Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux: Budapest gëtt elo duebel sou oft ugesteiert!
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/wikihow-dating-a-shy-guy/

dating older men psychology

Déi wëchentlech Flicht vu Cargolux an déi ungaresch Haaptstad Budapest

best dating sites north east
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/wikihow-dating-a-shy-guy/

Stater Braderie: Vill Leit, vill gutt Geschäfter an e bëssi Politik

De „Fouerméindeg“ op deem an der Stad Lëtzebuerg déi traditionell

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/wikihow-dating-a-shy-guy/

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?

Am Kader vun den Aarbechten un der Infrastruktur vum Tram

What the Fakt – 35 Joer Sproochegesetz fir Lëtzebuerg

What the Fakt – 35 Joer Sproochegesetz fir Lëtzebuerg

Um haitegen Dag ass et ewell 35 Joer hir, datt d’Sprochegesetz zu Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn ass. Doduerch sinn souwuel Franséisch, wéi och Däitsch a Lëtzebuergesch hei am Land als 3 gläichberechtegt administrativ a juristesch Sproochen erkläert ginn.

Fir d’Membere vun der Actioun Lëtzebuergesch war et eng haart Aarbecht, déi sech ausbezuelt huet. Duerch dës Organisatioun ass d’Sproochegesetz schlussendlech 1984 bis an d’Chamber komm. Esou ass am Grand-Duché Franséisch als Referenzsprooch vun eise Gesetzestexter a Lëtzebuergesch zu eiser Nationalsprooch erhuewe ginn. Et sollt deemools och dat éischt Gesetz sinn, dat eis Sprooch och wierklech als Sprooch ugesäit, an net méi als Dialekt deklaréiert.

Am Laf vun der Zäit ass d’Lëtzebuerger Sprooch ëmmer weider standardiséiert an dokumentéiert ginn. Mëttlerweil ginn et souguer Coursen, Lëtzebuerger Spellcheckeren, Online-Dictionnairen an iwwregens och ee Master Studiëgank am Lëtzebuergeschen – wat een Erfolleg! An dësem Sënn wier et ënnert anerem der Actioun Lëtzebuergesch wichteg, datt méi Internetsäite vum Staat an de Gemenge méisproocheg wieren an och eis Nationalsprooch enthalen.

D’Situatioun am Grand-Duché

Generell gëtt an Europa déi sproochlech Diversitéit als enorm wäertvoll ugesinn. Besonnesch Lëtzebuerg huet an eiser Groussregioun ee besonnesche Stellewäert. Den nationalen Aarbechtsmarché lackelt ëmmer méi Auslänner un, wouduerch eis Nationalsprooch ëmmer wéineger geschwat gëtt. Aus dësem Grond hätt eis Sprooch, schonn eleng aus Integratiounsgrënn, méi geschat solle ginn.

Vill Lëtzebuerger gräifen oft op Däitsch oder Franséisch zeréck, fillen sech gehemmt fir d’Nationalsprooch ze notzen. Ee Grond dofir ass, datt Lëtzebuergesch ni systematesch oder ausräichend an der Schoul bäibruecht ginn ass. Do ass et kee Wonner, datt eis schéi Sprooch ëmmer méi verluere geet.

Sproochegesetz

Ee Bléck an d’Vergaangenheet

Dobäi ass Lëtzebuergesch am Joer 1848 eng éischte Kéier fir een offiziellt Evenement gebraucht ginn. Deemools war et den Deputéierten C.M. André, den sech bei enger Ständeversammlung zu Ettelbréck iwwert d’Participatioun am Frankfurter Parlament op eiser haiteger Nationalsprooch ausgedréckt huet, an esou wichteg Standpunkten a senger Mammesprooch erkläre konnt. Ee Joer virdrun ass den éischte „Lexikon der Luxemburger Umgangssprache“ vum J.F. Gangler verëffentlecht ginn.

Et war am Joer 1906, datt endlech een Dictionnaire vun der Lëtzebuerger Mondaart erauskomm ass, fir den extra eng Kommissioun zur Iwweraarbechtung gegrënnt ginn ass. Ronn 6 Joer méi spéit ass déi éischt Lëtzebuergesch-Stonn an der Schoul um Léierplang agedroe ginn. Zur Zäit vum Zweete Weltkrich, wou eist Land vum Nazi-Regimm bedreet ginn ass, huet d’Beherrschung vun eiser Nationalsprooch als Viraussetzung zur Abiergerung gegollt. D’Bevëlkerung stoung, trotz den Däitschen, hannert hirer Sprooch an huet dofir beim Amarsch vun den Nationalsozialisten d’Fro zur Staatszougehéieregkeeten, der Vollëkszougehéieregkeet an der Mammesprooch jeeweils mat „Lëtzebuergesch“ beäntwert.

Trotzdeem huet d’Bevëlkerung de Schrëftgebrauch ofgeleent – d’Schreifweis wier wuel einfach ze komplizéiert. Esou huet sech Franséisch als Schrëftsprooch an den Administratiounen an am Parlament duerchgesat. Mam Sproochegesetz vun 1984 koumen awer eng Rei Ännerungen op eis duer:

  1. Lëtzebuergesch gëllt net méi als Dialekt, mee als eege Sprooch
  2. All Gesetzer a Veruerdnunge mussen op Franséisch verfaasst ginn. Just dës Fassung gëllt als authentesch.
  3. An enger Administratioun a beim Geriicht ka jiddweree vun den dräi Sprooche Gebrauch maachen.
  4. Eng Demande un d’Administratioun muss dës an der Sprooch vum Froenden beäntwerten. Hei gëtt keng Sprooch zur „Amtssprooch“ (langue officielle) erkläert.

Interessant ass hei och folgend Zitat :“Unsere Nationalsprache ist noch nicht gerettet, wenn si in einem französischen Text feierlich proklamiert wird“, wat d’Fuerderung vun enger aktiver Verbreedung vun eiser Sprooch fuerdert, an dat beispillsweis an der Edukatioun.

Sproochegesetz

D’Situatioun an de Schoulen

De momentane Léierplang gesäit vir, datt an alle sechs Klasse vun der Primärschoul eng Stonn pro Woch eis Nationalsprooch ënnerriicht gëtt. De Léierplang vum Edukatiounsministère (1999) beschreift dëst folgendermoossen: „Nodem “Lëtzebuergesch” als Nationalsprooch unerkannt as, muss et och an eise Schoulen déi Plaz kréien, déi et verdéngt. D’Haaptzil vum Lëtzebuergeschen as, sech mat aneren an der Mammesprooch mëndlech ze verstännegen an Texter geleefeg ze liesen. D’Kanner sollen de Lëtzebuerger Sproochschaz esou kennen a gebrauche léieren, datt si sech an de verschiddenste Situatioune genee ausdrécke kënnen. D’ Lëtzebuergescht as dat giedlechst Fach, fir eis geeschteg a kulturell Wäerter aus Brauchtum a Geschicht weiderzegin.“

Trotzdeem gëtt sech wéineg un dës Fuerderung gehalen. Oft ass et genau dës Stonn, déi dann dozou genotzt gëtt, een anere Cours ze ënnerriichten , sou datt Lëtzebuergesch scho bal als inoffiziell Sprooch ofgestempelt gëtt.

D’Zieler vu moien.lu

Mat eisem Site bidde mir déi éischt reng Lëtzebuergesch Noriichte-Plattform am Land. Mat dëser Aarbecht gëtt ënnert anerem versicht, eis Nationalsprooch oprecht ze erhalen a se esou ze wierdegen, wéi si et verdéngt huet. Och mir aus der Redaktioun musse feststellen, datt divers Wierder aus anere Sproochen net op eiser Mammesprooch existéieren, wouduerch mir deelweis geneidegt sinn, Wierder aus dem Franséischen oder dem Däitschen ze notzen oder se esou ze transforméieren, datt et an den Text passt. Do schläiche sech och ëmmer emol sou munch Feeler an.

Sproochegesetz

Doduerch, datt et nach ëmmer keng offiziell Schreifweis, wéi och een anstännegen Dictionnaire gëtt, ass eis Aarbecht net ëmmer einfach. Trotzdeem gi mir eist Bäscht, fir Iech Lieser ze animéieren, eis Sprooch ze liesen, Migranten ze hëllefen, duerch den alldeegleche Gebrauch an d’Liese vun eisen Noriichten méi schnell ze léieren, sou wéi dësen nationale Patrimoine ze protegéieren. Dobäi géife mir eis freeën, eis Bevëlkerung ze ermuddegen sech mat eiser Ënnerstëtzung no baussen hin auszedrécken. Als Annonceur op moien.lu erreescht Dir eng eenzegaarteg Lieserschaft. Weider Informatiounen dozou fannt Dir HEI.

Quellen:

Ähnlech Sujeten 35 Joer Sproochegesetz, Actioun Lëtzebuergesch, Educatiounsministère, Lëtzebuerg, Mammesprooch, Nationalsprooch, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel