Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 7
transgender coventry dating Neiegkeeten gratis nederlandse dating app

https://moien.lu/nuchal-dating-scan-nhs/

Och dës Woch hu mer erëm e puer Wierder ausgesinn,

jaebum dating 2017
transgender coventry dating Neiegkeeten gratis nederlandse dating app

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass

Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell

Claire Laffut um Siren’s Call 2019
transgender coventry dating Neiegkeeten gratis nederlandse dating app

Claire Laffut um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

What the Fakt – Mat Blutt-Spende fir d’Liewen!

What the Fakt – Mat Blutt-Spende fir d’Liewen!

De 14. Juni dréit sech weltwäit ëm d’Spenden vum Blutt. Um Welt-Blutt-Spende Dag (World Blood Donor Day WBDD) soll dorop opmierksam gemaach ginn, datt an de Spideeler dës Liewensessenz gebraucht gëtt. Natierlech geet an dësem Kader ee grousse Merci un all Spender eraus!

Blutt ass eng immens wäertvoll Ressource, déi souwuel fir Traitementer, wéi och bei Urgencen heefeg gebraucht gëtt. De Patienten, déi ënnert liewensbedreeleche Krankheete leiden hëlleft déi rout Kierperflëssegkeet méi laang a mat méi Qualitéit ze liewen. Och bei komplexe medezineschen a chirurgeschen Agrëffer gi Blutt-Spenden oft gebraucht.

Blutt-Spende

Wisou gëtt et dësen Dag?

De Welt-Blutt-Spende Dag geet op d’Initiativ vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO, der Internationaler Organisatioun vum Routkräiz- an Routhallefmoundgesellschaft, d’International Society of Blood Transfusion an d’International Federation of Blood Donor Organizations am Joer 2004 zeréck. Genau dës véier Organisatioune setze sech op der ganzer Welt dofir an, datt séchert Blutt op Basis vu fräiwëllege Spender ofgeholl gëtt.

De 14. Juni ass aus dem Grond gewielt ginn, wëll et de Gebuertsdag vum éisträichesche Patholog a Serolog Karl Landsteiner (1868-1943). Am Joer 1901 huet hien den AB0-System vun de Bluttgruppen entdeckt, wouduerch hie knapp 30 Joer méi spéit den Nobelpräis an der Medezin iwwerreecht krut.

Blutt-Spende kuerz gefaasst

Als Blutt-Spend gëtt de fräiwëllegen Don vun enger gewësse Quantitéit u Blutt (normalerweis 0,5 Liter) bezeechent. Alter, Gewiicht a Gesondheetszoustand sinn entscheedend Kritären, op een als Spender a Fro kënnt:

  • Et muss een op mannst 18 Joer an net méi wéi 70 Joer al sinn
  • D’Gewiicht muss iwwer 50 Kilogramm leien
  • Bluttdrock, Bols an Hämoglobin-Konzentratioun mussen normal sinn

Eng Blutt-Spend selwer dauert ongeféier 10 Minutten, allerdéngs sollt een awer am ganze ronn 90 Minutten aplangen, fir déi ganz Virbereedungen an d’Ausrouen duerno mat anzerechnen. Virum Agrëff sollt een eng Klengegkeet giess hunn a keng ze vill ustrengend kierperlech Aktivitéiten absolvéiert hunn.

Blutt-Spende

An no der Spend?

Am Labo gëtt d’Zesummesetzung vum Blutt iwwerpréift. Uschléissend ginn nach Tester duerchgefouert, fir verschidden Infekter an Antikierper (AIDS, Syphilis, Gielzecht,…) ausschléissen ze kënnen. Gi keng Anomalie fonnt, da gi fir d’éischt all onbrauchbar Elementer eraus gefiltert. Uschléissend ginn an der Zentrifuge déi rout Bluttkierpercher, Bluttplättchen an de Plasma vunenee getrennt. Duerno kommen d’Blutt-Produiten an d’Endveraarbechtung, gi beschrëft a bis an déi verschidde Spideeler bruecht.

De Kierper vum Spender brauch ronn 6 bis 8 Wochen, fir dat gesamt gespent Blutt nees ze ersetzen. Och wann een déi 500 Milliliter manner am Kierper direkt net spiert, esou sollt een nom Don net direkt nees Héichleeschtungssport bedreiwen. D’Blutt-Spende beschiedegt dobäi weder d’Venen, nach ginn et gesondheetsschiedlech Risiken.

Weider Informatiounen zum Thema Blutt-Spend kritt een iwwregens op der Säit vum Roude Kräiz.

Blutt-Spende

D’Aufgabe vum Blutt

Transport: D’Blutt transportéiert de Sauerstoff vun de Longen zu de Kierperzellen, an deenen de Sauerstoff fir de Stoffwiessel gebraucht gëtt. De Kuelendioxid bréngt d’Blutt uschléissend nees zeréck bei d’Long, fir dëse Stoff auszeootmen. Donieft ginn och Nährstoffer, Hormoner an Offallstoffer transportéiert.

Regulatioun: Verschidde Wäerter am Kierper ginn duerch déi rout Kierperflëssegkeet bestëmmt. Heizou gehéiert beispillsweis d’Kierpertemperatur, déi duerch d’Fléissgeschwindegkeet an d’Gréisst vun eisen Odere reguléiert gëtt. Bei erweiderten Odere leeft d’Blutt nämlech méi lues, wouduerch mir Hëtzt ofginn.

Schutz: Bei enger Blessur verklumpe Bestanddeeler vum Blutt zesummen, sou datt d’Wonn schnell zougeet an de Kierper virun ze héijem Bluttverloscht geschützt ass. Déi wäiss Bluttkierpercher spillen eng essentiell Roll beim Immunsystem.

Laut dem Roude Kräiz spenden all Joer 13.000 Mënsche fräiwëlleg an ouni Belounung hiert Blutt. Fir datt de Stock erhale bleift musse konstant nei Spender – dorënner besonnesch jonk Leit – aktiv ginn. Wien elo zu Lëtzebuerg spende wëll ka sech ënnert der Nummer 27 55-4000 mellen oder sech am Blutttransfusiounszenter an der Stad Lëtzebuerg androe loossen.

Ähnlech Sujeten AB0-System, Blutt-Spende, Rhesus, Rout Kräiz, Weltgesondheetsorganisatioun, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel