Search

You may also like

1sur4.lu – Wëll psychesch Erkrankunge keng Seelenheet sinn…
Neiegkeeten

1sur4.lu – Wëll psychesch Erkrankunge keng Seelenheet sinn…

Am Laf vum Liewe leit, statistesch gesinn, 1 vu 4

D’Philharmonie mécht seng Diere fir déi nei Saison de 17. September op
Neiegkeeten

D’Philharmonie mécht seng Diere fir déi nei Saison de 17. September op

Nodeems déi lescht Saison ënner aussergewéinleche Bedéngungen am Juli hiren Enn geholl

Trotz Covid19 halen d‘Britten un der Brexit-Roadmap fest
Neiegkeeten

Trotz Covid19 halen d‘Britten un der Brexit-Roadmap fest

Déi sanitär Kris huet op der Insel esou zimlech all

What the Fakt – Dag vum Knätsch

What the Fakt – Dag vum Knätsch

Et ass vläicht een zéien Ulooss, awer haut ass am Kalenner vun de kuriose Feierdeeg den Dag vum Knätschgummi (engl. National Chewing Gum Day). Obwuel de moderne Knätsch iwwert 150 Joer al ass, weess keen sou wierklech wien den Erfanner ass a wisou dësen Dag an d’Liewe geruff gouf.

Scho virun 9000 Joer hunn d’Mënsche gär op gummiartegem Material ronderëm geknat. Et gouf nämlech Bamhaarz mat Zännofdreck fonnt, obwuel een hautdesdaags éischter dovun ausgeet, datt se d’Material wollte mëll kréien.

Déi modern Variant vum Knätschgummi geet op den John B. Curtis zeréck, den 1848 den éischte Knätsch mam Numm The State Of Maine Pure Spruce Gum op de Maart bruecht. Well hie kee Patent ugemellt huet gëllt, no der Konkurrenz aus Paraffinwues, den Amos Tyler als éischte Patentinhaber vum Knätsch.

Weltwäit ginn all Joer méi wei eng hallef Millioun Tonn vun der zéier Mass verbraucht. Mëttlerweil gi Geschmacksrichtunge souguer vu Menthol, iwwert Kanéil op Apel.

Déi eng knaen en wëll se d’Zänn net wëlle wäschen, déi aner well et entspanend ass. No enger japanescher Etüd soll de Knätschgummi wa méiglech och Konzentratioun an d’Opmierksamkeet steigeren, well méi Sauerstoff an d’Gehier kennt. Fakt ass: de Knätsch steet op Platz 1. vun der weltwäiter Séissegkeetenindustrie.

Quellen:

 

Related topics Chewing Gum, Dag vum Knätsch, Knätsch, Konzentratioun
Next post Previous post