Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President erpresst Mexiko
International Kultur https://moien.lu/online-dating-via-skype/ is dating a single mom a good idea

https://moien.lu/speaking-activity-speed-dating/

De Donald Trump gëtt einfach keng Rou, a schéngt drop

dislike
Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid
International Kultur https://moien.lu/online-dating-via-skype/ is dating a single mom a good idea

Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid

Wéi Stephen O‘Brien vun der UNO et aschätzt, steet et

Italien: De Berlusconi ass net vun der Koalitiounsregierung iwerzeegt
International Kultur https://moien.lu/online-dating-via-skype/ is dating a single mom a good idea

Italien: De Berlusconi ass net vun der Koalitiounsregierung iwerzeegt

Wann et ëm d‘Presidence vun der RAI – der ëffentlech-rechtlecher

What the Fakt – 52 Käerze fir de Kurt Cobain!

What the Fakt – 52 Käerze fir de Kurt Cobain!

Mat der legendärer Grunge-Band „Nirvana“ ass hien zum Virbild, Idol a Mythos vun der sougenannter Generatioun X ginn. Géif de Kurt Cobain haut nach liewen, esou kéint hien 52 Käerzen um Kuch ufänken. Den Erfolleg vun den 90er Joer huet de Museker net verkraaft, wouduerch hie schliisslech gebrach ass a mat senger Suizid déi ganz Musekswelt schockéiert huet.

Als Kand vum Donal a Wendy Cobain ass de Kurt um 20. Februar 1967 an der Géigend vu Seattle op d’Welt komm, wou hien zesumme mat senger Schwëster Kimberly eng immens schéi Kandheet verbrénge konnt. Wou de Bouf 8 Joer hat, gouf hien duerch d’Scheedung vu sengen Elteren ëmmer erëm vun der Mamm zum Papp gereecht, wouduerch hie sech fréi mat psychesche Problemer ausenaner setze misst. Déi eng soen, en hätt ënnert ADHS gelidden, kombinéiert mat enger medikamentéiser Therapie duerch Ritalin. Donieft huet de jonke Kärel de Suizid vu sengen zwee Monnie veraarbechte missen, wat him net wierklech liicht gefall ass.

Schlussendlech ass de Jong bei seng Tata komm, déi säi musikalescht Talent relativ fréi entdeckt huet. Fir säi 14. Gebuertsdag krut de spéideren Nirvana-Sänger eng Gittar geschenkt, mat der hien sech esou richteg dru ginn huet, fir dëst Instrument spillen ze kënnen. Zu der Zäit huet d’Musek vun de Beatles an de Monkees him enorm imponéiert.

Am Alter vu 15 Joer ass de musikalesche Jong op säi spéidere Band-Kolleg, de Krist Novoselic getraff. 1987 hu si decidéiert, mat engem Batteur eng Band ze grënnen. No zuelräichen Ännerungen um Numm an engem liichte Verschléis u Batteuren ass schliisslech, zesumme mam Dave Grohl, den haut Sänger bei de Foo Fighter ass, déi legendär Grunge-Band „Nirvana“ entstanen. De Kurt Cobain huet mat der Grupp den Indie-Rock aus dem Ënnergrond erausgekëddelt, sou datt de Stil och ëffentlechen Uklang fonnt huet.

Kee soot, datt et einfach gëtt

Am selwechte Joer vun der Grënnung huet de Sänger och seng grouss Léift, d’Courtney Love kennegeléiert. Fënnef Joer drop huet d’Hochzäit stattfonnt, sou wéi, datt hiert Meedche Frances Bean gebuer ginn ass. Ëmmer erëm ass d’Koppel negativ opgefall, sief et duerch Drogen-Exzesser oder de Sträit ëm d’Suergerecht vum Kand. Och déi psychesch Problemer hu sech mat der Zäit weider verschlechtert: De Succès an den Drock huet de Kurt Cobain net verkraaft, sou datt de Museker säin Heroin-Konsum steteg gesteigert huet.

Dobäi huet de Cobain oft dovu geschwat, sech selwer ëmzebréngen. Den éischte Versuch ass am Mäerz 1994 gewiescht, wou hie mat enger Iwwerdosis u Rohypnol a Schampes am Spidol, an doropshin an enger Entzuchsklinik zu Los Angeles gelant ass. No senger gescheiterter Aktioun flücht de Sänger Heem, wou hien sech als éischt eng Iwwerdosis Heroin sprëtzt. Uschléissend schéisst hie sech mat engem Schroutgewier an de Kapp.

Kurt Cobain

Ier een eppes seet: Nee, mir wëssen, datt dat kee Schroutgewier ass…

Mat de Wierder „Et ass besser auszebrennen, wéi lues auszebleechen“ verléisst dat musikalescht Grunge-Genie Kurt Cobain um 5. Abrëll fir ëmmer d’Bühne vun der Welt. Och haut nach existéieren divers Verschwörungstheorien iwwert säin Dout. Sou gleewen déi eng drun, datt de Schoss kee Suizid, mee ee Mord war. Dat Ganzt sollt vu senger Fra Courtney Love geplangt gi sinn, fir un d’Verméigen erun ze kommen. Anerer ginn dovun aus, datt de Sänger sech aus dem Wénkel, net hätt selwer kënnen erschéissen. Ee weidert Argument vun den Theoretiker ass den Abschidsbréif, den anscheinend och Zeilen zielt, déi net a senger Schrëft verfaasst gi sinn an no sengem Dout dobäi gesat goufen.

Fakt ass, datt den US-amerikanesche Sänger a Gittarist vun der Band „Nirvana“ eng Legend ass, déi haut op enger Stuf mat den Idoler Janis Joplin, Jimi Hendrix a Brian Jones steet. Lidder, wéi „Smells Like Teen Spirit“ faszinéieren och elo nach d’Jugend, wouduerch de Cobain wuel ni ganz stierwe wäert.

Opmaacherbild: De Kurt Cobain bei den Opnamen vun MTV Unplugged zu New York City am Joer 1993 © Philip Givon

Quellen:

Ähnlech Sujeten Grunge-Band, Kurt Cobain, Nirvana, Smells Like Teen Spirit, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel