Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag
International Kultur quebec dating sites dating fame reddit

free online dating in thane

Um haidege Samschdeg feiert de Groussherzog Jean säin 98. Gebuertsdag.

Déi Demokratesch Republik Kongo huet den EU-Ambassadeur ausgewisen
International Kultur quebec dating sites dating fame reddit

Déi Demokratesch Republik Kongo huet den EU-Ambassadeur ausgewisen

Déi europäesch Unioun huet um Donneschdeg d‘Entscheedung vun den Autoritéite

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn
International Kultur quebec dating sites dating fame reddit

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn

Den US-President Donald Trump huet en Dënschdeg en „duebele“ juristesche

What the Fakt – 544 Joer Michelangelo!

What the Fakt – 544 Joer Michelangelo!

Bekannt ass dëse grousse Kënschtler duerch seng fantastesch Meeschterwierker, wéi d’Fresken an der Sixtinescher Kapell am Vatikan oder och d’Statue vum David aus der Renaissance. Natierlech ass hei riets vum Bildheeër a Moler Michelangelo Buonarotti. Net vill aner Kënschtler hunn de Mënsch jeemools esou androcksvoll duergestallt, wéi de grandiose Meeschter aus Florenz.

Um haitegen Dag am Joer 1475 ass de Michelangelo zu Caprese gebuer ginn. Do hat de Bouf just eréischt 6 Joer, an awer huet hien den Dout vu senger Mamm schonn an dësem fréien Alter misse materliewen. Seng Kandheet a Jugend huet de Jong zu Florenz verbruecht, woubäi hien seng kënschtleresch Oder fir eng éischt Kéier 1488 beim Moler Domenico Ghirlandaio duerch eng Léier konnt eraus loossen. Nëmmen ee Joer drop huet hien eng Ausbildung an der Bildheeërei ugefaangen.

Am Alter vu 24 Joer huet et hien schliisslech op Venedeg, Bologna a Roum gezunn, wo him d’Statue „La Pietà“ een éischten artistesche Succès abrénge konnt. Zeréck zu Florenz huet hien ronn 2 Joer Aarbecht an d’Kreatioun vun der weltbekannter Monumentalskulptur aus Marmer vum „David“ investéiert. No dësem immensen Erfolleg sollt et och net laang daueren bis hien nees an de Vatikan op Roum invitéiert gouf, fir hei de Plafang vun der Sixtinescher Kapell ze bemolen. Hautdesdaags gëllt dëst Wierk als Perfektioun vun der europäescher Molerei. Kuerz virum Dout vum Pobst Julius II., den him den Optrag ginn huet, konnt hien de Projet fäerdeg stellen.

michelangelo

De Michelangelo 1544 © Daniele Da Volterra

Trotz de ville Kritiken, datt hien esou vill männlech Akten duerstellt, konnt de Michelangelo sech net méi virun neien Opträg retten. Divers Projeten zu Florenz a Roum konnt hien realiséieren, bis hien 1534 vum Pobst Paul III. Zum Architekt, Bildheeër a Moler vum Haff ernannt ginn ass. Aus dësem Grond ass schliisslech och 1541 seng Ergänzungsaarbecht fir d’Fresken an der Sixtinescher Kapell mam Titel „Das jüngste Gericht“ entstanen.

D’Erschafen vum David

Och haut nach gëtt hien vu senge Bewonner als „Il divino“ – de Gëttlechen beschriwwen. Kuckt ee sech verschidde Meeschterwierker méi genau un, esou ass dat wuel keng Ligen. Eleng d’Konscht vun der Bildheeërei huet de Michelangelo perfekt beherrscht. Aus engem fënnef Meter héije Marmosblock konnt de Florentiner Meeschter déi éischt fräistoend Kolossalstatue säit der Antik schafen. D’Realisatioun ass effektiv esou detailléiert, datt een tatsächlech menge kéint, den David géif gläich mat der Schleider aushuelen fir de Goliath ze besiigen.

michelangelo

D’Kollosalstatue vum David © Jörg Bittner Unna

Mat sengen Konschtwierker stoung de Michelangelo um Zenit vum Erfolleg, an awer huet de Kënschtler weiderhin immens spartanesch a minimalistesch gelieft. Säin Haus war wuel just mam néidegsten ageriicht, sou datt hien fir seng grouss Passioun liewe konnt.

Um 18. Februar 1564 ass d’Multitalent am erstaunlechen Alter vun 89 Joer gestuerwen. Vu ville Mënschen ass e veréiert ginn, trotzdeem ass en eleng zu Roum gestuerwen. Säi lescht Wierk, d’Statue vum Pietà Rondadini, konnt de Michelangelo awer nach esou just viru sengem Dout fäerdeg stellen.

Ähnlech Sujeten Das jüngste Gericht, David, Florenz, Konscht, Meeschterwierk, Michelangelo, Sixtinesch Kapell, Vatikan, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel