Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Optakt vun der COP25 zu Madrid
dating white man in namibia Neiegkeeten fortnite custom matchmaking keys 2018

https://moien.lu/online-dating-site-in-switzerland/

Nach iert et zu Madrid mat der UN-Klimakonferenz COP25 konnt

https://moien.lu/witty-profile-dating/
dating white man in namibia Neiegkeeten fortnite custom matchmaking keys 2018

Am Interview: De Sebastian Fitzek kann ëmmer nach gutt schlofen

De Sebastian Fitzek gehéiert zu den absolute Gréissten vun der

Ferdinand Magellan: De Weltëmseegeler, deen ni ukomm ass
dating white man in namibia Neiegkeeten fortnite custom matchmaking keys 2018

Ferdinand Magellan: De Weltëmseegeler, deen ni ukomm ass

Och wann de Ferdinand Magellan déi laang Rees iwwert déi

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass

What the Fakt – Wéi aus perséinlechen Ëmstellungen „Changes“ vum David Bowie entstanen ass

De brittesche Sänger ass wuel ee vun den exzentreschste Mënschen aus der Museksgeschicht. Mat senger Konschtfigur Ziggy Stardust a Lidder wéi „Space Oddity“ huet hien sech weltwäit ënnert de populäerste Popstaren etabléiert. Haut viru genau 47 Joer ass d’Single „Changes“ erauskomm, déi, wéi den Numm et scho seet, mat enger Rei Verännerungen am Liewe vum Museker verbonne war.

Am Dezember 1971 huet de Bowie säi véierte Studioalbum, mam Numm Hunky Dory, erausbruecht. Ënnert de 15 Lidder kann een direkt als alleréischt „Changes“ (op Lëtz. „Verännerungen“) fannen, ee Lidd, wat um 7. Januar 1972 als Single op de Marché koum. Et ass wuel ee vun de stäerksten Alben, den hien a senger Karriär opgeholl huet. Den Noriichtesender BBC definéiert Hunky Dory als Mëschung aus engem Broadway Musical an engem Bild vum Salvador Dali, wat schliisslech den Ufank vum Kënschtler senger Glamrock-Phas markéiert.

War et dach am Ufank ee Folkie mat laangen Hoer huet de Sänger mat de Joren ëmmer nei Rollen erfonnt, an deenen hie komplett opgaangen ass, dorënner och den Ziggy Stardust, eng Figur, déi vun der Mëllechstrooss erofgefall ass an mat sengem orange Vokuhila, dem gesträiften Overall an de roude Gummisstiwwelen direkt opfält. Nieft de ville Wandlunge vu senge Konschtfiguren gouf et awer och Elementer, déi säi Liewe verännert hunn, wouduerch hien als Kënschtler ee Lidd dozou schreiwe misst.

David Bowie

Exzentrik pur! Den David Bowie faszinéiert mat senge verschiddenen Konschtfiguren.

Ch-ch-ch-ch-changes!

Zu Liefzäiten huet de Bowie selwer erkläert, datt d’Lidd am Ufank éischter eng Parodie war, déi net hätt solle verëffentlecht ginn an eigentlech an der Poubelle lande sollt. Trotzdeem ware virun allem jonk Leit vum Lidd begeeschtert a konnten sech komplett mam Text identifizéieren. Mat dem Succès hätt de Museker net gerechent a sou huet hien d’Lidd méi ausgeschafft a verbessert.

Generell ass et ee Lidd mat nodenklechem Charakter, mam Message, datt ee sech géint d’Kritiker wieren an ee selwer soll sinn. Natierlech huet de Kënschtler sech zu dëser Zäit nees selwer erfonnt, an dat duerch d’Changementer a sengem Liewen. Dem Bowie seng Fra war zu dëser Zäit schwanger, wouropper de Sänger immens stolz war. Hiert éischt Kand ass den Optimismus, den bei „Changes“ duerch schéngt.

Mat dem gestotterten „Ch-ch-changes“ bleift d’Melodie an de Refrain immens gutt am Gediechtnes an ass sou zu engem, vu senge bekanntste Lidder ginn.

Iwwert den David Bowie

Den David Robert Jones ass den 8. Januar 1947 zu London gebuer ginn an huet sech scho frei, nieft senger Leidenschaft, dem Pantomim, och der Musek zougewennt. Seng éischt Zäit als Folksänger war net esou erfollegräich, wouduerch hien ee Studium am tibetanesche Buddhismus ugefaangen huet. Am Joer 1969 huet de Sänger „Space Oddity“ erausbruecht, wouduerch hien zu internationaler Bekanntheet koum.

Mat senger exzentrescher Aart, senge kuriéise Bühnenoptrëtter an de verschiddene Konschtfiguren huet hie reegelméisseg seng Fans begeeschtert an ass esou zu engem vun de bekanntste Museker weltwäit ginn. Och als Schauspiller huet hie sech probéiert, an dat beim Film „Prestige – Die Meister der Magie“, wou de Sänger d’Roll vum Tesla gespillt huet.

Um Dag vu sengem 69. Gebuertsdag koum säin neien a leider leschten Album „Blackstar“ eraus. Nëmmen zwee Deeg méi spéit, um 10. Januar 2016, stierft den David Bowie zu New York u Kriibs.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Changes, David Bowie, Hunky Dory, Musék, Space Oddity, What the Fakt, Ziggy Stardust
Nächsten Artikel Virrechten Artikel