Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi lénk: „De Staatsrot ass ontransparent an ondemokratesch”
International Kultur infinite sunggyu dating https://moien.lu/ex-girlfriend-dating-my-friend/

dating show videos

Nodeems um Staatsrot, déi vun der Partei déi gréng virgeschloe

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25
International Kultur infinite sunggyu dating https://moien.lu/ex-girlfriend-dating-my-friend/

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25

Et ass gro an et reent, wéi ech an d’Rue

What the Fakt – Alles agepaakt beim Christo?

What the Fakt – Alles agepaakt beim Christo?

Duerch seng speziell Verhüllungskonscht ass de bulgaresche Kënschtler Christo bekannt ginn. Duerch d’Apake vu monumentale Gebaier an Landschafts-Ofschnëtter mat Stoff huet hie schonn 1968 op sech opmierksam gemaach. Esou wëll hein een neit Bewosstsin fir d’Realitéit an d’Geschicht schafen an virwëtzeg maachen, op dat, wat sech hannert der Hüll verstoppt. Haut kann de Kënschtler säi 84. Gebuertsdag feieren!

Um 13. Juni 1935 ass de Christo Wladimirow Jawaschew zu Gabrovo a Bulgarien gebuer ginn. No sengem Ofschloss ass et fir de jonke Kärel op Sofia an d’Akademie vun de schéine Kënscht gaangen, wou hien uschléissend an den Theater vu Prag gewiesselt huet, fir hei Regie a Bühnebild ze léieren.

Kuerz drop ass et dunn weider op Wien an uschléissend op Paräis gaangen, wou de Kënschtler bis 1963 gelieft huet. Hei sollten och déi éischt Wierker entstoen, bei deenen divers Objete verhüllt gi sinn. Aus dem Bestietnis mam Jeanne-Claude – dësen Numm sollt ee sech iwwregens och mierken – ass hire Jong, de Cyril um 11. Mee 1960 gebuer ginn. Just ee Joer méi spéit ass d’Iddi komm fir och ëffentlech Gebaier an Uelegfässer zu Köln ze verhüllen.

D’Famill ass 1964 op New York geplënnert, wou dem Christo seng spektakulär Groussprojeten an der Land-Art entstane sinn. Ier 1972 de Strand vum Little Bay zu Sidney iwwer 1,5 Kilometer mat enger Folie agepaakt ginn ass, huet de Konschtmusée zu Bern misse verstoppt ginn.

Christo

Verhüllung vum Konschtmusée zu Bern © Christo a Jeanne-Claude

Wrapped Reichstag

Zu senge bekanntste Wierker gehéiert awer nach ëmmer d’Verhüllung vum Pont Neuf zu Paräis am Joer 1985, sou wéi den Däitsche Reichstag zu Berlin, deen am Summer 1995 agepaakt ginn ass. No Virbereedungen, déi ganzer 20 Joer gedauert hunn, koum schliisslech den Accord vun der däitscher Säit. All Projet ass aus Skizzen entstanen, mat deenen hien an dësem Fall 1972 ugefaangen huet. Mat 3D Modeller, Stoffprouwen a Fotografien, sollt d’Gesamtkonschtwierk perfekt ginn.

Divers politesch Hindernisser hu missen iwwerwonne ginn. Duerch déi speziell Situatioun a Westberlin huet den Interessi vun den dräi Alliéierten, der Stad Berlin an der Bundesrepublik Däitschland respektéiert ginn. Esou ware beispillsweis de Wolfgang Schäuble an den Helmut Kohl géint de Projet, de Willy Brandt huet d’Aktioun ënnerstëtzt.

Duerch d’Wiedervereenegung vun Däitschland an d’Entscheedung, datt Berlin d’Haaptstad vun Däitschland gëtt ass fir de Christo eng Zäitfënster opgaangen, fir zesumme mat senger Fra Jeanne-Claude de Reichstag ze verpaken. Um 25. Februar 1994 kruten d’Kënschtler schliisslech gréng Luucht fir hiren aussergewéinleche Projet.

Am Ganze sinn 200 Tonne Stol fir d’Gerüst gebraucht ginn, sou wéi 100.000 m² Polypropylengewebe an 15.600 Meter blot Polypropylenseel. Iwwert 200 Aarbechter stoungen dem Christo a Jeanne-Claude zur Säit, fir d’Verhüllung ze verwierklechen. No 2 Wochen hate 5 Millioune Visiteuren den agepaakte Reichstag besicht, de d’Hüll gouf nees ofgebaut an d’Material recycléiert. D’Erënnerung un dës Aktioun ass duerch Dokumentatiounen, Zeechnungen a Collagen haut nach accessibel.

Christo

hristo a Jeanne-Claude, Verhüllte Reichstag zu , Berlin © Wolfgang Volz

A wisou péckt een Gebaier an??

Generell geet et bei der Verhüllung dorëm, datt ee sech géint d’Vermarktung vun der Konscht wiere wëll. Schliisslech kann een d’Wierker vum Christo a Jeanne-Claude duerch hir Dimensiounen an temporär Presenz net kafen. Nieft dem ästhetesche Wäert ass et no der Wende ëm progressiivt Denke gaangen. Déi traditionell Gedanken, datt een historesch wichteg Gebaier schätze muss, esou wéi si sinn, sollten duerch déi kënschtleresch Aktioun verännert ginn. Donieft soll d’Verhüllung vum Reichstag och fir den Neiufank fir Däitschland stoen.

Christo

D’Jeanne-Claude an de Christo bei den Aarbechten fir de Reichstag

De Kënschtler selwer sot: „Kee kann dëse Projet kafen, keen e besetzen, keen e kommerzialiséieren, keen Entrée fir d’Visitt verlaangen – net emol eis gehéiert dëst Wierk. Eis Wierk handelt vu Fräiheet a Fräiheet ass de Feind vum Besëtzusproch, a Besëtz ass gläichbedeitend mat Dauer. Dofir kann d’Wierk net daueren.“

Eng Kënschtler-Koppel, wéi aus dem Billerbuch

Zuelräich Gebaier hunn de Christo an d’Jeanne-Claude zesumme verhüllt. Heizou gehéiere beispillsweis de Running Fence an der kalifornescher Landschaft (1973), The Umbrellas a Japan a Kalifornien (1991) oder och de Big Air Package am Gasometer Oberhausen (2013).

Christo

Vum 6. bis den 19. Abrëll 2020 gëtt den Arc de Triomphe verhüllt © Christo a Jeanne-Claude

Am Alter vu 74 Joer ass d’Jeanne-Claude zu New York gestuerwen. Trotz der déiwer Trauer ëm seng Fra huet de Christo sech determinéiert gewisen d’Verspriechen ze halen an d’Konscht vun hinnen zwee weider ze féieren. Am Abrëll 2020 wäert esou fir e puer Deeg den Arc de Triomphe zu Paräis agepaakt ginn. Vum 6. bis den 19. Abrëll verschwënnt d’Monument ënnert blo-sëlwerege Stoffbunnen. Vu Mëtt Mäerz bis Mëtt Juni wäert de Centre Pompidou eng Ausstellung iwwert d’Kënschtler-Koppel organiséieren.

Opmaacherbild: D’Wrapped Coast an Australien: d’Küst ass an enger Millioun Quadratfouss Stoff agepakt. Foto: Harry Shunk © CHRISTO,1969

Ähnlech Sujeten Christo, Jeanne-Claude, Konscht, Reichstag, Verhüllung, What the Fakt, Willy Brandt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel