Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Concours vun AL: Lëtzebuerger Wierder an Ausdréck
Kultur Neiegkeeten

Concours vun AL: Lëtzebuerger Wierder an Ausdréck

De Lex Roth proposéiert e Spill, bei deem et drëm

Volleyball D1: Fenteng motivéiert, Belair gutt opgestallt
Kultur Neiegkeeten

Volleyball D1: Fenteng motivéiert, Belair gutt opgestallt

Um Samschdeg stoungen sech um Belair déi zwou Equippe géinteniwwer,

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?

Fir déi puer Prozent un der „Spëtzt“ déi sech de

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!

De groussherzoglechen Haff freet sech iwwert de 35. Gebuertsdag vu S.A.R. dem Prënz Félix. Als zweet Kand vum Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa ass hien um 3. Juni 1984 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad op d’Welt komm.

D’Gebuertsdagskand dréit den Numm vu sengem Ur-Grousspapp Félix de Bourbon-Parme a steet op zweeter Plaz vun der Trounfolleg. De Prënz ass donieft och Ritterorden vum gëllene Léiw vun Nassau.

Um 13. Dezember 2012 huet den Haff d’Verlobung vu S.A.R. Dem Prënz Félix an der Mademoiselle Claire Lademacher bekannt ginn. Ee Joer méi spéit, um 21. September ass d’Koppel an der Basilika vu Sainte Marie-Madeleine zu Saint-Maximin-la-Sainte-Baume bestuet ginn.

Mëttlerweil sinn de Prënz Félix an d’Prinzessin Claire Eltere vun engem Meedchen – der Prinzessin Amalia Gabriela Maria Teresa, dat um 15. Juni 2014 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte gebuer ginn ass – an engem Jong. De klenge Prënz Liam Henri Hartmut huet um 28. November 2016 zu Genf an der Clinique Générale-Beaulieu d’Liicht vun der Welt erbléckt. Zesumme wunnt d’Famill an Däitschland.

Prënz Félix

©  Cour grand-ducale / Lola Velasco

Och als Prënz muss een an d’Schoul

Nodeems de Prënz Félix d’Primärschoul zu Luerenzweiler besicht huet, ass et fir hien an de Stater Sainte-Sophie, an uschléissend an d’American School of Luxembourg gaangen. Am Joer 1998 duerft hien an der Schwäiz am Collège Alpin International Beau Soleil an d’Schoul goen. No 5 Joer Studium duerft de Prënz Félix säin Ofschloss-Diplom entgéint huelen.

A Groussbritannien sollt hien déi royal militäresch Akademie Sandhurst besichen, woubäi hien allerdéngs duerch medezinesch Grënn éischter huet missen ophalen. Trotzdeem wollt de Prënz aktiv bleiwen an huet verschidde Stagen absolvéieren, fir esou professionell Erfarung ze sammelen. Schliisslech ass hie vun 2005 bis 2009 am Beräich Marketing a Public Relations an enger nennenswäerter Schwäizer Firma agestallt ginn, déi op sportlech a kulturell Evenementer spezialiséiert ass.

Prënz Félix

© Cour grand-ducale / Christian Aschman

Nodeems de Prënz Félix seng Leidenschaft fir wëssenschaftlech a philosophesch Prinzipien, sou wéi d’Ethik fonnt huet, wollt hien onbedéngt nees studéieren a konnt 2013 säi Master an der Bioethik erfollegräich ofschléissen. Säit dem selwechte Joer geréiert hien, zesumme mat senger Fra, der Prinzessin Claire, d’Wäingidder vum Château les Crostes a Südfrankräich.

Sou wäit et säi Kalenner zou léisst,, probéiert de beschäftegte Prënz, Mann a Papp reegelméisseg un den Aktivitéite vun der groussherzoglecher Famill deelzehuelen. Esou probéiert hie beispillsweis bei den offiziellen Zeremonien, wéi Nationalfeierdag oder der Oktav dobäi ze sinn.

Des weideren…

Säit 2003 ass de Prënz Félix Schirmherr vum Fallschiermsprangverband Cercle Para Luxembourg, Fédération Aéronautique Luxembourgeoise (FAL). Als leidenschaftleche Basketballspiller ass hien donieft och säit 2004 Schirmherr vun der Fédération luxembourgeoise de Basketball (FLBB). Virun 3 Joer huet hie schlussendlech de Virsëtz vun der Vereenegung Lorgues Terre de Vins ugeholl. Dës Grupp u Wënzer huet als Zil, hir Gemeng zu engem beléifte Reeszil an der Provënz ze entwéckelen.

Prënz Félix

© José Ribeiro

Wann hien emol Fräizäit huet spillt de Prënz Félix immens gären Tennis, Golf a Polo, woubäi hien och eng besonnesch Virléift fir Liichtathletik, Fallschiermsprangen, Kitesurfing a Waasserski huet. Schonn a jonke Joren huet dat haitegt Gebuertsdagskand sech fir de Wantersport begeeschtert an huet esou beandrockend Fäegkeeten an der Skiakrobatik, dem klassesche Slalom, Riseslalom a Snowboard entwéckelt.

Opmaacherbild: © Cour grand-ducale / Olivier Polet

Ähnlech Sujeten Cour Grand-Ducale, Gebuertsdag, Prinzessin Claire, S.A.R. Prënz Félix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel