Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Wéi wäit bass de bereet ze goen ?
International is tinder really a hookup app https://moien.lu/last-man-on-earth-are-gail-and-erica-dating/ sugar mama dating empangeni

dating site for apple users

Et vergeet kaum en Dag wou sech der net zwee

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?
International is tinder really a hookup app https://moien.lu/last-man-on-earth-are-gail-and-erica-dating/ sugar mama dating empangeni

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?

Et kann ee wuel nach net vun engem harmonesche Verhältnis

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“
International is tinder really a hookup app https://moien.lu/last-man-on-earth-are-gail-and-erica-dating/ sugar mama dating empangeni

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“

E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen

What the Fakt – Alles Guddes Johnny Depp!

What the Fakt – Alles Guddes Johnny Depp!

Ob als geckege Pirat, tollpatschege Vampir oder och verréckte Besëtzer vun enger Schockelasfabrik, den Johnny Depp wäert Grouss a Kleng bekannt sinn. Als Schauspiller, Regisseur, Produzent a Museker gehéiert hie mëttlerweil zur Elite vun Hollywood a bréngt mat sengem immense schauspillereschen Talent reegelméisseg Top-Filmer eraus. Haut feiert hie säi 56 Gebuertsdag!

Um 9. Juni 1963 ass den John Christopher Depp II zu Kentucky an den USA gebuer ginn. D’Schoul war ni wierklech eppes fir hien an esou huet de jonke Kärel d’High School ofgebrach. Mat e bëssi Gléck konnt hien duerch Niewerollen a verschiddene Filmer an d’Showgeschäft erakommen. Uschléissend huet den Johnny sech dann awer dozou decidéiert, d’Schauspillschoul ze besichen, fir esou seng Fäegkeeten ze verbesseren.

Déi éischt gréisser Roll krut hie schliisslech 1987 an der bekannter Serie „21 Jump Street“. Knapp dräi Joer méi spéit duerft hien am Musicalfilm „Cry-Baby“ den Wade Walker spillen. De beléifte Kinofilm a seng Haaptroll hunn him zum groussen Erfolleg verhollef, wouduerch hien uschléissend am Fantasyfilm „Edrward mit den Scherenhänden“ déi wichtegst schauspilleresch Plaz anhuelen duerft.

Bis haut ass den Depp nach mam Regisseur Tim Burton befrënnt an dierf doduerch reegelméisseg a senge Filmer matspillen. Heizou gehéiere beispillsweis „Sleepy Hollow – Köpfe werden rollen“ vun 1999, „Charlie un d’ déi Schokoladenfabrik“ vun 2005 oder och „Sweeny Todd“ vun 2007.

Mat 32 Joer huet de Schauspiller een Ausfluch an de Musekbusiness gemaach a wollt mat senger Band P grouss duerchstarten. Zesumme mam Bassist vun de Red Hot Chili Peppers ass schliisslech een Album erauskomm, deen allerdéngs net esou vill Erfolleg wéi dem Depp seng Filmer sollt hunn. Bis haut ass den Disk bei de Sammler awer immens beléift.

Johnny Depp

Den Depp a seng Band

Héiert een den Numm Johnny Depp, dann huet ee wuel direkt d’Bild vum Pirat Jack Sparrow am Kapp, deen eng liicht mat der Dänn a méi Gléck wéi Verstand huet. Viru 16 Joer ass den éischten Deel vun der Trilogie „Fluch der Karibik“ erauskomm, wou een hien un der Säit vum Orlando Bloom a Keira Knightley ka bewonneren. Den däitsche Synchronspriecher fir den Depp ass hei de Marcus Off.

Vun 1983 un war de Schauspiller fir zwee Joer mam Lori Allison bestuet. Duerch divers Affär, och ënnert anerem mam Kate Moss, ass dës Léift an d’Bréck gaangen. E bëssi drop konnt awer och den Depp säi Gléck fanne mat der franséischer Sängerin a Schauspillerin Vanessa Paradis. D’Koppel huet zwee Kanner.

Seng lescht Roll huet hien 2018 am „Phantastische Tierwesen: Grindelwalds Verbrechen“ gespillt. Ma haut gëtt fir de Gebuertsdag dann ee gudde Kuch, oder dach éischter eng Fläsch Rhum, vläicht awer och Schokela?

Ähnlech Sujeten Fluch der Karibik, Jack Sparrow, Johnny Depp, P, Schauspiller, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel