Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schonn déi 25. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“
birmingham dating restaurant

Schonn déi 25. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“

Ob sech d‘Jongen an d‘Meedercher, déi viru gutt engem Véierelsjoerhonnert

example of dating headline profile
birmingham dating restaurant

https://moien.lu/kiev-matchmaking/

Méintelaang ass sech gestridde ginn a „verbal Handgräiflechkeeten“ hunn den

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS
birmingham dating restaurant

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS

Am Munnerefer Thermalbad, gëtt dësen 10. November e „Weltraum-Nomëtteg“ ofgehalen,

What the Fakt – Leschte Bali-Tiger virun 81 Joer erschoss

What the Fakt – Leschte Bali-Tiger virun 81 Joer erschoss

De 27. September 1937 gouf op der klenger indonesescher Insel Bali de leschten Tiger mam nämmlechten Numm erschoss. Domat ass eng Ära vun dëser Ënnerspezies zu Enn gaangen an fir ëmmer ausgestuerwe.

De Bali-Tiger gehéiert zur Gattung vun der Panthera an zur Famill vun de Grousskatzen. Den Tiger war am Géigensatz zu senge Verwandten zimlech kleng. Seng Schëllerhéicht louch bei ongeféier 60 cm an war 2 Meter laang. Mat knapp 100 Kilogramm war dëst Déier och net besonnesch schwéier.

D’Grousskatz vun der indonesescher Insel hat den donkelste Pelz vun allen Tigerzorten. Opfälleg ware virun allen déi kleng schwaarz Punkten tëschent de wäisse Sträifen an de Bauch war komplett wäiss.

Scho virun der Juegd goufen et wuel net vill Bali-Tigeren, spéiderhin hunn si sech zum Schutz an Biergregiounen zeréckgezunn. Am Ufank hunn déi Eenheemesch d’Grousskatz wéinst „béise Geeschter“ an rituelle Grënn gejot. Am 16. Joerhonnert war d’Juegd fir europäesch Siidler zum Sport ginn. Si wollten de lästegen Tiger lassginn an hir nei Errongenschaft mat Heem huelen.

Et ass schued, datt de Bali-Tiger, wéi och vill aner Déierenaarten ausgestuerwen oder kuerz virdru sinn. All Joer stierwe méi wéi 1000 Déierenzorten duerch Aflëss vum Mënsch aus. Dëse Verloscht vun eiser Aartevillfalt ass net réckgängeg ze maachen an dréit och Risike fir eis.

Iessen, Waasser a Medezin hänken enk mat engem fonktionnéirenden a gesonden Ökosystem zesummen. Duerch de Verloscht vun der Aartevillfalt geréit och d’Existenzgrondlag vum Groussdeel vun der Weltbevëlkerung a Gefor.

Et wier gutt wa mol jiddweree bësse matdenkt an eis Natur schätzt. Mir hunn schliisslech nëmmen eng Äerd.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Ausstierwen, Bali-Tiger, Ëmwelt, Juegdtrophäen, Natur, WWF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel