What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op
Haut op den Dag genau ass et 260 Joer hir, datt ee vun de bekanntste Muséeën vun der britescher Haaptstad dem Publique d’Dieren opgemaach huet. Dobäi huet de British Museum sech mat der Zäit vun enger ellener, voll gestalter Spëndchen zu engem kulturelle Gebai vum Wëssen entwéckelt.
Schonn als Kand huet de Grënner vum Musée, de briteschen Hans Sloane , divers Géigestänn, déi hien interesséiert hunn, gesammelt. Wat soll ee soen, säin Interessi louch quasi an allem. Zur Zäit vun der Opklärung huet hien zu de biergerlechen Akademiker gehéiert: hien hat Platz, Zäit a finanziell Mëttel. Esou hat hien an der Mëtt vum 18. Joerhonnert ronn 80.000 Géigestänn gesammelt, déi hien a Katalogen agedroen a beschriwwen huet.
Zur Zäit vun der Opklärung gouf weltwäit d’Wëssen zesumme gedroen, an esou huet den Hans Sloane d’Géigestéck zur Enzyklopedie gebueden. Zu Liefzäite war seng Sammlung schonn immens bekannt a gouf vum Kinnek als Éier fir Groussbritannien duergestallt. Trotzdeem ass d’Kinnekshaus zimlech an d’Schweesse komm, wou de Sammler seng Objeten no sengem Dout 1753 dem Kinnek an der Heemecht vermaach huet. Weder Plaz, nach Sue stoungen zur Verfügung, fir d’Sammlung weider ze ënnerhalen.
De British Museum an der Ufankszäit
Et besteet Hoffnung
Dëst ëmfangräicht Ierwe sollt net verluer goen, an esou huet Groussbritannien eng Staatslotterie organiséiert. D’Tickete waren immens schnell verkaaft an esou ass dem Staat 100.000 £ iwwereg bliwwen, wat eng éischt Sécherung fir d’Sammlung bedeit huet.
A sengem Testament huet den Hans Sloane ënnerstrach, datt d’Objeten an engem Musée gewise musse ginn, fir esou de Virwëtz an d’Wëssensgier vun alle Mënschen ze befriddegen. Et sollt jiddwerengem op dëser Plaz méiglech gemaach ginn, ënnerriicht ze ginn an eppes dobäi ze léieren.
Schlussendlech huet de Staat ee Gebai fonnt, wat als Musée sollt déngen: ee futtist, aalt Härenhaus zu Bloomsbury. Um 15. Januar 1759 huet de „Museum Britannicum“ seng Dieren opgemaach. D’Freed sollt net vu laanger Dauer sinn. Pro Stonn huet de besoffene Concierge just 15 Visiteuren era gelooss, déi schnell vun dëser „Rumpelkammer“ ungeeekelt a schockéiert waren. Verschidde Leit hunn et als Kuriositéitekabinett beschriwwen, wou een herno genau esou schlau ass wéi virdrun.
Vum „Ihh“ zum „Ohoo“
Mëttlerweil zielt de britesche Musée all Joer iwwer 5,5 Millioune Visiteuren. Den deemools éischten ëffentleche Musée iwwerzeegt mat Mythen a Legenden, kuriéisen Objeten, historesche Stécker an zäitgenëssescher Konscht. Zemools d’Mumie schéngen hei groussen Interessi beim Publikum ze weisen. Ënnert anerem ass och de Steen „Rosetta“ hei ze gesinn, ee Fragment vun enger Steel, deen dobäi gehollef huet d’Hieroglyphen ze entschlésselen.
Rosettasteen © Nina Aldin Thune
De Musée bleift och haut dem Grondsaz vum Grënner trei an esou ass et eng sougenannten „Sammlung vun der Welt. Jiddweree kann hei Stécker spenden, déi, wann se ugeholl ginn, just ënnert spezielle Konditiounen (beispillsweis wann et een Duplikat ass) dierfen zeréck gi ginn. Esou kommen och Objeten, wéi doudeg Katzen oder vum Biwer ofgeknabbert Äscht mat an d’Sammlung eran.
Vun den iwwert 8 Millioune gesammelte Géigestänn ginn ongeféier 80.000 dem Publique gewisen. De Rescht befënnt sech am Keller a gëtt archivéiert, wann sech emol een dofir interesséiere sollt. Trotzdeem kann een all Objet online nosichen.
Och eng riiseg Bibliothéik kann een hei fannen. D’Vermëttlung u Wëssen gëtt hei grouss geschriwwen. © Diliff
Méi zum Musée
Bei dëser riseger Sammlung huet een de Musée missen a verschidde Beräicher andeelen. Sou fënnt een an 10 verschiddenen Departementer ALLES zu den asiateschen an afrikanesche Länner, zu Europa, der Urgeschicht, Antiquitéiten, Zeechnungen a villes méi.
Nach ëmmer gëllt de Grondsaz, datt d’Wësse jiddwerengem soll zougänglech sinn. An esou ass dëse Musée, wéi déi meescht zu London, fräi zougänglech. Duerch déi grouss Villfalt sollt een genuch Zäit aplangen, fir de Musée ze besichen. Vu Leit, déi schonn do ware gëtt dës Plaz als immens beandrockend, weltklasse an sensationell beschriwwen. Do kann ee just roden, wéinstens ee Mol am Liewen eng Visitt am British Museum anzeplangen!
Méi Informatioune ginn et ënnert www.britishmuseum.org
Opmaacherbild: © Steff / CC BY-SA 3.0
Quellen:.