Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert
International Kultur https://moien.lu/totally-free-websites-for-dating/ https://moien.lu/dating-ako-quotes/

https://moien.lu/maddie-poppe-and-caleb-dating-announcement/

E Sonndeg huet Réiden erëm mat ee grousse Programm un

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!
International Kultur https://moien.lu/totally-free-websites-for-dating/ https://moien.lu/dating-ako-quotes/

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!

Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat

Demonstratioun vun der Muecht
International Kultur https://moien.lu/totally-free-websites-for-dating/ https://moien.lu/dating-ako-quotes/

Demonstratioun vun der Muecht

Wa Frankräich säin Nationalfeierdag ganz ënnert d‘Zeeche vun der europäescher

What the Fakt – Den éischten duebelen Album an der Rap-Geschicht

What the Fakt – Den éischten duebelen Album an der Rap-Geschicht

Den 13. Februar 1996 war wuel ee vun de wichtegsten Deeg am Liewe vum Rapper Tupac Shakur. Den talentéierte Kënschtler huet säi groussen Dram, am Museksbusiness anzesteigen, verwierklecht a konnt mat „All Eyez On Me“ säi véierten a wuel bekanntsten Album verëffentlechen. Donieft war dëst och weltwäit den éischten Duebel-Album an der Geschicht vum Rap.

Schonn als Kand war den Tupac Amaru Shakur ënnert sengem Kënschtlernumm 2Pac oder Makaveli bekannt. Trotz senger schwéierer Kandheet, gepräägt vu Kriminalitéit an Onsécherheeten, huet de jonke Kärel 1986 d’School for the Arts zu Baltimore (Maryland) besicht, wou hie verschidde Coursen am Ballet, der Literatur an Theater beluecht huet. Sou ass hie schlussendlech och zum Rap komm, wat sou gesinn eng Symbios aus dësen dräi Beräicher ass.

Mat senger donkeler Hautfaarf huet den Tupac ëmmer zu den Aussesäiter gehéiert an awer bezeechent hien d’Joren zu Baltimore als déi glécklechst Zäit a sengem Liewen. Am Géigesaz zu anere Jugendlechen a sengem Alter huet hien nämlech de Privileeg eng Bildung erliewen ze dierfen, immens ze schätze gewosst.

Tupac

Just zwee Joer méi spéit gëtt him all Stabilitéit entzunn, doduerch, datt seng Mamm ouni hiert Kand plënnert. Den Tupac leit extrem ënnert der Situatioun, brécht d’Schoul of a geréit lues awer sécher op déi schif Bunn. Am Ghetto vun Oakland hat de jonke Kärel Drogendealer an Zouhälter als Virbilder, déi hien ëmmer méi an den Ofgrond gezunn hunn.

An awer war et och genau dës Zäit, an der hien a Kontakt mam Musekgeschäft komm ass an als Roadie agestallt ginn ass. Kuerz Zäit méi spéit konnt hien als Dänzer aktiv ginn an seng éischt Erfarung bei der Rap-Grupp „Digital Underground“ sammelen. Mam Lidd „Same Song“ konnt den Tupac d’Opmierksamkeet op sech zéien a krut esou ee Solo-Plackevertrag bei Interscope Records. Sou huet de Rapper 1991 säin éischten Album „2Pacalypse Now“ verëffentlecht.

Déi kriminell Oder bléift

Stänneg stoung de Museker am Konkurrenz-Kampf zum Snoop Doggy Dog an huet mat sëlleche Gesetzesverstéiss uerdentlech op sech opmierksam maachen. Do ass et kee Wonner, datt bemol souguer behaapt ginn ass, datt de Rapper genau esou vill Zäit am Prisong verbréngt, wéi am Studio.

1996 kënnt schliisslech säin duebelen Album „All Eyez On Me“ eraus, déi säin enorme Succès op onvirstellbar Aart a Weis nach viru steigert. Op 2 CD’en begeeschtert den talentéierte Kënschtler mat 27 Lidder seng Fans, woubäi virun allem de Song „California Love“ besonnesch Beléiftheet erliewen dierf. Dësen Erfolleg konnt de Shakur allerdéngs net all ze laang genéissen. No engem Box-Kampf um 7. September 1996 gëtt de Museker zu Las Vegas ugeschoss.

Tupac

All Eyez On Me, 1996

Just sech Deeg méi spéit ass hien u senge schwéiere Blessure verstuerwen. Wien elo den Täter war, ass bis haut net kloer gewosst. Den Haaptverdächtegen Orlando Anderson ass selwer zwee Joer nom déidlechen Accident erschoss ginn. Kuerz duerno behaapten Unhänger vum Tupac, déi bei enger Kläpperei schwéier Blessuren dovu gedroen hunn, datt den Anderson ee Member vum Label Death Row Records beklaut hätt, wouduerch een eventuellt Motiv fonnt ginn ass.

Nom Dout vum Rapper hat Death Row nämlech den Album „The Don Killuminati: The 7 Day Theroy“ ënnert dem 2Pac sengem Pseudonym Makaveli erausbruecht. Den Numm ass vun engem italienesche Politiker a Philosoph ofgeleet ginn, den säin Dout virgetäuscht huet, fir sech 7 Deeg méi spéit u senge Feinden ze rächen. Ee Grond méi, wisou de Mythos besteet, datt de Museker nach ëmmer lieft.

D’Opreegung ëm den 2Pac huet och mat de Joren net ofgeholl. Sou sinn säit 1996 nach 5 weider Alben erauskomm, fir dat onstëllbart Verlaange vun de Fans iergendwéi ze befriddegen. Am Joer 2017 ass schliisslech de Film „All Eyez On Me“, déi de Liewenslaf vum Tupac Shakur beschreift, an d’Kinoe komm.

Quellen:

Ähnlech Sujeten 2Pac, All Eyez On Me, Attentat, Musék, Rap, Tupac Shakur, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel