Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Krautmaart: vill Froen an eng Rei Gesetzprojeten evakuéiert
International Neiegkeeten Stories

Krautmaart: vill Froen an eng Rei Gesetzprojeten evakuéiert

En Dënschdeg war et déi éischt (klassesch) Chamberssëtzung vun der

Am Laf vun der Zäit
International Neiegkeeten Stories

Am Laf vun der Zäit

D‘Gemeng Schëffleng huet ee grousse Fundus u Konschtwierker an elo

Galerie: Bristol-Darts Festival zu Uewerkuer
International Neiegkeeten Stories

Galerie: Bristol-Darts Festival zu Uewerkuer

Mat engem Darts-Festival huet déi Lëtzebuerger Darts Federatioun um Samschdeg

What the Fakt – 3 Joer Weltemseegelung mam Joshua Slocum

What the Fakt – 3 Joer Weltemseegelung mam Joshua Slocum

No enger dräi järeger Eenhand-Weltemseegelung kënnt den amerikanesche Kapitän Joshua Slocum um 27. Juni 1898 um Zil un. Mat dëser Äerdëmrendung op der klenger Seegel-Yacht mam Numm Spray hëlt d’Geschicht vun de modernen, individuelle Weltreesen hire Laf. Wat eng Aventure!

Am Abrëll 1895 ass de couragéierte Weltebummler zu Newport Massachusetts opgebrach. Am Wanter, dräi Joer virum Opbrieche fir seng Rees, krut de Kapitän vun engem Kolleg ee reperaturbedierftegt Schëff geschenkt. An Eegenaarbecht huet hien den ale futtissen Austernfischer vun 11,2 Meter Längt nees restauréiert an hiergeriicht, sou datt d’Spray nees an den Asaz konnt kommen.

Den 51 Joer ale Mann hat jorelaang Erfarung als Kapitän bei der amerikanescher Handelsmarinn gesammelt. Soumat sollt hie jo eigentlech genuch Wësse besetzen, fir ganz eleng d’Welt iwwert d’Waasserweeër ze entdecken.

No Méint-laanger Aarbecht ass et um 24. Abrëll endlech lassgaangen. Un den Häfe vun der Ostküst ass als éischt emol d’Ausrëschtung opgestockt ginn, ier et schliisslech iwwert den Atlantik a Richtung Gibraltar gaangen ass. Vun do aus ass et vun op d’Kanareninsel Fuerteventura gaangen, un de Kapverdeschen Insele laanscht, an flatsch iwwert den Equator. Am Oktober ass de Slocum schliisslech a Südamerika ukomm.

Slocum

Esou huet d’Spray ausgesinn

Wann de Wand ee leet

Et sollt awer net ëmmer sou zackeg viru goen. Duerch ee Stuerm am Mäerz 1896 huet ee staarke Stuerm de Kapitän u senger weiderer Rees gehënnert. Eréischt no 40 Deeg konnt et fir hie weidergoen. Vu Samoa ass et an Australien gaange, weider an Tasmanien, mat e puer Tëschestoppe un de Kokosinselen a Mauritius laanscht an am November 1897 war e schliisslech a Südafrika.

Generell kann ee soen, datt hie seng Route esou geplangt huet, wéi et deemools d’Handelsschëffer d’Waasser duerchkämmt hunn a wéi de Wand et eben zougelooss huet. Virun allem war et dobäi wichteg Wirbelstierm, Taifunen, Hurrikanen an Zyklonen ze vermeiden.

Slocum

Den Joshua Slocum huet als éischte Mënsch d’Welt mat eleng op engem Seegelboot emrënd!

Ukommen ëm all Präis

Nodeems de Slocum St. Helena an Trinidad, sou wéi Antigua passéiert hat, konnt déi lescht Etapp ugesteiert ginn. Um 27. Juni 1898 ass hien no 46.000 Meilen esou nees zu Newport agetraff. Knapp ee Joer méi spéit konnt de Kapitän stolz säi Buch „Sailing Alone Around the World“ erausbréngen, wat och nach haut als Klassiker vun der Rees-, Séi- an Aventureliteratur gehéiert. Mat dréchenem Humor erzielt hien d’Geschicht vu senger Rees.

Nëmmen dräi Joer méi spéit wollten de Reporter Norman Luxton an de Kapitän John Voss dem Slocum seng Leeschtung iwwertreffen. Mat engem modifizéierten Eebam-Kanu vun den Noothan-Indianer aus British Columbia hunn och si d’Weltrees gewot. 1904 sinn déi zwee Männer zu London ukomm, wou fir si d’Rees ophale sollt.

Esou erfollegräich, wéi bei senger éischter Weltëmseegelung sollt de Slocum leider net ëmmer sinn. Mat 65 Joer wollt hien et nach emol wëssen: Um 14. November 1909 huet fir hien eng weider Eenhandrees gestart, vun der hien ni zeréck koum. Wat genau ënnerwee geschitt ass, kann een net soen.

Ähnlech Sujeten Eenhand-Weltemseegelung, Joshua Slocum, Weltrees, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel