Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du d’90er Joren?
International Kultur celebs go dating dawson castle and beckett dating in real life

how to find out if your boyfriend is on dating apps

90er waren eng rau Zäit. An all Sënn vum Wuert.

Stengefort: Rendez-vous vun de jonken Alen an de ale Jonken
International Kultur celebs go dating dawson castle and beckett dating in real life

Stengefort: Rendez-vous vun de jonken Alen an de ale Jonken

De ganze Weekend war Stengefort am „Young- an Oldtimer“ Féiwer,

Belschen F16 am Frankräich gecrasht
International Kultur celebs go dating dawson castle and beckett dating in real life

Belschen F16 am Frankräich gecrasht

D‘Autoritéiten hu gëschter Owend bestätegt, datt et ee Juegdfliger vun

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…

Et wierkt wéi eng Ironie vum Schicksal, datt direkt zwee esou bekannte Kënschtler um selwechten Dag stierwen. Och wann den een als Vertrieder vum Expressionismus sech enorm ënnerscheet vum Begrënner vun der Pop-Art, esou hu si awer hir artistesch Oder gemeinsam. Den Oskar Kokoschka, den virun allem fir seng expressionistesch Potraiten a Landschaftsbiller bekannt ass, huet 1980, am Alter vu stolzen 93 Joer, eis Welt vir ëmmer verlooss. Beim Andy Warhol war dëst genau siwe Joer drop de Fall.

Eng Geschicht soll awer ëmmer beim Ufank starten. Am Fall vum Oskar Kokoschka ass dat um 1. Mäerz 1886 gewiescht, wou hien zu Pöchlar un der Donau gebuer ginn ass. Seng Kandheet huet hien zesumme mat senge Geschwëster Berta a Bohuslav verbruecht, woubäi de Brudder, den selwer immens gären gemoolt huet, verstuerwen ass. Den Oskar hat deemools eréischt 5 Joer, wouduerch dëst Ereegnis hien immens gepräägt huet.

Als talentéierte Schüler krut vun der Wiener Konschtgewerbeschoul ee Stipendium zougesprach, wouduerch hie vun 1905 bis 1909 hei studéiere konnt. Schonn als jonke Student krut den Oskar ëmmer erëm Opträg vu Professeren am Beräich Illustratioun an Dekoratiounm, wat sech als gudden Nieweverdéngscht erwisen huet. Am spéidere Verlaf gi seng Wierker vum psychologeschen Expressionismus beaflosst, wouduerch ee seng Portraite mam Freud senger Tiefenpsychologie vergläiche kéint.

Nodeems de Kënschtler bei senge Reese vun diverse Kënschtler, wéi beispillsweis dem Van Gogh inspiréiert ginn ass, huet hien als Professer un der Konschtakademie zu Dresden geschafft. Uschléissend ass et fir hien op London gaangen, wou hien déi britesch Nationalitéit ugeholl huet.

Kokoschka

„Der irrende Reiter“ Oskar Kokoschka © Guggenheim Museum

Zur Zäit vum Zweete Weltkrich ass seng Konscht an Däitschland net méi akzeptéiert ginn – si ass ënnert de Begrëff „entaart Konscht“ gefall. Am Expressionismus sinn nämlech déi traditionell Weltbiller opgehuewe ginn, sou datt ee moralescht Chaos ausgeléist konnt ginn. Virun allem déi gesellschaftlech Verännerung an d’Gefill vun der Angscht sinn een elementaart Motiv vun dëser Epoch. Generell sollt dat bannescht Empfannen no bausse gekéiert ginn, wouduerch d’Kënschtler hei just vu graff Formen, kontrasträiche Faarwen an abstrakten Interpretatioune vun der Wierklechkeet Gebrauch gemaach hunn.

Ëm 1953 ass et awer roueg ginn: de Kënschtler huet sech um Genfer Séi néier gelooss an hei geleeëntlech seng artistesch Oder eraus gelooss. Dobäi weisen seng lescht Wierker Deitunge vun der Wierklechkeet mat engem héije Vergeeschtegungsgrad op. Fënnef Joer viru sengem Dout huet den talentéierte Moler nees déi éisträichesch Nationalitéit ugeholl. Haut virun 39 Joer ass den Oskar Kokoschka zu Montreaux an der Schwäiz gestuerwen.

Vum Oskar zum Andy

Et war de 6. August 1927 wou den Andy Warhol am US-amerikanesche Pittsburgh op d’Welt komm ass – deemools war de Kokoschka schonn 41 Joer al. Och hien huet sech relativ fréi fir d’Konscht interesséiert, wouduerch de Warhol eng Léier zum Dekorateur fir Vitrinne gemaach huet. No sengem Studium um Carnegie Institute of Technology huet hien ugefaangen, zu New York fir ee Schunghiersteller Reklammen ze entwéckelen. Donieft huet de Kënschtler fir divers Magazinner als Grafiker geschafft, dorënnert och d’Vogue.

Den Duerchbroch koum 1959, wou de Grafiker – zäitgläich mam Roy Lichtenstein – ugefaangen huet, alldeeglech Géigestänn a Masseproduiten, wéi beispillsweis Cola-Fläschen oder Zoppe-Béchsen, an der berühmter Comic-Art ofzebilden. Fir éischt goufe seng Wierker per Hand gemoolt, uschléissend huet de Warhol awer de Siebdrock fir sech entdeckt.

Warhol

Dem Warhol seng Zoppe Béchsen © Artnet

Bekannt ass de Pop-Art Kënschtler fir seng „Factory“. Am Joer 1963 huet hien zu New York eng eenzegaarteg Communautéit fir Kënschtler an Interlektueller gegrënnt, déi hei hirer Aarbecht nogoen a liewe konnten. Ab dësem Zäitpunkt huet den Artist schliisslech net méi selwer geschafft – d’Produktioun hunn seng Mataarbechter a Kollegen iwwerholl.

Säi Markenzeeche waren déi blondéiert Hoer a säin exzentresche Charakter, wouduerch hie sech als Matbegrënner vun der Pop-Art duerchsetze konnt an den „American Way of Life“ propagéiert huet. Nieft dem Massekonsum sinn och Massenidoler aus der Musek, dem Film an der Musek ofgebild ginn. Dozou gehéiert ënnert anerem den Elvis Presley, d’Marilyn Monroe an den John F. Kennedy.

warhol

Siwe Joer nom Kokoschka ass den Andy Warhol un de Folge vun der Galeblosenoperatioun am Spidol zu New York verstuerwen. Weltwäit bekannt sinn awer béid Kënschtler bis haut!

Expressionismus vs Pop-Art

Am beschte kann een d’Charakteristike vun enger Konschtepoch ëmmer nach an engem einfachen an direkte Vergläich behandelen. Heivir hu mir eng Tabell mat de wichtegste Punkten erstallt:

Expressionismus

Pop-Art

Zäitlech Anuerdnung Ëm 1905 bis 1925 Ëm 1959 bis 1970
Regioun Europa USA
Hierkonft vum Numm Expressio“ – Ausdrock „Popular” – beléift
Inspiratioun Gefiller, Gedanken, Geschicht Masseprodukter, Konsum, Idoler, Katastrophen
Aart Molerei, Holzschnëtt, Gedichter,… Serigraphie, Fotomontage
Faarwe Grell Kombinatiounen a Kontraster Haaptsächlech Primärfaarwen
Ziel Ausdrock vun der eegene Gefillswelt Fräiheet, Alldagsgéigestänn als Konscht
Weider Vertrieder Henri Matisse, Wassily Kandinsky, Franz Marc,… Roy Lichtenstein, Claes Oldenburg, Tom Wesselmann

Quellen:

Ähnlech Sujeten Andy Warhol, entaart Konscht, Expressionismus, Konscht, Oskar Kokoschka, Pop Art, Verglach, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel