Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stater DP huet sech Zäit fir ee Bilan geholl
International Kultur Neiegkeeten Stories

Stater DP huet sech Zäit fir ee Bilan geholl

Um Donneschdeg huet d‘Sektioun Lëtzebuerg vun der DP hire Bilan

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn
International Kultur Neiegkeeten Stories

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn

Et war wéi gewinnt eng flott a gemittlech Meeschterschaftsfeier déi

Ouni Chantiere gëtt et keng Stadentwécklung
International Kultur Neiegkeeten Stories

Ouni Chantiere gëtt et keng Stadentwécklung

Eis Haaptstad wiisst, demographesch a wirtschaftlech. Dat bedeit awer, datt

What the Fakt – Alles Guddes un d’Stilikon Audrey Hepburn!

What the Fakt – Alles Guddes un d’Stilikon Audrey Hepburn!

Mat Sensibilitéit a rouegem Schauspill-Talent huet déi britesch-hollännesch Actrice Audrey Hepburn zu de groussen Diven um internationale Film avancéiert an huet mat senger Eleganz d’Fraebild vun de 50er a 60er Jore gepräägt. Nieft der fantastescher Aarbecht am Theater a Film ass dës Damm och duerch hiren Asaz am humanitäre Beräich opgefall. Fir den 90. Gebuertsdag gëtt et elo nees Kaffi beim Tiffany!

Um 4. Mee 1929 ass d’Audrey Kathleen Hepburn-Ruston zu Bréissel op d’Welt komm. Zur Zäit vum Zweete Weltkrich huet seng Mamm mat him an Holland gewunnt, wou d’Audrey bis 1945 am Conservatoire fir Danz ausgebilt ginn ass. Knapp 3 Joer méi spéit huet et déi jonk Fra op London gezunn, fir d’Talent mam Danz weider ze verdéiwen. Am selwechte Joer krut hatt seng éischt Filmroll bei „Die Niederlande in 7 Lektionen“ bis hatt schliisslech bei der Show „High Button Shoes“ an der britescher Haaptstad optrieden duerft.

Audrey Hepburn

Nieft der Ausbildung am Ballet an dem Job als Fotomodell sinn d’Kontakter am Filmberäich weider gestäerkt ginn, wouduerch nei Rollen net laang op sech waarde gelooss hunn. No der Haaptroll am erfollegräiche Musical „Gigi“ ass et fir déi grazil talentéiert Perséinlechkeet steil biergop gaangen, wouduerch seng Roll bei „Ein Häerz un eine Krone“ souguer mat engem Oscar belount ginn ass.

Net vergiesse sollt een awer wuel „Frühstück bei Tiffany“ aus dem Joer 1961. Do kritt een direkt d’Bild vun der eleganter jonker Fra am schwaarze Kleed, zesumme gebonnenen Hoer, ville Bijouxen, der laanger Zigarett an dem léiwe Laachen an de Kapp! A senger Roll wollt d’Audrey sech ee räiche Mann aangelen, huet awer de genaue Géigendeel fonnt.

Audrey Hepburn

Frühstück bei Tiffany

Wat awer am Film esou gutt geklappt huet, sollt am private Beräich net glat lafen. No der Hochzäit mam Schauspiller Mel Ferrer kritt d’Audrey Hepburn ee Kand, an awer sollt d’Koppel schonn 1968 gescheet ginn. Och dat zweet Bestietnis, dës Kéier mam italienesche Psycholog Andrea Dotti, ee knappt Joer drop sollt net laang halen. Och aus dëser Bezéiung ass ee Jong ervirgaangen.

Vu Wow zu Oho!

Egal ob bei „Eliza Doolittle“, „Peter O’Toole“ oder och „Warte, bis es Dunkel wird“, den Erfolleg an d’Unzuel un de Präisser, déi dës Damm sech verdéngt huet, ass einfach net gesonk. No e puer Joer Paus koum 1975 de grousse Comeback vun der Actrice mat „Robin und Marian“, woubäi hatt als Lady Marian nieft dem Sean Connery, als Robin Hood, ze gesi war.

Audrey Hepburn

Zesumme mam Sean Connery 1976 bei “Robin und Marian”

An endlech sollt et och an der Léift klappen. Am Joer 1980 huet d’Audrey den Hollänner Robert Wolders kennegléiert, mat deem hatt bis zum Dout an der Schwäiz gewunnt huet. Donieft ass d’Schauspillerin och als Sonderbotschafterin beim Kannerhëllefswierk UNICEF ervir gestach. Fir säin Engagement ass d’Actrice mat Häerz mam „Jean Hersholt Humanitatian Award“ ausgezeechent ginn.Um 20. Januar 1993 ass d’Audrey Hepburn a sengem Haus an der Schwäiz gestuerwen.

Audrey Hepburn

Mat iwwer 50 Präisser an engem Éieren-Oscar huet dës Fra net nëmmen eng aussergewéinlech Aarbecht am Theater a Film geleescht, mee sech spéider och nach onermiddlech fir d’Kanner an der ganzer Welt agesat! Mir wënschen alles Guddes an d’Wolleken!

Ähnlech Sujeten Audrey Hepburn, Frühstück bei Tiffany, Gebuertsdag, Schauspillerin, Unicef, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel