Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Weltflüchtlingsdag, erkläert
International Kultur cancer woman dating capricorn man download dating apps for java

celebs go dating eden blackman

Flüchtlingswell ass haut manner an der Press wéi virdrun. Mee

dating first cousins
International Kultur cancer woman dating capricorn man download dating apps for java

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam

Wann ee sech drop kann eenegen, datt Parkplazen am beschten

Eng Ausstellung déi eppes iwwert d‘Waasser erzielt
International Kultur cancer woman dating capricorn man download dating apps for java

Eng Ausstellung déi eppes iwwert d‘Waasser erzielt

E Freideg gëtt am Athenäum zu Lëtzebuerg, ënnert dem Patronage

What the Fakt – Den Dag vun der Aarbecht, mee wisou schaffe mir net?

What the Fakt – Den Dag vun der Aarbecht, mee wisou schaffe mir net?

Den 1. Mee ass ee Feierdag, vir genau ze sinn den Dag vun der Aarbecht. Dobäi kéint et engem jo paradox virkommen, datt déi meescht Persounen grad un dësem Dag NET hir Aarbecht ausüübe mussen. Erkläre léisst sech dës Verwirrung awer duerch déi historesch Ëmstänn!

Mir ginn zeréck an d’Joer 1886, wou sech an den USA dëse Feierdag entwéckelt huet. Am Géigesaz zu haut hunn am 19. Joerhonnert d’Mënschen Dag fir Dag schwéier kierperlech an de Fabrike schaffe missen, an dat oft iwwer 10 Stonnen den Dag, ouni Fräizäit a klenge Payen. Fir ze iwwerliewen hunn och d’Kanner missen hiren Deel bäidroen – u Vakanz war net ze denken. Donieft hat den Aarbechter deemools och bal keng Rechter, woubäi d’Aarbechtskonditiounen d’Situatioun ëmsou méi verschlëmmert hunn.

Esou konnt et einfach net weider goen an et kou, wéi et fréier oder spéider huet misse kommen: Eng Aarbechterbeweegung huet sech géint d’Mëssstänn opgeleent an um 1. Mee 1886 zu Protester opgeruff. De gewielten Datum sollt keen Zoufall sinn, wëll um éischten Dag am Mee liwweren d’USA traditionell al Kontrakter aus an stellen neier op.

1. Mee

Déi meeschtverbreeten Illustratioun vun der Haymarket-Affair vun 1886

Konkret Fuerderungen

Um sougenannte „Moving Day“ ass et de Streikende virun allem dorëm gaangen, datt hir Aarbechtszäiten op 8 Stonnen den Dag verkierzt ginn. Scho laang ass ëm dëst Recht gekämpft ginn, woubäi d’Gewerkschaften et an der Vergaangenheet just zu enger Verkierzung vun 13 op 10 Stonnen gepackt hunn. Natierlech wollt keen der steigender Wirtschaft vun der zweeter Well vun der Industrialiséierung entgéint stoen, an awer braucht den Individuum Pausen.

Esou hunn sech um éischten Dag vum Streik ronn 400.000 Beschäftegter aus 11.000 Entreprisen zesumme fonnt, fir ze protestéieren. Um drëtten Dag vum Streik ass et bei engem Treffen, zesumme mat Anarchisten a lénke Radikalen zu Chicago um Haymarket Square zu engem bluddegen Tëschefall mat enger Splitterbomm komm, wouropshin d’Police ugefaangen huet ze schéissen, Dobäi si 7 Polizisten a 4 Aarbechter gestuerwen.

No dësem extreme Virfall ass och Europa wakresch ginn, su datt sech eis däitsch Noperen 1890 mat Demonstratioune fir den 8-Stonnen-Dag agesat hunn. Mëttlerweil ass den 1. Mee zu engem Feierdag ginn, deen op alle Fall an Däitschland säit dem groussen Engagement vun der PSD am Joer 1919 stattfënnt.

1.Mee

© Asurnipal

Wéi feiert een zu Lëtzebuerg?

Bei eis am Land gëtt um Virowend vum 1. Mee gefeiert an, an de Feierdag eragedanzt. Villeruerts ze fanne sinn och Meekränz, déi vu Veräiner un d’Fassade vun Haiser am Zentrum vum Duerf, un der Gmeng oder Caféën ubruecht ginn. Déi heednesch Traditioun een Afferfest ze organiséieren hu mir zum Gléck bei Säit gelooss. Allerdéngs ass d’Traditioun vum Meekranz folgendermoossen entstanen:

Fir béis Geeschter ewech ze halen, huet een an Haiser, Scheieren an a Ställ geseent Kraider a geweit Palmenäscht ausgeluecht. Mat Kräid huet een uschléissend ee grousst Kräiz un d’Dier gemoolt an d’Zëmmer mat Wäiwaasser beaarbecht, vun deem een zum Schluss wuel och eng Schlupp geholl huet. Mëttlerweil beschränkt de Lëtzebuerger sech drop, frësch Blieder an Äscht ze sammelen, se zesummen ze flechten an un d’Dier oder d’Fassad ze hänken. Esou soll déi waarem, sonneg Joreszäit agelaut ginn, woubäi och net seelen de Meetrank a Stréime fléisst!

Ähnlech Sujeten 1. Mee, Dag vun der Aarbecht, Haymarket Square, Industrialiséierung, Meekranz, Meetrank, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel