Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend
Kultur Neiegkeeten

EU-Sommet: De forcéierte „Migratiouns-Accord“ ass net zefriddestellend

D’Europäer hunn hire Sträit am Dossier „Migratioun“ net bäigeluecht kritt.

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden
Kultur Neiegkeeten

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden

No de Wahlen, ass, virun de Wahlen. Esou zumindest sollt

angry
Reform vum Aarbechtsrecht dréift d‘Leit op d‘Strooss
Kultur Neiegkeeten

Reform vum Aarbechtsrecht dréift d‘Leit op d‘Strooss

En hat et versprach an en zitt et duerch. Dem

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!

Metalheads opgepasst: Haut kënnt Dir op de Gebuertsdag vum Corey Taylor mat engem gudde Béier ustoussen! De Sänger vu Slipknot a Stone Sour gëtt haut 45 Joer jonk. D’Moien Redaktioun wënscht alles Guddes!

Um 8. Dezember 1973 gëtt de Corey Taylor zu Iowa gebuer. Schonn als Teenager léiert hien déi spéider Membere vu Slipknot kennen. 1992 decidéieren déi 9 Kollegen eng vun den haut legendäersten Nu-Metal Bands ze grënnen. Deemools heescht d’Grupp nach The Pale Ones, spéider Meld, bis datt de Batteu Joey Jordison schlussendlech mam Numm Slipknot ukoum.

Am Ufank hu si sech mat groteskem Make-Up d’Gesiicht onkenntlech gemaach. Fir hiren Anti-Image weider ze entwéckele setzen si schliisslech Masken op a faszinéieren ëmmer méi Metal-Fans mam dreiwende Beat vun 3 Batterien, den haarde Gittarriffs a virun allem mam kräftegen aggressive Klang vum Corey Taylor senger Stëmm, déi einfach perfekt mat den Instrumenter an der béiser, provokativer Stëmmung wärend de Concerten harmoniséiert.

Als Teenager huet de Sänger mat senger Drogesucht ze kämpfe gehat, Mat der Hëllef vu senger Groussmamm ass hien schliisslech nee sop de richtege Wee komm.An enger éischter Zäit huet de Sänger, wärend 3,5 Joer, an engem Sexshop geschafft an niewebäi Musek gemaach. Nodeems Slipknot, als kontrovers diskutéiert Nu-Metal- an Alternativ-Metal-Band, net méi duer gaangen ass, a seng musikalesch Kreativitéit no méi Diversitéit gejaut huet, ass et 2002 fir d’Band Stone Sour, ee Projet aus dem Corey senger fréier Jugend, viru gaangen.

Momentan pendelt de Sänger ëmmer tëschent den zwou Bands, deemnächst steet awer nees eng Tour mat Slipknot um Programm.

Vu sengem Privatliewen ass bekannt, datt de Corey Taylor dräi Kanner huet, all aus verschiddene Bezéiungen. Momentan ass hie mam Stephanie Luby bestuet. An dëse schmocke Kärel, den op der Bühn dach esou aggressiv jäizt an mat enormer Kraaft performt, ass am Privatliewen ee buedemstännegen a feinen Typ vun niewendrun.

Mir sinn gespaant op den neien Album vu Slipknot, déi befier stoend Tour a wat eis déi nächst Joer mat dësem talentéierte Museker wuel nach erwaarde wäert!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Corey Taylor, Metal, Musék, Slipknot, Stone Sour, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel