Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs
Kultur Neiegkeeten

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs

Fir déi 14. Ausgab vum „Relais fir d‘Liewen“ haten sech

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt
Kultur Neiegkeeten

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt

Nodeems sech OGBL a Landesverband (FNCTTFEL) ugangs der Woch hu

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou
Kultur Neiegkeeten

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou

Soubal et mi kal gëtt, héiers de awer wierklech jidderee

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe

Duerch Kuerzgeschicht vun „Das verräterische Herz“ misst de Schrëftsteller Edgar Allen Poe jiddwerengem bekannt sinn. Seng düster a morbid Erzielunge bilden d’Fundament fir déi modern Dichtung a maachen hien zu engem vun den aflossräichste Literaten, déi jee gelieft hunn.

D’Weesekand Edgar Allen Poe war schonn ëmmer u Literatur interesséiert. No sengem militäreschen Déngscht huet de jonke Kärel seng éischt Gedichtbänn verëffentlecht.

Duerch de fréien Dout vu senger Fra huet den Dichter een exzessiivt Liewen ënnert Alkohol an anere Suchtmëttel gefouert, wat spéiderhin och Thematik an de Symbolcharakter vu senge Wierker beaflosst hunn.

An 108 Verse beschreift d’Geschicht „Der Rabe“ wei ee jonke Mann, kuerz ier e seng grouss Léift verléiert, all Nuecht Besuch vun engem Kueb kritt, deen him op all seng Froen „Ni méi“ (engl. Nevermore) äntwert. Thematik bezitt sech dobäi staark op déi verstuerwe Fra an Trauer an der Zäit duerno. Säi bekanntste Wierk gehéiert haut nach zur grousser Weltliteratur.

Den Dout vun enger schéiner Fra ass wierklech dat poeteschst Thema vun der Welt“, sot de Poe zu senge Liefzäiten. De 7. Oktober 1849 stierft hien zu Baltimore.

Quellen:
www.edgarallan-poe.de
literaturix.de

 

Ähnlech Sujeten Dichtung, Edgar Ellen Poe, Kueb, Literatur, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel