Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esou schéi ka Kultur sinn
International Kultur old actors dating young actresses dating site free of cost

https://moien.lu/dating-sites-in-ranchi/

D‘Rotonden direkt hannert der Gar zu Lëtzebuerg, hu schonn e

money
OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien
International Kultur old actors dating young actresses dating site free of cost

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun

money
Nei Entwécklung am US-Chineseschen Handelskrich
International Kultur old actors dating young actresses dating site free of cost

Nei Entwécklung am US-Chineseschen Handelskrich

Dat huet et laang net méi ginn, datt eng US-Regierung

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali

Mir all kennen den exzentresche Kënschtler duerch seng schmëlzend Aueren, den dënne laange Schnutz a seng spektakulär Optrëtter mat wëllen Déieren. Haut virun 30. Joer ass de Salvador Dali am Alter vu 84 Joer gestuerwen. Seng surrealistesch Wierker maachen dës grouss Perséinlechkeet allerdéngs onstierflech!

De Salvador Dali ass 1904 zu Figueras a Spuenien gebuer ginn. Scho fréi wousst hien, datt en mat kënschtlereschem Talent gebuer ginn ass an esou huet hie schliisslech zu Madrid un der Konschtakademie studéiert. Just fënnef Joer méi spéit geheit d’Schoul hien eraus. An awer huet de Kënschtler zu dësem Zäitpunkt scho vill experimentéiert an e provozéiert mat senger onendlecher Produktivitéit.

Duerch seng Rees op Paräis am Joer 1928 ass hien an de Krees vun de Surrealisten an d’Konschtwelt vum Pablo Picasso, dem Joan Miro an dem André Breton agedaucht. Mat dësem wonnerbaren Treffen u kreative Käpp ass dem Dali seng Inspiratioun viru gewuess an esou koum am selwechte Joer säi Film „Ein andalusischer Hund“ eraus. Bei senger zweeter Rees op Paräis huet hie sech schlussendlech de Surrealisten ugeschloss a sech hei a seng Muse, d’Gala verléift.

An den 30er Joer huet sech seng paranoiesch-kritesch Method entwéckelt. Heibäi huet hien Erkenntnisser vun der Psychoanalys an der Molerei gestalteresch duergestallt. Fir d’Zeen vum Surrealismus war den Dali wuel ze verréckt an esou huet hie bei senger Ausstellung zu Paräis am Joer 1938, wou hien och op de Sigmund Freud getraff ass, endgülteg mat dësem Stil gebrach. Just ee Joer méi spéit bréngt den Dali seng „Onofhängegkeetserklärung vun der Fantasie an d’Erklärung vum Mënscherecht no Verrécktheet“ eraus a weist domadder konsequent, datt hien eng kleng mat der Dänn huet.

Aueren, déi schmëlzen?

D’Wierk mam Titel „Beständigkeit der Erinnerung“ gehéiert wuel zu de populäerste Biller weltwäit. Mat engem Format vu just 24 cm x 22 cm ass d’Wierk mat den Aueren, déi zerlafen, och net esou grouss, wéi ee sech et vläicht virstellt. Den Dali selwer erkläert, datt hien d’Iddi krut duerch den Ubléck vu schmëlzendem Camembert.

Die Beständigkeit der Erinnerung (

Die Beständigkeit der Erinnerung (1931)

Um Bild gesäit een eng schro katalanesch Fielslandschaft mat véier zerlafenden Täschenaueren. Eng vun dësen Auere befënnt sech zentral am Bild an zerfléisst harmonesch iwwert dat abstraéiert Gesicht vum Kënschtler selwer. Déi aner zwou Aueren hänken dogéint zimlech aggressiv a spatz iwwert den Eck vum Dësch an den Aascht am Hannergrond. Dëse Géigesaz steet wuel fir d’Léift zum Gala, eng Bezéiung, déi net ëmmer gutt verlaf ass.

Am ënneschte lénken Eck vum Bild gesäit een eng weider Täschenauer, déi allerdéngs zou ass an duerch seng aner Faarf opfält. Iwwert si lafen Ameisen, dem Dali säi Symbol fir d’Vergänglechkeet. D’Méck op der Auer niewendrun steet fir de Laf vun der Zäit a wéi se wuertwiertlech „verfléie“ kann. Generell ass dëst Wierk duerchgoend am gläiche Faarwschema gehalen, woubäi duerch déi Brong- a Blotéin eng liicht bedréckend Stëmmung entsteet.

De Kënschtler mat sengem Ozelot am Joer 1965. De gezwirbelte Schnurres ass zum ikonesche Markenzeeche vum Dali ginn.

Eng personifizéiert Verrécktheet

Säi ganzt Liewe laang ass de Salvador Dali säin eegene Wee gaangen an huet sech doduerch och deelweis vun de Surrealisten ofgewend. Keen huet säi Verhalen a seng Konscht esou richteg verstanen, a genau dat war dem geckege Kënschtler säin Ziel. Mat senge provokanten Optrëtter mat Déieren, wéi beispillsweis engem Nuesebier oder engem Ozelot huet hien dëst Verhalen bis an den klengsten Detail ausgelieft.

Um 23. Januar 1989 ass den Salvador Dali un Häerzversoe gestuerwen. Säi leschte Wonsch war et an der Krypta ënnert der Glaskuppel vum Theater-Museum „Teatre-Museu Dali“ zu Figueras begruewen ze ginn. Hautdesdaags kann ee säi Musée a Spuenien bewonneren, ee Gebai, dat baussen a banne genau sou verréckt konzipéiert ass, wéi den Dali et selwer war. Donieft fënnt een zu Sankt Péitersbuerg déi gréisst Sammlung u Wierker vum Kënschtler ausserhalb vun Europa.

Dali Museum zu Figueras

Quellen:

Ähnlech Sujeten Auer, Die Beständigkeit der Erinnerung, Doudesdag, Konscht, Salvador Dali, Surrealismus, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel