Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Hunn se d‘Mënscherecht op fräi Meenungsäusserung gestrach?
International kerri dating mason https://moien.lu/top-australian-hookup-sites/ 18 year old dating a 15 year old legal

Hunn se d‘Mënscherecht op fräi Meenungsäusserung gestrach?

De 25. Februar ass der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an enger

Bookmundi: Wéi eng Vakanzelänner sinn am Séchersten?
International kerri dating mason https://moien.lu/top-australian-hookup-sites/ 18 year old dating a 15 year old legal

Bookmundi: Wéi eng Vakanzelänner sinn am Séchersten?

Mat der Schoulvakanz steet elo fir déi meescht Famillen eng

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé
International kerri dating mason https://moien.lu/top-australian-hookup-sites/ 18 year old dating a 15 year old legal

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé

Op et dem 1. Mee selwer, dem gudde Wieder oder

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!

De franséische Schrëftsteller Jules Verne ass mat senge fantastesche Wierker de Begrënner vun de Science-Fiction- an Zukunftsromaner ginn. Mat Geschichte wéi „Die Reise zum Mittelpunkt der Erde“ oder „In 80 Tagen um die Welt“ war den talentéierte Mann sengen Zäitgenossen ee gutt Stéck viraus a léisst eis och nach haut mat sengen Erzielunge stralen. Haut virun 191 Joer ass de Jules Verne op d’Welt komm an och, wann hien ewell eng Zäitchen net méi ënnert eis ass, ass seng bemierkenswäert Perséinlechkeet ervir ze hiewen.

De Jules Gabriel Vernes ass um 8. Februar 1828 zu Nantes – emol guer net esou wäit ewech vun eis – op d’Welt komm. Schonn als Kand konnt hie sech u senger immenser Fantasie a sengen Dreem erfreeën. Op Wonsch vu sengem Papp huet de jonke Kärel zwar säi Studium als Affekot zu Nantes ugefaangen, huet awer schnell op d’Universitéit vu Paräis gewiesselt, wou hie sech senger Leidenschaft der Literatur an dem Theater zougewennt huet.

An dëser Zäit huet hien sech dem Schreiwe vun Dramen, Operen a Liberetti gewidmet, woubäi um 12. Juni 1850 d’Uropféierung vu sengem éischte Wierk zu Paräis am Theatre Historique war. Mat de Joren huet hie méi Beruffer missen hunn, fir sech a seng Famill kënnen iwwer Waasser ze halen. Esou war hien un der Bourse aktiv, mee och als Schrëftsteller an am Theater. Seng fantastesch Iddie koumen him duerch Reesen, bei deenen hie wëssenschaftlech Notize gemaach huet.

jules verne

Dem Jules Verne säin Aarbechtszëmmer zu Amiens

Mat senger grousser Loscht no spannenden Aventuren huet de Jules Verne sech der Gesellschaft zur Fërderung vun de Loftschëffer ugeschloss an un diverse Projete matgewierkt. 1863 koum dunn dem Schrëftsteller säi Wierk „Fünf Wochen im Ballon“ eraus, eng Geschicht, déi him endlech de gewënschte Succès bruecht huet. Do huet och de Vertrag bei engem Editeur net laang op sech waarde gelooss.

Just ee Joer méi spéit ass dunn d’Geschicht mat der Rees zum Mëttelpunkt vun der Äerd eraus komm, kuerz drop d’Buch „Von der Erde zum Mond“. Mat den onvirstellbare phenomenale Geschichten huet hie fir Opmierksamkeet gesuergt an säi Publikum begeeschtert – an dat ass och bis haut nach esou.

Duerch seng ongestëllte Wëssensloscht an diverse Beräicher, wéi Chimie, Geografie, Physik oder Technik, huet de franséische Schrëftsteller immens vill Informatiounen opgesuckelt, wat him och bei den immens detailléierte Beschreiwungen a senge Geschichte gehollef huet.

jules verne

Porträit vum Schrëftsteller (1890)

Inspiratioun kënnt net vum Himmel gefall

Mam Succès koum och de finanziellen Erfolleg. Esou konnt de Jules Verne et sech leeschten duerch d’Welt ze reesen an verschidde Kulturen ze erliewen. Natierlech ass dat och senge Romaner ze gutts komm. Als Auteur ass hien oft geéiert ginn an en duerft souguer de Poopst zu Roum treffen.

Mat sengen Erzielungen a senger immenser Virstellungskraaft war de Fransous der Technik vu senger Zäit scho wäit viraus. Esou huet hie beispillsweis scho vun Helikopteren an Atom-U-Booter geschriwwen, ier et dës Errongenschaften iwwerhaapt ginn ass. Domadder gëllt hien net nëmmen als kreative Mënsch mat enormem Fortschrëttsglawen, mee och als Begrënner vun der moderner Science-Fiction-Literatur.

Am Alter huet de Jules Verne un Diabetis gelidden, wouduerch sech seng Gesondheet ëmmer weider verschlechtert huet. Um 24. Mäerz 1905 ass hien am stolzen Alter vun 77 Joer zu Amiens gestuerwen. Och haut nach sinn souwuel seng Bicher, wéi „In 80 Tagen um déi Welt“, wéi och d’Verfilmung vu senge Wierker bei Kleng a Grouss beléift, wouduerch den Auteur wuel onstierflech ass.

jules verne

Quellen:

Ähnlech Sujeten Gebuertsdag, In 80 Tagen um die Welt, Jules Verne, Literatur, Reise zum Mittelpunkt der Erde, Schrëftsteller, Science Fiction Roman, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel