Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘KPL zur Regierungserklärung
Kultur Neiegkeeten Stories

D‘KPL zur Regierungserklärung

No der Analys vum Regierungsprogramm an der Unhéierung vun der

Quiz: Wéi gutt kennt dir eis Gemengen?
Kultur Neiegkeeten Stories

Quiz: Wéi gutt kennt dir eis Gemengen?

Mir kenne keen, deen 9 Richteger an eisem Kanton Lëtzebuerg Quiz huet!
Kultur Neiegkeeten Stories

Mir kenne keen, deen 9 Richteger an eisem Kanton Lëtzebuerg Quiz huet!

Et ass vun der Populatiounszuel deen zweetgréisste Kanton zu Lëtzebuerg!

What the Fakt – Däitsche Punk-Rock mam Campino!

What the Fakt – Däitsche Punk-Rock mam Campino!

Als Sänger a Grënnungsmember vun der däitscher Grupp Die Toten Hosen huet de Campino no iwwer 30 Joer an der Zeen de Kultstatus erreecht. De Frontmann vun den doudege Boxen, deen eigentlech Andreas Frege heescht, huet haut eppes ze feieren: 57 Joer gëtt den Düsseldorfer haut al!

Um 22. Juni 1962 ass den Campino zu Düsseldorf op d’Welt komm. Schonns am jonken Alter ass hie mat der Punk-Musek a Kontakt komm, wouduerch hie sech selwer och dëser Zeen ugeschloss huet. D’Eltere waren net ganz esou glécklech mat dëser Entscheedung, mee nujee, esou ass d’Jugend. Säi Spëtznumm huet den Andreas Frege iwwregens an der Schoul kritt. Hei ass hien nämlech ëmmer bei Séissegkeeteschluechten am Klassenzëmmer mat de Kamelle vun der Mark „Campino“ zum gekonnte Wërfer ginn.

Mat zaarten 19 Joer huet dëse schmocke Kärel, dee schonn dräi Joer virdrun seng éischt Band hat, aus den zwou Düsseldorfer Punk-Gruppen „ZK“ an „KFC“ déi haut iwweraus beléift däitsch Band Die Toten Hosen gegrënnt. Mat Lidder wéi „Hier kommt Alex“, „10 kleine Jägermeister“ oder och „Unter den Wolken“ geet et fir d’Punk-Rocker just ee Wee: steil erop, an dat och elo nach!

Säi Privatliewe wëll de Museker léiwer vun der Ëffentlechkeet ewech halen. An engem Interview aus dem Joer 2017 mat RP-Online huet hien uginn „Soe mir esou: Ech si gesond, mir geet et gutt an donieft sinn ech och nach fest liéiert.“ D’Koppel konnt sech zu deem Zäitpunkt virstellen, sech an Zukunft ze bestueden. Een Datum géif et awer net ginn.

Campino

© Carla Meuer / Die Toten Hosen

Esou wéi säi Liewe verleeft, ass hien immens glécklech. „A leschter Zäit hunn ech ëmmer méi d’Gefill, ukomm ze sinn. Dat empfannen ech als immens schéin an et léisst mech och méi roueg ginn.“ Zesumme mat der Schauspillerin Karina Kwadczyk huet hien ee Bouf. Vergaangene Mäerz huet hien déi britesch Nationalitéit ugeholl an ass domat zum Duebelstaater ginn.

Als Rot fir Persounen, déi nach virun hirem 57. Gebuertsdag stinn, gëtt hien un, datt een déi wichtegst Feeler selwer maache muss. Wat batter wéi deet, verhält een och fir d’Zukunft. Wien akzeptéiert, datt et am Liewen ëmmer viru geet, an datt all Etapp seng eege Schwieregkeeten a Schéinheeten huet, dee ka glécklech a friddlech liewen.

Mir gratuléieren dem Campino häerzlech fir ee weidert Joer an wënschen nëmmen dat Bescht, an natierlech och vill nei an erfollegräich Lidder an Tournéeën, a kommender Zäit!

Ähnlech Sujeten Campino, Die Toten Hosen, Düsseldorf, Musék, Punk Rock, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel