Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 56 Joer Till Lindemann
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – 56 Joer Till Lindemann

Mat senger déiwer dominanter Stëmm ass de Sänger als Rammstein-Frontmann

Keng Revolutioun a keng Experimenter
International Kultur Neiegkeeten Stories

Keng Revolutioun a keng Experimenter

Si si Staatspartei, äerzkonservativ an houfreg drop. Den Transfert vun

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen
International Kultur Neiegkeeten Stories

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen

Hie war en engagéierten, jo e passionéierte Politiker, deen sech

What the Fakt – Dem Picasso säi „Guernica“ iwwerlieft een Attentat

What the Fakt – Dem Picasso säi „Guernica“ iwwerlieft een Attentat

Bei engem Akt vu Vandalismus ass dem Pablo Picasso säi Meeschterwierk „Guernica“ am Museum of Modern Art zu New York mat de Wierder „Kill Lies All“ bespréit ginn. De Vandal selwer gouf direkt festgeholl, déi rout Faarf konnt komplett ewech gemaach ginn, ouni datt d’Bild beschiedegt ginn ass.

D’Persoun, déi dës Attack duerchgefouert huet konnt spéider als Tony Shafrazi identifizéiert ginn. Dobäi ass hien op den drëtte Stack vun der Gallerie gaangen an huet virun den Ae vu faszinéierte Museumsvisiteuren eng Spraydous aus der Täsch gezunn. Schliisslech huet hien iwwert dat ganzt Anti-Krich-Bild déi riseg Buschtawe verdeelt.

Schüler, déi zu dësem Zäitpunkt am Musée waren, konnte beschreiwen, datt de Shafrazi haart „Ech sinn ee Kënschtler“ geruff huet, ier hie vum Sécherheetspersonal ugespronge ginn ass. Der Police erzielt de Vandal, datt hie mat dëser Aktioun op seng kënschtleresch Oder opmierksam maachen an d’Wourecht weise wollt.

Ënnerhalb vun enger Stonn huet eng professionell Ekipp et fäerdeg bruecht, d’Geschmiers vum Meeschterwierk aus dem Joer 1937 erof ze kréien. Glécklecherweis war nämlech um Bild, dat de Picasso als Reaktioun op de Faschismus gemoolt huet, mat enger décker Kusch Lack protegéiert.

Guernika

Nobildung vum Meeschterwierk a Form vu Plättercher an der Stad Gernika © Papamanila

De Picasso an den New Yorker Musée

D’Wierk „Guernica“ huet de Kënschtler dem Museum of Modern Art am Fong just fir eng gewëssen Zäit geléint. Den eigentleche Wëlle vum Artist war et, datt d’Bild iergendwann nees a seng Heemescht Spuenien zeréck kënnt. Ee Joer virun dësem faarwegen Attentat ass de Kubist, Expressionist a Surrealist allerdéngs gestuerwen, wouduerch de Musée et dunn gehalen huet.

Vandalismus ass generell eng grouss Angscht vu Muséesdirekteren. Och ee Wierk vum Michelangelo ass am Mee 1972 beschiedegt ginn, souwéi eng Jesus-Statue aus Marmer. Dës Figur hat ee Visiteur uerdentlech mat engem Hummer beaarbecht, bis datt si a Stécker zerfall ass.

De spuenesche Kënschtler am Joer 1962

Bedeitung vum „Guernica“

Op 27 Quadratmeter (351 x 782 cm) geet de Pablo Picasso géint de Bombardement vun der Stad Gernika am Baskenland vir. Vu verschiddene Kritiker gëtt säi Wierk souguer als „Mona Lisa“ vum 20. Joerhonnert bezeechent.

Am Januar 1937 hat d’Regierung dem Kënschtler, den zu Paräis gelieft huet, den Optrag zu engem Bild fir de spuenesche Pavillon op der Weltausstellung an der franséischer Haaptstad ginn. Am Ufank wollt hien eng onpolitesch Kompositioun erstellen, déi vir d’Fräiheet vun der Konscht stoe sollt. Nodeems um 26. Abrëll 1937 d’Stad Gernika bombardéiert ginn ass, huet den Artist schnell d’Thema vum Bild geännert.

Tëscht dem 1. an 9. Mee 1937 huet de Picasso duerch 46 Studien d’Kompositioun vum Bild festgeluecht. Sou sollt lénks ee Stéier stoen, dem säi Schwanz brennt, an der Mëtt ee Päerd an eng Fra. Déi ganz Zeen gëtt vun engem Schierm vun uewe beliicht. Dobäi ass dat ganz Bild am monochrome Faarwspektrum gehalen. Duerch déi vill Ecker an Zerstéckele kann een hei op de Stil vum Kubismus schléissen.

Déi genau Interpretatioun vum Picasso sengem Guernica soll folgend sinn: De Stéier steet als Symbol fir de spéidere spueneschen Diktator Francisco Franco. D’Aen, déi a verschidde Richtunge kucken, weisen drop hin, datt hie vir d’éischt nokuckt, dann awer sech ewech hält. Säi brennende Schwanz symboliséiert de Krich, den entfacht gëtt. Donieft gëllt d’Päerd als Zeeche fir dat gequälte Spuenien. Déi verschidde Personnagen um Buedem representéieren déi zerbrachen Zaldoten. D’Feier mat der Fra dran fält duerch seng siwe Flamen op, déi generell fir de Weltënnergang stinn. D’Wiesen an der Fënster soll als Retter vu Spuenien ugesi ginn.

Esou huet sech de Kënschtler mat immens vill Symbolcharakter a Chaos fir d’Onsënnegkeet vum Krich ausgeschwat. Och haut nach kéint dëst Bild op déi divers Krichszoustänn a Konflikter iwwerdroe ginn – et ass zäitlos!

Picasso

Quellen:

Opmaacherbild: © Sucesión Picasso

Ähnlech Sujeten Faschismus, Gernika, Guernica, Museum of Modern Art, New York, Picasso, Spuenien, Tony Shafrazi, Vandalismus, Weltausstellung Paräis, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel