Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Rentrée Culturelle setzt op Neel mat Käpp
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/dating-vir/

https://moien.lu/dating-app-auto-liker/

De neie Pavillon zu Venedeg, d‘Joer vum Patrimoine 2018, d‘Subsiden

saying no online dating
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/dating-vir/

Den neien Ant-Man Trailer weist, datt Gréisst duerchaus wichteg ass

Den éischten Ant-Man-Film war vir vill Leit eng angenehm Iwwerraschung.

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/dating-vir/

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker

Gëschter ass an der Ukrain d’Entscheedung getraff ginn, fir op

What the Fakt – 56 Joer Till Lindemann

Mam metallesche Virschlaghummer an d'Welt eraus

What the Fakt – 56 Joer Till Lindemann

Mat senger déiwer dominanter Stëmm ass de Sänger als Rammstein-Frontmann een vun den aflossräichsten däitsche Museker vun der Géigewaart. Virun allem mat den extremen Texter an de provokante Bühnenoptrëtter schockéiert hien gären. An awer huet den haarde Kärel och ee mëlle Kär, mat dem e sech der Poesie zouwent a selwer Gedichter schreift. Haut kann den Till Lindemann stolz säi 56. Gebuertsdag feieren!

Um 4. Januar 1963 ass den däitsche Museker a Lyriker zu Leipzig op d’Welt komm an ass am haitege Meckleburg-Vorpommern opgewuess. Als Kand vun engem bekannte Kannerbuchauteur huet hie sech scho fréi mat Literatur befaasse missen, an awer huet hie mol als éischt eng Léier als Schräiner, Kuerfmaacher a Galerietechniker ugefaangen.

Wat kaum een weess ass, datt hie sportlech immens aktiv war. A senger Jugend war den Till Vize-Jugendmeeschter am Schwammen iwwert 1.500 Meter a gouf souguer fir déi Olympesch Spiller zu Moskau am Joer 1980 nominéiert. Schlussendlech duerft hien dunn awer net deelhuelen, well e sech bei enger Meeschterschaft onerlaabt aus sengem Hotelszëmmer geschlach huet. De klenge Rebell do!

Rammstein

Rammstein – säit 1994 un der Spëtzt vum däitsche Metal © Universal Music

D’Léift zur Musek

De gudde Mann huet awer zum Gléck vill Talenter an huet sech schliisslech der Musek zougewennt. Nach zu DDR-Zäiten huet de Lindemann an der Punk-Band „First Arsch“ Batterie gespillt. Do hat wuel ee Blutt geleckt. Nodeems hien op Berlin geplënnert ass, gouf zesumme mat fënnef Kollegen déi legendär Band „Rammstein“ gegrënnt. Fir déijéineg, déi et net wëssen: Si hunn sech den Numm no der Fligerkatastroph um Loftwaffestëtzpunkt zu Rheinland-Pfalz erausgesicht. Datt d’Militärbasis awer „Ramstein“ heescht, war da wuel ee Schreiffeeler vun der Band.

Hire Stil ass immens schwéier anzeuerdnen. Si selwer bezeechnen hir Musek als Danzmetal, woubäi Kritiker et éischter „Neue Deutsche Härte“ nennen. Generell ass et awer eng Mëschung aus Industrial Metal an Hard Rock, gemëscht mat engem Soupçon u provokantem Techno.

Nodeems déi fënnef Memberen, déi an der Tëschenzäit nach ee Keyboarder dobäi gewonnen hunn, ee Concours gewonnen hunn, kruten si vir eng Woch een Tounstudio zur Verfügung gestallt, wouduerch hiren Debutalbum „Herzeleid“ entstanen an am Joer 1995 eraus komm ass. Eréischt zwee Joer méi spéit ass Rammstein mat „Sehnsucht“ souwuel am In- an Ausland rasant un d’Spëtzt vun dëser Museksrichtung geklommen. Si hunn et fäerdeg bruecht, souguer déi Leit ze faszinéieren an zum matsangen ze beweegen, déi emol keen ee Wuert Däitsch verstinn.

D’Begeeschterung kennt awer net nëmme vun der haarder Musek, mee och vun den opwännegen, provokanten a spektakulär Bühneshows. Als geléierte Pyrotechniker ass den Till Lindemann als Frontmann déi perfekt Persoun, fir dat Meescht aus den Optrëtter eraus ze huelen. Mat bizare Verkleedungen, offensiven, wëlle Performancen, schockéierende Requisiten, Feier, Damp an Effekter wou een och hikuckt, ass et scho wuel eleng een Erliefnis Rammstein live gesinn ze hunn. Verwonnerlech ass och net, datt den Opbau fir eng Show ronn 10 Stonnen dauert.

De béise Mann mam waarmen Häerz

Den Till Lindemann huet mat senger Ex-Ehefra een Meedchen, wat 2008 selwer ee Jong op d’Welt bruecht huet. Domadder kann den haarde Sänger sech als léiwe Grousspapp beweisen. Ee grousst Thema vun de Medie war dann och d’On-Off-Bezéiung mam Sophia Thomalla, déi, trotz de grousse perséinlechen Ënnerscheeder, ganzer fënnef Joer gehalen huet. Generell probéiert hie säi Privatliewe geheim ze halen.

Am Joer 2002 huet de Lindemann sech als Auteur probéiert, andeems hien d’Buch „Messer“, mat enger Sammlung aus eegene Gedichter vun 1995 bis 2002, erausbruecht huet. Deelweis entféiert hien de Lieser ganz wäit eraus aus der düsterer Rammstein-Welt a Richtung vu wierklech poeteschen, perséinlechen an awer och lëschtegen Texter.

Hei een Passage vun „Durch dick und dünn“

Wehe Liebeswinde flau
küsst Mann auch déi fette Frau
die Seele tief im Waasser liegt
auch Frau nimmt alles was sie kriegt.

Et muss einfach gesot ginn, datt, egal ob een de Museksstil gären huet oder net, den Till Lindemann een immens talentéierten a villsäitege Mënsch ass, den sech mat Rammstein ee grousst Räich mat weltwäiter Ënnerstëtzung geschaf huet. Kee Wonner also, datt de Concert den 20. Juli zu Lëtzebuerg no wéinege Stonnen ausverkaaft war. An anere Stied huet et awer net anescht ausgesinn a sou muss een Chance hunn, fir de Spektakel ëm den Till Lindemann live dierfen ze gesinn. Säin Erfolleg ass wuel ee weidere Grond, wisou de Sänger haut eppes ze feieren huet. Mir wënschen alles Guddes!

Opmacherbild: © Guido Karp/Universal Music

Quellen:

Ähnlech Sujeten Band, Messer, Metal, Musék, Neue Deutsche Härte, Rammstein, Till Lindemann, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel