% konnt de Mann iwwerzeegen. Dëst deemolegt Wonnerwierk vun der moderner Ingenieurkonscht huet eng Leeschtung vu 17,8 PS gehat. De Moteur vun der Zukunft konnt presentéiert ginn! Ee Joerzéngt vu sengem Liewen huet den Ingenieur u sengem Drammoteur investéiert, bei dem hien ëmmer Feeler ëm Feeler eliminéiert huet.

Rudolf Diesel

Den Ingenieur am Joer 1883

Ee Marathon u Clientsgespréicher an Treffe mat Investoren huet gestart. Seng Erfindung ass duerch Geriichtsverhandlungen an d’Rëschtungspolitik gelaf, wouduerch ëmmer méi Aspekter dozou koumen, déi iwwerhaapt net dem Entwéckler sengen Idealer entsprach hunn. Nieft dësem Kampf fir säi Moteur huet säi Kappwéi ëmmer méi zougeholl, wouduerch den Ingenieur mat der Zäit verréckt ginn ass.

De Gréissewahnsinneg, d’Onberechenbarkeet an d’Ignoréiere vu senger Krankheet hunn hie schliisslech am Hierscht 1898 an enger Nerveklinik bruecht. No senger Entloossung ass awer alles nom ale Muster viru gelaf: weider entwéckelen, bekannt ginn, investéieren.

Mysteriéis Ëmstänn

Ëmmer méi Entreprisen hu sech fir de plazspuerende Wonnermoteur interesséiert. Esou sollt am Hierscht 1913 zu Ipswich een neit Moteurwierk vum Ingenieur Rudolf Diesel perséinlech opgemaach ginn. Aus dësem Grond huet wollt hie mam Schëff vun Antwerpen op Harwich fueren. Um Owend vum 29. September 1913 ass de Mann a seng Kajüt gaangen, den Dag drop war hie verschwonnen.

Säi Bett war gemaach, d’Wallis stoung drop an um Dësch louch alles bereet fir d’Aarbecht. Ongeféier zwou Woche méi spéit huet d’Ekipp seng Läich am Äermelkanal fonnt. Wéi et zu sengem Dout komme konnt, ass ni opgekläert ginn.

diesel

Säi Meeschterwierk haut

Den Diesel-Moteur gëtt ëmmer méi onbeléift a gëtt esouguer als „knaschteg“ bezeechent. Virun allem al Dieselautoe solle mat hiren Ofgasen d’Loft verpeschten a fir de Klimawandel verantwortlech sinn. Nodeems Fuerverbueter a Stied ugekënnegt gi sinn entscheeden sech ëmmer manner Clientë fir een Diesel als Nei-Won.

Op de Kaf vun engem Elektro-Auto oder Bensinner am Endeffekt esou vill besser ass, sief dohi gestallt. D’Autoindustrie huet op alle Fall reagéiert a probéiert d’Clientë mat speziellen Offeren unzelackelen, dat beispillsweis duerch den Auto-Festival, den dëst Joer souguer verlängert ginn ass.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Auto, Diesel, Ingenieur, Moteur, Patent, Rudolf Diesel, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel