Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un
International pass dating eastern european dating uk botswana dating online

dating fossils millions of years old

Et ass eng Première an d‘Freed huet een dem Direkter

WTO-Chef warnt virun de Gefore vum Handelskrich
International pass dating eastern european dating uk botswana dating online

WTO-Chef warnt virun de Gefore vum Handelskrich

All Mënsch weess datt et déi ganz Welt ass, déi

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?
International pass dating eastern european dating uk botswana dating online

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?

Et kann ee wuel nach net vun engem harmonesche Verhältnis

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha

Wien elo denkt, datt déi vun der Moien-Redaktioun se net méi all hunn, läit elo vläicht net ganz falsch. An awer bezitt sech den haitegen Dag um d’Release vum Lidd „Da Da Da“ vun der Band Trio am Joer 1982. D’Wierk ass, trotz banalem Text a Minimalismus, zur Zäit vun der Neuen Deutschen Welle duerch de Plafong geschoss an huet d’Mënschen zum matsangen animéiert.

Sou muncher Een huet sech bestëmmt scho gefrot, wisou dat emotiounslost Lidd mat relativ blödem Text wuel als Meeschterwierk betitelt gëtt. Och zur Zäit vun der Neuen Deutschen Welle – eng Bezeechnung fir déi däitsch Variant vum Punk an New Wave aus den 80er Joer – ass d’Lidd schonn als „Blödelsong“ ofgestempelt ginn, an awer konnt een einfach net ewech lauschteren.

Den Hit ass 1981 entstanen, wou déi dräi Band-Memberen am Keller vun hirem Haus geprouft hunn. Bemol ass dem Sänger Kralle Krawinkel eng Iddi an de Kapp geschoss an sou huet hie säi bëllegt Spill-Keyboard  vu Casio mat erof bruecht. Um Keyboard huet de Museker dunn de bekannte „plickplockplick“ Beat ugemaach an dobäi „ La La La!“ gesongen. Schlussendlech ass dorausser dunn de bekannten„Da Da Da“ entstanen.

Trio

D’Keyboard, duerch dat d’Iddi entstanen ass© Jyoti Mishra

Wat engem hei als Dommheet virkënnt ass schliisslech an 30 Länner ee risegen Hit ginn an Trio gouf mat Gold a Platin ausgezeechent. Just kuerz virun der Verëffentlechung vun hirer éischter LP hunn d’Museker awer de Feeler gemaach, hir Telefonsnummer vun der WG dem Publikum fräi eraus matzedeelen. Natierlech ass do den Hörer net laang roueg bliwwen an déi dräi Männer hu scho bal missen eng Aart Call-Center opmaachen, fir all d’Gespréicher entgéint ze huelen – jo, si hu wierklech all Uruff selwer entgéint geholl.

De ganzen Erfolleg war dem Trio awer schnell ze vill. Jorelaang hu si mat Rock’n’Roll Bands probéiert bekannt ze ginn, a vun enger Sekonn op déi aner haten déi Dräi déi ganz Opmierksamkeet. Trotzdeem hu si sech immens vill Méi ginn, dem Drock Stand ze halen, och wann dat oft just mat Party- an Alkoholexzesser ze packe war.

Si maachen net de Geck!

D’Markenzeeche vun Trio war de minimalistesche Stil. D’Käeriddi war ni, ironesch Texter ze schreiwen, mee zeréck bei déi musikalesch Wuerzelen ze goen a mat wéineg vill ze erreechen. Datt si sech deiert Equipement net leeschte konnten, war natierlech just eng Niewesaach.

No véier Joer op der Bühn huet de Succès ugefaangen ze bréckelen. De réie reduzéierte Klang stoung net méi am Virdergrond an d’Band-Memberen hu sech lues awer sécher ausenaner gelieft. Bei der Opnam zum leschte Lidd „What’s the Password“ konnt de Batteur Peter Behrens schonn net méi aktiv deelhuelen, well hien am Prisong souz. Mat der Zäit ass et vir de Grupp ëmmer méi Bierg of gaangen, bis si schliisslech 1986 decidéiert hunn opzehalen.

„Da Da Da“ huet sech am Ganze ronn 13 Millioune Mol verkaaft. D’Band Trio ass een ideaalt Beispill fir ee steilen Opstig mat haardem Fall an der däitscher Pop-Konscht.

Opmaacherbild: Trio (v.l.n.r.) Krawinkel, Behrens, Remmler © Havelbaude

Quellen:

Ähnlech Sujeten Da Da Da, Neue Deutsche Welle, Trio, Welthit, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel