Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
FIFA-WM: Washington mécht Stëmmung géint Russland
International Kultur Neiegkeeten Stories

FIFA-WM: Washington mécht Stëmmung géint Russland

„Passt op är Handyen an är Computer oder Tabletten op,

Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
International Kultur Neiegkeeten Stories

Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“

A geléister a kollegialer Atmosphär, hunn sech gëschter um Krautmaart

money
Uni-Lëtzebuerg: Kompetent am Finanzsecteur zocken
International Kultur Neiegkeeten Stories

Uni-Lëtzebuerg: Kompetent am Finanzsecteur zocken

Mam Value-Investing-Certificate erweidert de Kompetenzzenter vun der Universitéit Lëtzebuerg seng

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!

Déi wuel weltwäit berühmtste Popp kritt eng 6 vir! Trotz héijem Alter huet d’Barbie sech nach ëmmer gutt gehalen a faszinéiert mat hirer immens schlanker Figur, dem sympathesche Gesicht an et ass och nach ëmmer keng eng Fal ze gesinn an hirem makellose Gesiicht! Zemools Kanner geroden an d’Stralen, wa si mat der Barbie-Popp spillen, se anescht undoen a friséieren dierfen.

D’Erfindung vun der Kult-Popp

Ursprénglech huet si eigentlech Lilli geheecht an entstamt enger Zeechnung vum Karikaturist Reinhard Beuthin, déi hien 1952 geschaf huet. Deemools sollt d’Lilli esou eppes wéi ee Lückefüller fir d’Zeitung sinn a sech um Pin-Up-Look inspiréieren. A scheinbar ass hir Madamm esou gutt ukomm, datt d’Redaktioun vun der Bild sech entschloss huet, eng Popp nom Virbild vun der Zeechnung ze produzéieren.

barbie

D’Lilli an der Bild-Zeitung

Bei enger Europarees am Joer 1959 huet d’Ruth Handler, Matbegrënnerin vum US-Spillsaachekonzär Mattel, d’Lilli entdeckt an huet d’Figur hirer Duechter als Cadeau matbruecht. Nodeems si gemierkt huet, datt hiert Meedche méi mam Lilli spillt, wéi mat anere Spillsaache koum schliisslech d’Iddi op, eng Popp op de Maart ze bréngen, der hir Kleeder ee wiesselen an d’Welt vun den Erwuessenen nospille kann. Esou huet d’Ruth Handler éischt Entwerf gemaach, an och een Numm huet si schnell parat gehat: De Spëtznumm vun hirer Duechter Barbara – also Barbie – huet sech als perfekt fir de Projet erausgestallt!

Barbie

D’Ruth Handler an de 50er Joer

Am selwechte Joer konnt d’Barbie-Popp op der New Yorker Spillsaachefoire „American Toy Flair“ presentéiert ginn. Säithir ass et fir d’Madamm aus Plastik steil Bierg op gaangen! Duerch déi enorm Nofro ass hiren Numm zum Synonym fir Moudepoppe weltwäit ginn an et huet sech een eenzegaartegt Barbie-Imperium gebild.

Déi meescht kritiséiert Fra weltwäit!

Bei der Barbie-Popp scheeden sech d’Geeschter: vun deenen enge gëtt si als villfälteg Spillsaach gefeiert, vun deenen anere ginn hiert onrealistesch Fraebild enorm kritiséiert.

Vun Ufank un representéiert d’Popp d’Schéinheetsidealer vun der jeeweileger Zäit. Esou konnt ee si an de 50er Joer mat geföhnter Tolle am Pony, schwaarz-wäiss gesträiftem Maillot a Sonnebrëll am Geschäft fannen. Deemools konnt een se fir 3 Dollar kafen, woubäi d’Verkafszuelen no engem Joer bei sportlechen 350.000 verkaaften Exemplare louchen.

Rechent een hir Moossen ëm, esou misst si eng Figur vun 99-46-84 hunn. A wéi eng Fra huet schonn eng Taille vu 46 Zentimeter, wa se net grad 4 Rëpper operativ ewech geholl krut? An der realer Welt wier eng Fra – esou Wëssenschaftler – mat dësem Kierper net liewensfäeg. Eleng den Ënnerleiw géif net genuch Plaz fir d’Organer loossen.

barbie

Den éischte Modell vun der Barbie aus dem Joer 1959

Och hautdesdaags huet sech un der Kierperform vun der Barbie net vill geännert, sou datt si vu Kritiker als fraefeindlech ofgestempelt gëtt. Bei jonke Meedercher soll d’Plastik-Popp d’Selbstbewosstin net wierklech stäerken an am schlëmmste Fall souguer zu Iessstéierunge féieren. Dës Virwërf klengen extrem, wann ee bedenkt, datt mir nach ëmmer vun enger Spillsaach schwätzen. Trotzdeem sinn dës Behaaptungen net ganz falsch: Enger Etüd vun der Sussex Universitéit zu London soll bewisen hunn, datt Meedercher méi ee geréngt Selbstbewosstsinn besëtzen a sech no engem méi schlanke Kierper seenen, wa si mat Barbien gespillt hunn.

Natierlech huet d’Industrie op d’Kritik reagéiert a mat der Zäit de Kierper vun der Madamm ugepasst. Esou ass hire Virbau verklengert ginn, d’Taille an de Kapp méi grouss, d’Been an d’Bauchpartie verkierzt ginn. An awer entsprécht d’Popp nach ëmmer net der Realitéit. Dobäi kéint ee sech jo och einfach emol agestoen, datt eng Spillsaach net dem reale Bild enstprieche muss. Schliisslech hu mir Mënschen och keen esou een eckege Kierper wéi eng Lego-Figur an engem Bier sollt een an fräier Natur vläicht och net onbedéngt hannendru lafen, fir ze schmusen.

Erstaunlech Fakten zur Barbie

  • Weltwäit gëtt all dräi Sekonnen eng Barbie-Popp verkaaft

  • Déi éischt Barbie hat ee schwaarz-wäiss gesträifte Maillot un

  • D’Plastik-Popp huet schonn iwwert 40 Nationalitéite verkierpert

  • Déi meescht verkafte Barbie ass „Totally-Hair-Barbie“ vun 1992. Hir Hoer si bis un d’Féiss gaangen.

  • Déi pink Faarf entsprécht Pantone 219C (fir Designer relevant)

  • De Barbie-Syndrom ass eng psychesch Krankheet, bei der d’Leit versichen, der Popp esou ähnlech, wéi méiglech ze sinn.

  • Si ass mat engem Bekanntheetsgrad vun 100% méi bekannt wéi Google

  • Ronn 100 Millioune Meter Stoff veraarbecht de Konzär Matell fir d’Kleedung vun der Plastik-Popp. Domat ass Matell ee vun de gréisste Kleedungshiersteller vun der Welt.

Am Endeffekt kann d’Barbie frou sinn, datt si net gëschter, um Internationalen Dag vun de Fraen erauskomm ass. Soss géif si wuel mat nach méi Kritik liewe mussen, wéi elo schonn. Mir kënnen d’Virwërf a gewësser Weis novollzéien, denken awer, datt een eng Spillsaach ni ze eescht huele soll. All Kand sicht sech schliisslech selwer eraus, op et léiwer mat den Autoen oder de Poppe spillt, egal op Meedchen oder Jong!

Quellen:

Ähnlech Sujeten 60 Joer, Barbie, Lilli, Plastik-Popp, Spillsaach, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel