Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si hunn de Journalist ëmbruecht!
Kultur Neiegkeeten Stories

Si hunn de Journalist ëmbruecht!

E Samschdeg huet Saudiarabien zouginn dat de saudesche Journalist, Jamal

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken
Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken

Also et ass elo awer och wierklech net einfach fir

Wéi gutt kenns du Gréiwemaacher?
Kultur Neiegkeeten Stories

Wéi gutt kenns du Gréiwemaacher?

Gréiwemaacher gehéiert zu den zwielef Stied hei am Land. D’Muselstad

What the Fakt – Dem Agatha Christie säin 43. Doudesdag

What the Fakt – Dem Agatha Christie säin 43. Doudesdag

Dës Madamm ass eng vun den erfollegräichste britesche weibleche Schrëftstellerinnen. Mat 4 Millioune verkaaften Exemplaren u Kriminalromanen huet si awer och d’Filmwelt mat der „Miss Marple“ oder dem „Hercule Poirot“ gepräägt. Duerch hire Stil kann een dës Fra souguer als d’Kinnigin vum Krimi bezeechnen.

Agatha Christie

Um 15. September 1890 gëtt d’Agatha Mary Clarissa Christie gebuer a wiisst, zesumme mat zwee Geschwëster, an dichtege Familljeverhältnisser op. Datt d’Kanner doheem ënnerriicht goufen ass hinnen net zu Schued komm. Schonn am Alter vun 11 Joer weist sech nämlech dat enormt Talent vum jonke Meedchen. Säin éischt Gedicht ass nämlech an enger lokaler Zeitung verëffentlecht ginn an huet groussen Uklang bei de Lieser fonnt.

Fir ee Studium an der Musek muss d’Agatha Christie un d’Universitéit zu Paräis goen. Zu dëser Zäit huet leider den Éischte Weltkrich ugefaangen, wouduerch d’Studentin dann bei dat Rout Kräiz eriwwer gewiesselt ass. Duerch seng Aarbecht an der Apdikt léiert hatt vill iwwert d’Wierkung vu Medikamenter, wéi och iwwert Gëfter – een Element wat ee spéider an de literaresche Wierker ëmmer erëm fënnt.

Nodeems déi wëssbegiereg Fra 1914 bestuet ginn ass an och kuerz drop hiert éischt Kand op d’Welt bruecht huet, konnt si sech erëm hirer grousser Leidenschaft, dem Schreiwen, zouwennen. Sechs Joer méi spéit gëtt dann den éischte Krimi mam Numm „Das fehlende Glied der Kette“ verëffentlecht, kuerz duerno erschéngt d’Wierk „Alibi“. Duerch déi spannend, onerwaarten Handlungsverleef fënnt d’Schrëftstellerin groussen Uklang beim Publikum.

Mee och eng erfollegräich Persoun ass net vu Schicksalsschléi befreit. Aus dësem Grond entschléisst d’Agatha Christie sech dozou, eng Rees an den Orient unzetrieden. Majo, et sollt eng Aventure ginn déi fir zukünfteg Wierker inspiréiere sollt, wéi da beispillsweis „Mord im Orient Express“.

Agatha Christie

D’Schrëftstellerin bei hire Reesen

Ee weidert nennenswäert Wierk ass wuel „Miss Marple“, wou et ëm eng weiblech Detektivin geet, déi spannend Fäll léise muss. 1955 krut d’Schrëftstellerin fir hir Aarbecht souguer de Grand Master Award fir Horror-, Krimi- a Fantasyromaner.

Wärend hire Liefzäiten sinn am Ganzen 66 Krimien, Bühnestécker a Kuerzgeschichten entstanen. No der Bibel zielen dës Wierker nach ëmmer zu de meescht verkaafte Bicher, no der Bibel. An och d’Filmbranch huet un de Geschichte Gefale fonnt. Sou ass 2017 d’Verfilmung vu „Mord im Orient Express“ erauskomm. D’Geschicht ëm den Detektiv Hercule Poirot faszinéiert duerch seng paakend Handlungen an den onerwaarte Schluss.

D’Agatha Christie gehéiert definitiv zu enge vun den talentéiertsten an erfollegräichste Fraen vun hirer Zäit. Ee Grond, wisou si onbedéngt ernimmt muss ginn!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Agatha Christie, Krimi, Literatur, Miss Marple, Mord im Orient-Express
Nächsten Artikel Virrechten Artikel