Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Wahnsinn vum Krich: Joresdag fir Hiroshima an Nagasaki
International Neiegkeeten https://moien.lu/esea-cs-go-matchmaking/

libra woman dating a libra man

Viru 74 Joer um 6. an 9. August 1945 sinn

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta
International Neiegkeeten https://moien.lu/esea-cs-go-matchmaking/

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta

Malta mécht d’Bestietnes op. Et kënnt enger Revolutioun gläich. E

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“
International Neiegkeeten https://moien.lu/esea-cs-go-matchmaking/

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“

De Brendon Tarrant war schwéier bewaffent an zwou Moscheeën zu

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!

Um 16. Juli 1969 hunn d’USA Raumfart-Geschicht geschriwwen. Fir d’Missioun Apollo 11 heft déi 3.000 Tonne schwéier Rakéit, zesumme mat den Astronauten Neil Armstrongg, Buzz Aldrin a Michael Collins of. Ronn 600 Millioune Mënsche beobachten dëst historesch Spektakel.

Elo ass et schonn een halleft Joerhonnert hir, datt d’Missioun vun der Apollo 11, bei der déi éischt Astronauten de Mound betriede sollten, gestart ass. Ënnert ideale Wiederkonditiounen ass d’Ofhiewe vun der monstréiser „Saturn-V“Rakéit um 9:32 Auer (EDT) um Cape Canaveral zu Florida, nom spannende Countdown, vun de Medie gefilmt, kommentéiert an iwwermëttelt ginn.

Fir sech d’Dimensioune vun der Rakéit besser virstellen ze kënnen: Mat hiren 111 Meter Héicht kéint si een Héichhaus vun 30 Etage labber iwwertrompen. Voll getankt mat héichexplosivem Kraaftstoff weit si ronn 3000 Tonnen, wat ongeféier 500 afrikaneschen Elefanten entsprécht. Duerch 5 F-1-Triebwerker ass et eréischt méiglech gemaach ginn, datt dëst Monstrum sech a Richtung All beweegt.

Apollo 11

© NASA

Alles an den All!

Just 12 Minutte méi spéit ass d’Ekipp scho bei der Äerdëmlafbunn ukomm, ier fir d’Rees bei de Mound nei gezünt ginn ass. Fir Gewiicht ze spueren huet een nämlech ëmmer eng Stuf eidel brenne gelooss an dëst Stéck vun der Rakéit ofgetrennt. Iwwer 384.400 Kilometer hunn d’Astronauten zeréck geluecht, bis si schliisslech, ouni gréisser Problemer, d’Récksäit vum Mound erreecht hunn.

„We choose to go to the moon“, esou huet de President John F. Kennedy et um 12. September 1962 am Numm vun den USA an der ganzer Mënschheet ausgeruff. Knapp 7 Joer méi spéit hunn den Armstong, den Aldrin an de Collins et endlech gepackt. De President selwer huet dëst Evenement allerdéngs net méi mat kritt.

Um 20. Juli huet déi dräikäppek Ekipp sech getrennt: Den Neil Armstrong an Edwing „Buzz“ Aldrin sinn an d’Landemodul „Eagle“ gekrabbelt, wärend de Michael Collins eleng am Kommandomodul „Columbia“ bliwwen ass. Nodeems béid Hären de Mound quasi erreecht haten, ass d’Sich no enger gëeegenter Landeplaz lassgaangen. Just nach 30 Sekonne Sprit hate si u Bord, wéi schlussendlech een Astronaut gefunkt huet „The Eagle has landed“.

Den Neil Armstrong, als éischte Mënsch iwwerhaapt, konnt de Mound betrieden. Direkt hannendrun war den Edwing „Buzz“ Aldrin, dee viru kuerzem esouguer zu Besuch bei eis an der Philharmonie war (dës Kéier ouni Rakéit).

Den éischte Spadséiergank vum Apollo-Programm huet 2 an eng Hallef Stonn gedauert. Bei uschléissende Missiounen huet d’Besatzung dës Zäit ëmmer erëm probéiert ze toppen, wouduerch een bei der Apollo 17 ganzer 22 Stonnen op der Mounduewerfläch bliwwen ass.

Ähnlech Sujeten Apollo 11, Buzz Aldrin, Michael Collins, Moundlandung, NASA, Neil Armstrong, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel