Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie
International Kultur asian dating site melbourne dating guys red flags

https://moien.lu/free-dating-website-spain/

Bei der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Genève ginn se onroueg. Enn

making the perfect dating profile
International Kultur asian dating site melbourne dating guys red flags

D’Aarbechtslosenzuelen an Europa bleiwen am Dezember stabil

Am Verglach zum November 2017 huet sech am Dezember wéineg

Iraner beschlagnahmen op en neits en Tanker am persesche Golf
International Kultur asian dating site melbourne dating guys red flags

Iraner beschlagnahmen op en neits en Tanker am persesche Golf

D‘Revolutiounsgarden am Iran hunn eegenen Aussoen no, e weideren Tanker

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!

Et ass well déi 22. Editioun vum internationalen Noise Awareness Day, och Dag géint de Kaméidi. Dëst Joer steet de geräichvollen Aktiounsdag ënnert dem Motto „Alles haart oder wat?“. Dobäi geet et virun allem ëm d’Sensibiliséierung zu den Auswierkunge vum Kaméidi, sou datt d’Liewensqualitéit däitlech verbessert ka ginn. Elo gëllt et awer emol bëssi d’Rou ze genéissen!

Scho säit dem Joer 1995 gëtt den internationalen Dag géint de Kaméidi vum amerikanesche Verband fir Gehéiergeschiedegter organiséiert. Dobäi geet et virun allem dorëm, datt ze vill Kaméidi der Gesondheet enorm schued. Schonn een niddrege Geräich-Pegel ka souwuel zu Stress féieren, wéi och eise Schlof stéieren an d’Konzentratioun an d’Kommunikatioun beanträchtegen.

Dobäi spillt net nëmmen d’Lautstäerkt eng Roll, mee och d’Aart vum Geräisch. Schliisslech huele mir d’Plätschere vu Waasser oder Gezwitscher vu Villercher méi angenehm a berouegend op, wéi beispillsweis d’Summe vun enger Mustik oder och d’Schnaarche vum Partner.

Dag géint de Kaméidi

D’Auswierkunge vu Kaméidi

Ob Geräischer als Stéierung empfonnt ginn, ännert vu Persoun zu Persoun, mee et hänkt och vun e puer Facteuren oft. Allgemeng gëllt, datt ee Geräisch mat steigender Lautstäerkt och als gréisser Stéierung ugesi gëtt. Dobäi ka Kaméidi eng Rëtsch gesondheetlech Problemer mat sech bréngen, wou bäi et vu Schiet um Gehéier bis hin zu Kreeslaferkrankunge komme kann. Folge vu stänneger Aussetzung vu Kaméidi si beispillsweis:

  • Beanträchtegung vun der Sprooch an der Kommunikatioun
  • Schlofstéierungen
  • Kreeslafbedéngt Krankheeten
  • Hormonell Stéierungen, mat Konsequenze fir de Stoffwiessel an den Immunsystem
  • Beanträchtegung vun der Leeschtungsfäegkeet
  • Beanträchtegung vum soziale Verhalen

An dësem Kader féiert d’Welt-Gesondheetsorganisatioun (WHO) all Joer eng Etüd zum Ëmweltkaméidi duerch. Heibäi ënnersichen si beispillsweis d’Konsequenze vum Kaméidi vum Verkéier, wouduerch een erausfanne konnt, datt all Europäer op mannst 1 Millioun gesond Liewensjoren duerch haart Geräischer an der Ëmwelt verléieren.

Dobäi gëtt geschat, datt an der EU an a weidere westeuropäesche Länner 61.000 gesond Liewensjoren duerch ischämesch Häerzkrankheete verluere ginn. Donieft ginn 903.000 Joer duerch Schlofstéierungen drop, 45.000 Joer duerch kognitiv Beanträchtegunge bei Kanner, 22.000 Joer duerch Tinnitus an 587.000 Joer duerch immens Belästegung.

Dag géint de Kaméidi

Wat kann een do maachen?

Wéi haart et am Alldag wierklech hiergaangen ass mierke mir oft eréischt, wann et roueg ass. Dobäi muss ee wëssen, datt Schiet um Gehéier net geheelt gi kënnen. Wann d’Gehéier nämlech ze laang ze vill Kaméidi ausgesat ass kënnen d’Sënneszellen am Ouer ofstierwen, wou duerch mir ëmmer manner gutt héieren. Et ginn awer verschidden Tipps, wéi ee géint de Kaméidi ukämpfe kann:

  • Musek mat Kopfhörer net ze haart lauschteren
  • Bei haarde Concerten oder och an der Disco Ouerestëpp undoen
  • D’Oueren zou hale bei kuerzzäitegem Kaméidi
  • Onnéideg Geräischer vermeiden
  • Fir Pause suergen op enger roueger Plaz

Mir hoffen, datt Dir esou och nach an 20 Joer „Oho!“ sot, amplaz „wat gelift?“.

Ähnlech Sujeten Daf, Dag géint de Kaméidi, Kaméidi, What the Fakt, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel