What the Fakt – déi éischt Klon-Katz gëtt gebuer
Dat séisst wäiss-grot Pelzknäuel mam Numm Copy Cat gesäit net wierklech aussergewéinlech aus. Um 22. Dezember 2001 hu Fuerscher aus Texas déi éischt gekloonte Katz per Keeserschnëtt op d’Welt komm. Et ass ee ganz besonnesche Moment fir d’Wëssenschaft!
Scho säit längerer Zäit schaffe Fuerscher weltwäit drun, Objeten a Liewewiese perfekt ze klonen. 1996 ass hinnen dat mam schottesche Schof Dolly gelongen, wat uschléissend eng Well u weideren Experimenter lassgetrueden huet. Den John Sperlin, Millionär aus Nordamerika, wënscht sech näischt méi, wéi datt och säin Hond Missy nees zu him zeréck kennt an éiweg liewe kann. Doropshin investéiert hie ronn véier Milliounen Euro an texanesch Fuerscher, déi säi Wonsch erfëlle sollen.
Bei villen Déieren ass et hei wuel einfach, ee Klon ze erstellen. Net esou bei Hënn, wëll d’Eezelle méi schwéier eraus ze huele sinn. Dofir hu si sech als éischt Erausfuerderung un eng Katz getraut. Aus den 188 Eezelle-Fusioune sinn 82 Embryoen entstanen, déi siwe Mammen ageplanzt goufen. De ganzen Opwand huet mat enger eenzeger lieweger Katz: dem Copy Cat (CC).
D’Copy Cat mat senger Leimamm, dem Allie.
© Larry Wadsworth/Texas A&M College of Veterinary Medecine &Biomedical Sciences
Wat déi meescht vun eis iwwerrasche wäert ass wuel, datt de Katzebebe net déi selwecht Faarf, wéi seng Zellkärspenderin huet. Wärend d’Rainbow mat Gro, Wäiss an Orange gemustert ass, huet d’CC just Gro a Wäiss am Pelz, mat enger ganz anerer Musterung. Vun de Genen hir sinn déi zwou Katze komplett identesch. Majo d’Faarf vum Pelz gëtt awer net eleng vun de Gene bestëmmt. Och bei anere Facteuren ënnerscheeden déi zwee Déiere sech. Am Géigesaz zu senger „Mamm“ ass d’Copy Cat schlank, verspillt an immens virwëtzeg.
D’Fuerscher ënnersträichen heibäi, datt ee beim Klone keng identesch Kopie vun engem Mënsch oder Déier maache kann. Laut dem Bioethiker Lanzerath ass et just eng Illusioun, datt mir vun eisem Genom gläich kéinte sinn. Et sollt een d’Zukunft vum Klone virsiichteg betruechten, wëll een esou kee Liewewiesen nees zum Liewen erwäche kann. Si hu keng Bezéiung zum Mënsch an och net d’Erënnerunge vum Zellkärspender.
Et sinn Experimenter, déi enorm vill Geld kaschten a wou d’Erfollegsquot nach déif läit. An der Fuerschung ass ee fir d’Laboen awer ganz interesséiert u gekloonten Déieren, wëll esou neurologesch Erkrankungen oder d’Entwécklung vu Medikamenter besser getest kenne ginn.
Am Joer 2008 ass de Klon vum Hond Missy op d’Welt komm. An awer war et keng identesch Kopie vum Sperlin sengem Hausdéier. Ee verstuerwene Frënd kritt een nu emol net zeréck. Besser ass et hei, bei een Ziichter oder an d’Déierenasyl ze goen, fir engem Déier mat ähnlechen Eegeschaften een neit Liewen ze bidden.
Quellen: