Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten
International Kultur Neiegkeeten Stories

Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten

De Philadelphia Eagles ass eng vun de gréissten Iwwerraschungen an

Keen Hafe fir d‘Migranten aus dem Mëttelmier
International Kultur Neiegkeeten Stories

Keen Hafe fir d‘Migranten aus dem Mëttelmier

Italien hat et am viraus ugekënnegt, a Malta wëll d‘Aquarius

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU
International Kultur Neiegkeeten Stories

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU

E Freideg huet Italien säi Wëlle bestätegt et mat der

What the Fakt – 2711 Stelen fir d’Affer vum Holocaust!

What the Fakt – 2711 Stelen fir d’Affer vum Holocaust!

No zwee Joer Bauzäit ass um 10. Mee 2005 an direkter Géigend vum bekannte Brandenburger Tor zu Berlin dem New Yorker Architekt Peter Eisenman seng Holocaustgedenkplaz ageweit ginn, bei der unhand vun 2711 Stelen, déi un Griewer erënneren, un déi ermort Judde vun Europa geduecht soll ginn. Dobäi verkierpert dat wellefërmegt Feld och d’Diskussioun iwwert de symboleschen a kënschtlereschen Ëmgang mat der däitscher Schold an der Verantwortung fir den Holocaust.

Am Juni 1999 huet den däitsche Bundestag beschloss, datt am Häerz vun der Haaptstad Berlin een Denkmal zum gréisste Verbrieche vun der Mënschheet erstallt sollt ginn. D’Fuerderung no enger Gedenkplaz ass awer schonn iwwert ee Joerzéngt virdrun opkomm. Allerdéngs waren deemools d’Plaz, d’Gestalt an d’Symbolik nach net decidéiert.

Dofir ass am Fréijoer 1995 schliisslech ee Concours ausgeschriwwe ginn, woubäi am Ganze 528 Entwerf bei der Berliner Senatsverwaltung eragaange sinn. Et soll schlussendlech de Peter Eisenman sinn, deen no e puer Ännerungen an Ergänzungen seng Iddi ëmsetzen duerft. Kuerzerhand ass och entscheet ginn, datt d’Mahnmal eng Informatiounsplaz sollt ginn.

Op enger Gesamtfläch vun 19.000 Quadratmeter sinn iwwer 2700 Betonstelen opgeriicht ginn, déi sech an der Héicht vuneneen ënnerscheeden, sou datt ee wellefërmegt Muster entsteet. Betriede kann een d’Gedenkplaz vun alle Säiten, woubäi ee sech beim Duerchgoen immens erdréckt, nodenklech an ergraff fillt. Als Plaz vun der Erënnerung ginn all Joer Millioune Visiteuren ugezunn. Geleeën an der Cora-Berliner-Straße 1 kann een Dag an Nuecht „Denkmal fir déi ermort Judde vun Europa“ – wéi et offiziell genannt gëtt – betrieden, den Entrée ass hei fräi.

Holocaust

© Alexander Blum

Wann ee Stee méi wéi dausend Wierder seet…

D’Betonsquaderen, déi all ee Grondrëss vun 2,38 x 0,95 Meter hunn, sollen natierlech u Griewer denke loossen. Dobäi ass ee Grafsteen déi meescht verbreete Form déi et bei Denkmäler gëtt. An zemools wa méi Persoune gläichzäiteg den Dout fonnt hunn, ass dëst wuel déi passenst Aart a Weis un dëse grujelegen Deel vun der Geschicht ze gedenken.

Et sollt ee sech virun allem duerch de Kapp goe loossen, datt d’Judden, déi duerch d’Naziverbrieche grausam gestuerwe sinn, kee Graf hunn, mee duerch dës speziell Konschtform mam sougenannte Kenotaph u si geduecht gëtt. Duerch de Buedem an d’Héicht vun de Steng, déi dauernd variéieren, kënnt ee sech als Visiteur fir, wéi wann de Buedem net stabil wier, woubäi ee Gefill vun der Veronsécherung entsteet.

De Kënschtler selwer huet beim Setze vun der leschter Stel um 15. Dezember 2004 erkläert, datt hie keng Ofsicht a kee Message un déi däitsch Bierger wéilt ginn. Et soll esou ee rouegt Näischt sinn, datt ee sech un d’Stëll vun de Mënschen an Auschwitz erënnert.

Ähnlech Sujeten Berlin, Holocaust, Judden, Nationalsozialismus, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel