Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stad Lëtzebuerg: „Mir feiere vum 7. bis 10. Juni Nopeschfest!“
Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: „Mir feiere vum 7. bis 10. Juni Nopeschfest!“

An eiser Haaptstad huet d‘Nopeschfest mëttlerweil Traditioun an och entspriechend

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger
Kultur Neiegkeeten

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger

Gëschter huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) eng Konventioun zur

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
Kultur Neiegkeeten

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

What the Fakt – Haut ass den Dag vun de Chrëschtbullen

What the Fakt – Haut ass den Dag vun de Chrëschtbullen

Et ass net méi laang bis Helleg Owend. Do ass et net verwonnerlech, datt och d’Kugelen um Chrëschtbeemchen een Éierendag verdéngt hunn.

Mëttlerweil gëtt et se an alle Forme, Faarwen a Gréissten. All déijéineg, déi der Traditioun noginn a fir dës besënnlech Zäit ee Beemchen opgeriicht hunn, kommen net dolaanscht en och ze dekoréieren, sief et mat engem Faarwkonzept oder enger Thematik, Lametta, Luuchten, Bullen a Figuren oder einfach queesch duerch de Gaart alles gemëscht.

Ee symbolkräftegen Objet

Ouni Ufank an Enn stellt d’Onendlechkeet vun enger Bull d’Vollkommenheet duer. Dobäi erënnert se staark un d’Symbolik vum Apel, de generell un d’Feierlechkeeten zum Enn vum Joer denke léist. Am Mëttelalter huet een als Erënnerung un Adam an Eva fir de 24. Dezember de Paradäisbaam mat rouden Äppel dekoréiert.

An der kaler Zäit vum Wanter huet een dunn iergendwann ugefaangen nieft dem Apel oder Nëss a Gebäck un de Beemchen ze hänken. Bei den Adelsfamillen ass d’Fruucht duerch Detailaarbecht mat Gold emmantelt an als wäertvollen Accessoire benotzt ginn.

Schlussendlech ass et den däitsche Glasbléiser ze verdanken, datt d’Chrëschtbullen an der haiteger Form existéieren. Am Joer 1870 hu si eng Technik erfonnt, woubäi si gliesene Kugelen, duerch ee Bannemantel aus Selwer, een eenzegaarteg blénkegen Effekt ginn hunn. Esou ass géint dem Enn vum 19. Joerhonnert den Apel lues a lues ofgeléist ginn.

Scho matgemaach?

An dësem Kontext erënnere mir eis Lieser nach emol un eist Gewënnspill, wat nach bis den 24. Dezember um 10:00 Auer leeft. Rot einfach mat, wéi vill Bulle mir un eisem Beemchen um Büro hänken hunn a gewannt mat e bësse Gléck eng Fläsch Gin am spezielle Moien-Design, begleet vu véier Fläschen Tonic Water. Et lount sech! Weider Informatiounen fannt Dir op eisem Site, matmaache kennt Dir op Facebook.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Adam an Eva, Chrëschtbeemchen, Chrëschtbullen, Chrëschtdag, Feierdeeg, Gewënnspill, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel