Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!

Eng Kéier d’Stonn soll den Zuch tëscht Lëtzebuerg a Wittlich

Polizist: Keen einfachen „Job“
International Kultur Neiegkeeten Stories

Polizist: Keen einfachen „Job“

Op Meschelsdag, an dat huet Traditioun, éiert d‘Police hire Patréiner

Brasilien betrëtt eng nei Ära
International Kultur Neiegkeeten Stories

Brasilien betrëtt eng nei Ära

Wa sech Rio de Janeiro zum Joreswiessel vu senger entspaanter

What the Fakt – D’Aweiung vum Paräisser Schandfleck!

What the Fakt – D’Aweiung vum Paräisser Schandfleck!

Op den Dag genau ass sinn et 130 Joer, datt den weltwäit bekannten Eiffeltuerm ageweit ginn ass. Dobäi war de risege Eisenkoloss an der franséischer Haaptstad am Ufank esou richteg onbeléift. Säin Erbauer, de Gustav Eiffel, huet sech allerdéngs méi wéi zefridde mat sengem Wierk gewisen!

„Et muss ee sech een Ament ee lächerlechen Tuerm virstellen, den wéi ee risegen düstere Fabrikschaarchtech Paräis iwwertrompt, muss sech virstellen, wéi all eis Monumenter gedemütegt ginn, all eis Bauten verklengert ginn, bis si an dësem Albdram verschwannen“, mat dëse Wierder erkläeren den Alexandre Dumas an den Guy de Maupassant, stellvertriedent fir all d’Artisten an der Zeitung „Le Temps“ den haut esou beléiften Eiffeltuerm.

18. Juli 1887: D’Metallschinne vum Westpfeiler ginn ubruecht.

De Chantier huet am Joer 1887 ugefaangen. Dat éischt Stéck stoung mol nach net, do huet den Tuerm schonns masseg Kritik vun der Gesellschaft, sou wéi Protester vun de Kënschtler op sech gezunn. No e bësse méi, wéi 2 Joer stoung dem Gustav Eiffel, franséischen Ingenieur, deen um 15. Dezember 1832 zu Dijon gebuer ginn ass, säi weltberühmten Meeschterwierk am romantesche Paräis.

20. Mäerz 1888: D’Halschent ass bal gepackt.

Datt den Eiffeltuerm d’Kréinung vun der Weltausstellung 1889 sollt sinn, ass mëttlerweil deene Meeschten bekannt. Donieft sollt de monumentale Bau awer och den honnertste Joresdag vun der Franséischer Revolutioun éieren. Mat der Erëffnung um 31. Mäerz ass déi ganz gesellschaftlech Opreegung immens schnell verflunn, wouropshin bal 2 Millioune Persounen fir d’Weltsausstellung op den Eisenkoloss erop geklommen sinn. D’Pläng, fir den Tuerm no 2 Joer nees ofzebauen, ware mat dësem Erfolleg schnell op d’Säit geluecht.

Kuerz ier déi éischt Visiteuren déi 312 Meter vum Gustav Eiffel sengem Tuerm eropklamme sollten, war et awer fir unzefänken um Meeschter selwer, fir op der Spëtzt de franséischen Tricolore opzestellen. Et sollt ee bedenken, datt den Paräisser Eiffeltuerm zwar schonn deemools ee Lift ht, deen allerdéngs bei der Aweiung nach net funktionéiert huet.

De Gustav Eiffel (lénks) op der Spëtzt vu sengem Meeschterwierk.

Nach ëmmer esou onbeléift?

Mëttlerweil besichen pro Joer méi wéi 7 Millioune Joer de Eisenkoloss, woumat dëst Monument zu de meescht besichte Gebaier op der ganzer Welt zielt. Donieft ginn et awer nach e puer immens interessant Fakten iwwert dëst Meeschterwierk:

  • Am Wanter schrumpft den Eiffeltuerm. Duerch d’Keelt zitt sech d’Eisen ëm 4 bis 8 Zentimeter zesummen.
  • D’Zëmmer um drëtte Stack: Den Architekt Gustav Eiffel huet sech zu Liefzäiten eng gemitterlech Stuff ageriicht, déi een och nach haut erhalen ass.
  • Keng Foto vun der Beliichtung maachen! De glitzereschen Effekt, mat dem den Eiffeltuerm owes heiansdo beliicht ass, sollt op Fotoen léiwer am Privatbesëtz bleiwen. Dës Beliichtung ass nämlech vum Auteur geschützt an esou kéint een no senger Vakanz Post vun engem franséischen Affekot Heem kréien.
  • De Wäert vum Eiffeltuerm louch 2012 bei 434 Milliarden Euro. Esou wier et op alle Fall materialtechnesch gekuckt, wann een alleguerten d’Eenzeldeeler verkeeft.
  • Déi grouss duerchlächert Giraff: De berühmte Schrëftsteller Guy de Maupassant huet nach méi Kritik un der eiserner Lady ausgeüübt. Esou huet hien den Tuerm als ellen duerchlächert Giraff beschriwwen.
  • Reklamm fir Citroen: An den 20er an 30er Joer hunn iwwer 250.000 Bieren de Schrëftzuch „Citroen“ iwwert den Eiffeltuerm gezunn. Duerno ass d’Monument ni méi fir Reklamme benotzt ginn.
Ähnlech Sujeten Eiffeltuerm, Gustav Eiffel, Konscht, Monument, Paräis, Weltausstellung, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel