Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden
International Kultur Neiegkeeten Stories

Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden

Déi kooperativ Bank Raiffeisen ass wuel kee Ris op der

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet
International Kultur Neiegkeeten Stories

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet

Den 31. Januar hat de Gesondheetsminister, Etienne Schneider (LSAP) eng

What the Fakt – Loosst den Tubak Iech net den Otem huelen!
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Loosst den Tubak Iech net den Otem huelen!

Den 31. Mee ass de weltwäiten Dag ouni Tubak. Un

What the Fakt – Alles Guddes Joseph Beuys!

What the Fakt – Alles Guddes Joseph Beuys!

Als ee vun de bekanntesten däitsche Kënschtler huet hien d’Aktiounskonscht mat senger provokanter a sozialpolitescher Aart weiderentwéckelt. Säi Liewe laang wollt hien d’Eenheet vun Natur a Geescht nees hierstellen, wouduerch hien oft mat Koffer, Fett a Filz d’Komplexitéit vu sengem Gesamtkonschtwierk ausdrécke wollt. Kreativ Geckeger braucht d’Welt, an dofir sollt een dësem Artist fir seng 98. Joer – déi hien allerdéngs net méi mat kritt – gratuléieren!

Um 12. Mee 1921 huet de klenge Beuys zu Krefeld d’Liicht vun der Welt erbléckt. Als Pilot am Kampfflieger huet hien am Zweete Weltkrich säin Déngscht geleescht, woubäi bei him wuel eng artistesch Erliichtung komm ass. No schwéiere Blessuren ass hien am Krankelager mat Talg behandelt an a Filz gewéckelt ginn. Wann ee sech esou seng kënschtleresch Zukunft ukuckt, da muss dëst Erliefnis bal een Afloss op seng Konschtmaterialie gehat hunn.

Vun 1946 bis 1955 huet de Joseph Beuys sech dem Klevener Kënschtlerbond ugeschloss. Knapp ee Joer nodeems hie sech an dëser Grupp gemellt huet, duerft de jonke Kärel un der Düsseldorfer Konschtakademie Molerei a Bildheeërei studéieren. D’Talent ass dann och esou grouss gewiescht, datt hien als Meeschterschüler vum Ewald Mataré ervir gaangen ass.

Duerch seng nei Beschäftegung ass de Krich net ouni Spueren um Beuys laanscht gaangen. Trotz senger Begabung, sengen zuelräichen Ausstellungen a senger Aarbecht als Konschtprof hunn d’Depressiounen him d’Liewe schwéier gemaach. An awer huet hien no an no eng eegen Ästhetik mat subjektiver a komplexer Bedeitung entwéckelt, déi ee Liewe laang seng Wierker bestëmme sollten.

Joseph Beuys

De Beuys bei sengem Virtrag „All Mënsch ee Kënschtler – um Wee zur Fräiheetsgestalt vum sozialen Organismus“ 1978 © Rainer Rappmann

Et geet ëm Heelung

Eng immens Inspiratiounsquell war dem Rudolf Steiner seng anthroposophesch Léier. De Rationalismus wier, laut dem Steiner, just eng Folleg vum materialistesch gepräägten Denke vun der moderner Gesellschaft, woubäi hien duerch Imaginatioun, Inspiratioun an Intuitioun dogéint schaffe wollt. An esou huet de Kënschtler, dee mëttlerweil och politesch aktiv war, sech selwer als Schaman gesinn, deen duerch d’Konscht d’Gesellschaft heele wëll.

„Just aus der Kreativitéit vum Mënsch eraus kënne sech d’Verhältnisser änneren. An ech gleewen, vill Mënsche spieren, datt dat Mënschlecht, also dëse mënschleche Punkt, an der Konscht am meeschte weider entwéckelt ka ginn.“

Wéi een dem doudegen Hues d’Biller erkläert

Bei senger Aktioun vum 26. November 1965 waren d’Diere vun der Galerie Schmela zu Düsseldorf zou. D’Visiteure konnte just tëscht de Rideauen zu de Fënstere gesinn, datt de Kënschtler säi Kapp komplett mat Blatgold, Goldstëbs an Hunneg bedeckt hat an engem doudegen Hues op sengem Arem probéiert huet, all Objet vun der Ausstellung ze erklären. Eréischt dräi Stonnen duerften d’Leit d’Galerie betrieden.

De Joseph Beuys souz, mam Réck zum Publikum gedréit, nach ëmmer do mam Hues um Arem. Elo wäerten der wuel vill denken, datt dee Mann se dach net méi all hat. Nuje, jiddwerengem senges. Mee d’Bedeitung vun dëser Aktioun soll Iech awer erkläert ginn: Den Hues steet an den ënnerschiddleche Relioune fir Fruchtbarkeet oder och Operstéiung. D’Gold, am Gesiicht vum Kënschtler, soll d’Wäisheet an d’Kraaft vun der Sonn symboliséieren. An esou seet de Beuys Folgendes:

„Fir mech ass den Hues d’Symbol vun der Inkarnatioun, well den Hues mëscht dat ganz real, wat de Mënsch just a Gedanke kann. Hie grieft sech an, hie grieft sech ee Bau. Hien inkarnéiert sech an d’Äerd an dat eleng ass wichteg. Esou kënnt hie mir vir. Mat Hunneg um Kapp maachen ech natierlech eppes, wat mat denken ze dinn huet. Déi mënschlech Fäegkeet ass, net Hunneg ofzeginn, mee ze denken, Ideen ofzeginn. Doduerch gëtt den Doudescharakter vum Gedanken nees lieweg gemaach. Wëll Hunneg ass ouni Zweiwel eng lieweg Substanz. De mënschleche Gedanke kann och lieweg sinn. E kann awer och intellektualiséierend déidlech sinn, och dout bleiwen, sech den doudbréngend äusseren, wéi am politesche Beräich oder der Pädagogik.“

Joseph Beuys

Wéi een dem doudegen Hues d’Biller erkläert

Dës weidere gëtt hien un, datt hien éischter dovun ausgeet, datt een doudegen Hues d’Konscht versteet, wéi de gesonde Mënscheverstand. Ouni genau ze kucken, wëlle mir ëmmer gär direkt verstoen.

Et ginn esou vill Wierker vum Joseph Beuys, datt mir et Iech iwwerloossen eppes fir Iech Uspriechendes ze fannen. Eng Selektioun vu sengen Installatiounen a Konschtobjete kënnt Dir beispillsweis HEI fannen.

Och wann hien um 23. Januar 1986 zu Düsseldorf un Häerzversoe gestuerwen ass, esou ass et emol interessant, eppes iwwert de Joseph Beuys gewuer ze ginn an d’Hannergrënn vu senge Kreatiounen an Intentiounen ze verstoen. Vläicht feiert hie jo haut mam Hues Gebuertsdag?

Quellen:

Ähnlech Sujeten Aktiounskonscht, Depressioun, Fett, Filz, Gold, Hunneg, Joseph Beuys, Konscht, What the Fakt, Zweete Weltkrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel