Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher
https://moien.lu/ourtime-dating-site-cancellation/ Neiegkeeten https://moien.lu/online-dating-someone-far-away/

most successful dating sites canada

Haut gëtt a Slowenien e neit Parlament gewielt, an de

online dating references
https://moien.lu/ourtime-dating-site-cancellation/ Neiegkeeten https://moien.lu/online-dating-someone-far-away/

Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland

E Freidegmoien ass op der Plëss d‘Ouverture vun der Lëtzebuerger

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches
https://moien.lu/ourtime-dating-site-cancellation/ Neiegkeeten https://moien.lu/online-dating-someone-far-away/

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches

„Wat eng Welt, woaw!“ Den Donald Trump betrëtt d‘Zeen, installéiert

What the Fakt – D’Paräisser Bluddwoch a seng dausenden Affer!

What the Fakt – D’Paräisser Bluddwoch a seng dausenden Affer!

Scho virun der Zäit vun de Giele Gileten ass et bei eise franséischen Noperen zu bluddegen a brutale Virfäll komm. Ried ass hei vun der Paräisser Bluddwoch, déi den 21. Mee 1871 ugefaangen huet. Bei dëser bluddeger Woch wollt d’Arméi aus Frankräich d’Stad zeréck erueweren.

Paräis stoung ënnert der Kontroll vun enger sozialistescher Regierung, déi ee schnellstméiglech wollt lassginn. Um haitegen Dag virun 148 Joer sollt an de Gäert vun den Tuilerien ee risegt Fest organiséiert ginn, woubäi d’Truppen ënnert dem Kommando vum Generol Douays ugefaangen hunn, an d’Stad anzemarschéieren.

Vill Plaze ware relativ schlecht bewaacht, wouduerch et een einfacht Spill war onbemierkt anzetrieden. Nodeems allerdéngs ee Member vun der Kommune bei enger einfacher Kontroll d’Läiche vun den Wiechter fonnt huet, ass am Stadhaus een eenzege Chaos ausgebrach. Wärend sech op de Stroossen lëschteg Gestalte getommelt hunn, d’Mënschemasse gedanzt a gelaacht hunn an d’Opféierungen am Theater strubbelvoll waren, sinn op Uerder vun der Regierung Barrikaden opgebaut ginn.

Si hätte mat der Attack rechne missen, an awer ware si esou onvirbereet, wéi een nëmmen hätt kënne sinn. Wou déi géigneresch Trupp mat gudder Taktik virgaangen ass sinn d’Zaldote vun der Kommune onkoordinéiert, vereenzelt a mat wéineg Erfarung a Kraaft iwwerall an néierens ronderëm geiert. Wien ze vill Angscht hat, huet sech an dëser Bluddwoch an den Haiser verstoppt an op d’Befreiung gehofft. Anerer hu sech op d’Barrikade getraut, an esou hunn och zuelräich Frae gehollef ze kämpfen.

Bluddeg Woch

D’Kämpf sinn bei de Kommunarden déidlech ausgaangen

Knapp 2 Deeg drop konnten d’Zaldote vun der Kommune esou wäit zeréck gedréckt, datt si keng aner Méiglechkeet méi gesinn hunn, wéi de Géigner duerch brennend Haiser an d’Flucht ze schloen. Dobäi haten si d’Rechnung ouni dat dréchent Wieder zu Paräis gemaach, wouduerch d’Feier sech nach méi schnell verbreede konnt. Dobäi koumen d’Geisele vun der Regierung, déi aus 42 Gardisten an zuelräiche Frae bestanen hunn. Si sinn an der Rue Rosier erschoss ginn, ier bei der Madeleine-Kierch nach weider 300 Persounen higeriicht goufen.

D’Bluddwoch huet sech dem Enn zougeneigt an esou koum Freides, den 26. Mee den erléisende Reen, wouduerch d’Feier geläscht konnt ginn. Mat Regierungsgruppen aus dem Westen, a preiseschen Zaldoten, déi vun de Fransousen ëm Ënnerstëtzung gebiede gi sinn an aus dem Osten a Paräis agetruede sinn, wouduerch d’Kommune keng Chance méi hat. De Kierfecht Père-Lachaise als leschte Stëtzpunkt, dee vu ronn 200 Zaldote verdeedegt ginn ass, konnt ageholl ginn. Un der Mauer vun der Kommune (Mur der Fédérés) sinn si erschoss ginn.

Bluddeg Woch

Gedenktafel vun der Mur des Fédérés um Kierfecht Père Lachaise © Rama

D’Affer an Zuelen

D’Paräisser Läiche sinn a provisoresche Massegriewer ënnerbruecht ginn. Et konnt een 6.667 Kommunarden zielen, déi schliisslech op ëffentlech Kierfechter verluecht gi sinn. Déi franséisch Arméi zielt no der Bluddwoch 877 Doudeger, 6.454 Blesséierter an 183 Vermësster. De Verloscht vun der Kommune läit vill méi héich, mat de genannte 6.667 confirméierten Doudegen. Et gëtt allerdéngs geschat, datt déi net-confirméiert Zuelen un Doudegen tëscht 10.000 an 20.000 leien.

Als Zeeche vum Courage vun der Arméi sinn um Père Lachaise divers Denkmäler opgeriicht ginn. Och d’Mauer vun der Kommune ass mat engem Schëld „Aux Morts de la Kommune 21.28. Mai 1871“ gekennzeechent ginn. Nach haut gëtt dës Plaz mat Blummen dekoréiert.

Opmaacherbild: D’Kommunarden op de Barrikaden op der Place Vendôme

Quellen:

Ähnlech Sujeten Arméi, Bluddwoch, Commune, Frankräich, Kommune, Paräis, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel