Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

75.000 Gäscht um WOA
dating sites west vlaanderen Stories

poly lifestyle dating site

Gëschter war de Startschoss vum 30. Wacken „Rock‘n Fuck‘n Roll“

speed dating greensburg pa
dating sites west vlaanderen Stories

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm

Am Kader vum 100 järege Gebuertsdag vun der Internationaler Astronomen

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!
dating sites west vlaanderen Stories

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!

Um 22. Mäerz 2019 hunn d’Familljen- an Integratiounsministesch Corrine Cahen,

What the Fakt – Haut den Dag vum Kuschelen!

What the Fakt – Haut den Dag vum Kuschelen!

Déi bescht Method sech u kale Wanterdeeg waarm ze halen ass wuel mat Frënn, sengem Partner oder dem Hausdéier ze kuschelen. Et ass een häerzlechen, kuriéise Feierdag, den zum Ufank vum Joer richteg Freed mëscht! Dobäi huet dësen Ausdrock vu Léift net nëmme wiermend Eegenschaften, mee nach vill méi Virdeeler.

Genau Informatioune wisou dësen Dag entstanen ass a wien en agefouert huet sinn leider net ganz kloer. Et kann een awer emol dovun ausgoen, datt de sougenannten „Cuddle Up Day“ aus den USA kennt, d’Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten an de kuriéisen Iddien. Wisou ee grad haut déi häerzlech Aktioun zelebréiere sollt ass genau sou wéineg gewosst. An awer ass et ee flotten Ufank fir dat neit Joer!

Grouss Virdeeler fir de Kierper an d’Séil

Beim Kuschele gëtt Oxytocin ausgeschott. Generell ass et ee sougenannten „Bindungshormon“, wat d’Vertrauen an een anert Liewewiesen a sozial Verbannunge stäerkt. Et soll och hëllefe Péng ze reduzéieren, wat bei kale Muskelen a Wéi an de Gelenker zum Virdeel gëtt. Beim Ausstouss vum Hormon kennen och Häerzkrankheete reduzéiert, Blutthéichdrock gesenkt, Stress an sozial Ängscht agedämmt ginn. Do kann ee scho bal soen, datt d’Medezin Kuschelen als deiert Medikament géif op de Marché bréngen, wann et keng gratis Aktioun wier.

Kuschelen

Virun allem déi däischter Wanterzäit ass ideal fir ze schmusen. Et gëtt einfach wéineg, wat een ënnerhuele kann, schonn eleng doduerch, datt et sou frei däischter ass. Do gëtt et bal näischt Besseres, wéi Kierperkontakt an den Austausch vu Wiermt. Wien generell dozou tendéiert, u Wanterdepressiounen ze leiden, kéint sech duerch Kuschelen ee Stéckche selwer hëllefen.

Ee schéine Beweis fir d’Léift

Dat Bescht um Kuschelen ass nach ëmmer, datt jiddwereen et zu all Zäit maache kann. Onofhängeg vu Geschlecht, Alter, Origine, Kultur, Bildung oder Glawe féiert Schmusen garantéiert zum Gléck, an dat ganz ouni Niewewierkungen!

Do wënsche mir dann emol ee rouegen, entspanenden a kuschelegen Owend, mat wiem och ëmmer Dir wëlles hutt, an de Genoss vu Léift an noem Beienee-Sinn ze kommen. Een angenehme Sonndeg!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Gléckshormoner, Kuschelen, Léift, Oxytocin, Schmusen, What the Fakt, Wiermt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel