Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Firun 49 Joer koum Abbey Road vun de Beatles raus
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Firun 49 Joer koum Abbey Road vun de Beatles raus

Bang! Bang! Maxwell’s silver hammer – dës Zeil misst quasi

Kommt a maacht mat bei der 12. Editioun vum „Südstroum Escher Kulturlaf“
International Kultur Neiegkeeten Stories

Kommt a maacht mat bei der 12. Editioun vum „Südstroum Escher Kulturlaf“

Sport, gutt Stëmmung an eng zolidd Portioun Kultur: dëst sinn

ACL: Maach den Auto fit fir de Wanter
International Kultur Neiegkeeten Stories

ACL: Maach den Auto fit fir de Wanter

Déi douce Temperature vun de leschte Woche sollten d’Automobilisten net

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)

Bekannt als ehemoolege Batteur vun Nirvana huet de Sänger a Gittarist vun de Foo Fighters, den Dave Grohl haut eppes ze feieren. Den US-amerikanesche Rocker gëtt haut nämlech een halleft Joerhonnert al. Et ass een ideaalt Evenement, fir emol op dem Museker säi Liewen a seng Karriär zeréck ze blécken.

Um 14. Januar 1969 koum den Dave Grohl zu Ohio op d’Welt. Schonn als Kand huet hien op allem ronderëm getrommelt, wat en esou fanne konnt an huet säi Plackespiller mat Led Zeppelin, Motörhead oder Kiss vëlleg strapazéiert. Do wonnert et keen, datt hien op der High School a verschiddene klenge Bands gespillt huet, déi awer ni wierklech erfollegräich gi sinn.

Den Ufank bei Nirvana

Seng éischt professionell musikalesch Schrëtt huet hie mat der Grupp „Scream“ gemaach. Knapps volljäreg konnt den Dave Grohl mat dëser Band Erfarungen am Tounstudio sammelen, woubäi schliisslech d’Tounträger vun „No More Censorship“ a „Fumble“ eraus komm sinn. An awer sollt och dat net vun Dauer sinn. Sou wiesselt de Museker, no der Opléisung vun der Grupp, an d’Grunge-Band Nirvana an hat wärend 4 Joer kräfteg op d’Batterie.

Mat Lidder wéi „Smells Like Teen Spirit“ oder „Come As You Are“ erliewen d’Museker ëm den Kurt Cobain weltwäite Succès. Et war wuel ze vill fir de Sänger an esou huet hien sech de 5- Abrëll 1994 mat enger Schroutflënt a sengem Haus zu Seattle erschoss.

Dave Grohl

Déi éischt Schrëtt mat Nirvana (v.l.n.r.) Kurt Cobain, Krist Novoselić an Dave Grohl

Am Géigesaz zum Krist Novoselic, Bassist bei Nirvana, kann de Grohl sech vum Image vum Grunge-Museker befreien a grënnt d’Band Foo Fighters. Den Numm bezitt sech op den englesche Begrëff fir een onbekannte fléienden Objet zur Zäit vum Zweete Weltkrich. Nom Dout vum Cobain war et dem Dave Grohl säi Psycholog, den him geroden huet, mat der Musek virun ze fueren.

Schonn zur Zäit vun Nirvana huet hien eege Lidder geschriwwen, an esou hat hie scho genuch Material gesammelt, fir als Solo-Kënschtler duerchzestarten. Esou huet de Grohl op Eegeregie een Demo-Tape opgeholl, bei dem hie bis op d’Ausnahm vun engem Gittarsdeel, alles selwer agespillt huet. 1995 verëffentlecht hien d’Wierk ënnert dem Projets-Numm Foo Fighters. D’Single „This Is A Call, I’ll Stick Around, For All The Cows“ ass direkt an déi US-amerikanesch Charts agaangen an esou huet de Museker schnell eng Band zesumme gestallt.

Professionellen a privaten Erfolleg

Säit 1995 sinn ganzer 10 Alben entstanen, déi, jiddweree fir sech, een enormen Uklang an der Musekswelt fonnt hunn. D’Band mam Dave Grohl, dem Taylor Hawkins, dem Pat Smear, dem Chris Shiflett, dem Nate Mendel, dem Rami Jaffee, William Godlscmith a Franz Stahl ka sech kaum virun Optrëtter retten an esou ginn d’Foo Fighters och reegelméisseg fir international Präisser nominéiert, wou d’Museker och schonn deen een oder aneren doheem stoen hunn. Momentan sinn d’Rocker op Welttour, woubäi den nootste Concert fir eis wuel den 23. Juni um Hurricane Festival zu Scheeßel an Däitschland wäert sinn.

Mee och privat kann den Dave Grohl glänzen. 2003 bestuet hien sech mat der ehemooleger MTV-Produzentin Jordyn Blum, wou bei der Zeremonie och Gäscht wéi den Jack Black present sinn. Am Abrëll 2006 kënnt säi Meedchen op d’Welt, 3 Joer drop dann dat zweet Kand.

Bei esou engem Liewenslaf kann ee schonn emol vu sech selwer iwwerzeegt sinn. Mat vill haarder Aarbecht huet den Dave Grohl sech säi Wee un d’Spëtzt vun der Rockmusek erkämpft a gehéiert domadder definitiv zu de grousse Perséinlechkeete vum 21. Joerhonnert. Mir wënschen ee rockege Gebuertsdag!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Dave Grohl, Foo Fighters, Gebuertsdag, Nirvana, The Pretender, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel